Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee dat ass den Globi Kropemann. Photo ET
|
D’ Simonetta ass dem Kropemann
fortgelaf,
T’ leeft ausser Otem vun Bréissel
bis bei den Xav.
“Xav, den Globi vun Bre’issel
ass den Kropemann,
Ech fäerten dien elo mat senger
Kropestaang!”
“Grüezi” sot den Xav, “hei ass
alles méi formal.
Et gëtt keen begladdert, Ech
stinn hei ouni Schal,
Mam Hiem an der Box, net ewéi
sou een Tsirpas,
An mat Kravatt, well dat jo den
Protokoll ass.”
Am Hotel de Bourgogne, wéi dat
dann esou ass,
Hunn déi zwee dunn d’ Angela
an Juncker beschass.
Sie hunn geschwat iwwert d’
Gletscheren déi schmëlzen,
An Commerzbank, déi krut jo och
e puer Bëlzen.
D’ Simonetta souz laang beim
Luxemburgerli,
“Dat hei ass awer anescht wéi
mat dem Globi!
An wann Ech nach eng Kéier mat
deem ze dinn hunn,
Gleef mer, dann deet dat hei awer
eng Burka un!”
No comments:
Post a Comment