Wednesday, December 7, 2011

Den Asselborn ass ee Knéckjang!


“Schon wieder eine Goldene!”






Ass dat do een Péckvillchen? Nee, dat ass een Knéckvillchen. Oder eng Egrette. Photo ET.


Den Ausseminister ass ee Knéckjang,

Hien dréint all Sou grad wéi dien leschten Frang.

Knapps zwou an eng hallef Millioun Euro,

Geheit hien dem Afghanistan lo no.


T ‘ass manner Geld wéi eng Prise Heroin.

D’ Marie-Josée hätt deenen vill méi ginn!

Trotz deem Geknécks, ass eppes wat mech tréischt,

Mat deem Don sinn mir nach ëmmer déi éischt!


Saturday, December 3, 2011

Märtt! Elo hunn mir zwéin Wiertschaftsministeren!












Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een Anhinga an der "Ite missa est" Positioun. Photo ET.



De Schmit ass schwäiwëll, hien schneit eng schéin Schnëss,

Well dëser Deeg krut hien eng an t’ Gebëss.

Am Café de l’ Église zu Diddeleng

Gouf de Schneider gewielt, mee déi Plaz war seng.


An deem Café zesummen waren den Heng,

Den Néckel, den Kloos an Jucken Jeng,

Wéi eis Konstitutioun et virgesäit,

Fir’ m Schneider seng Ministrabilitéit.


An zu Naples um Golf vun Mexiko,

Waren all d ‘Wieler vum Péckvillchen do.

Et hunn gewielt: d’ Direktioun, d’ Redaktioun,

D’ Administratioun and souguer d’ Receptioun.


Déi all hunn mech eestëmmeg gewielt,

Well jiddereen am Ländchen op mech zielt!

Elo hunn mir laut eiser Konstitutioun,

Eng komplett nohalteg Situatioun.


Well kee Schwäin weess wat nohalteg ass,

Ass d’ Situatioun alt wat se ass.

De Poopst gouf geruff fir do ze tranchéieren,

An eis Zwéin z’ evangeliséieren :


“Den Schneider dien schoustert hei am Osten,

De Péckvillchen pléckt sech dann de Westen.

Elo ass et kloer dat et esou muss sinn!

Den Krecké muss duerch zwéin Mann ersat ginn.”