Sunday, January 29, 2012

D' Kromm läit and der Heck an den Jacques Santer ass erëm do!

Photo: ET. Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass a bloen Heron, an d' Waasser steet him bis un d' Knéien. Hien hat folgenden geheimen Wingdings Message:

Do gehait jo nit een den Santer aus dem Bett!
Dien freet sech wien dann lo erëm wat gären hätt?
Mee hien hat jo schonns eemol d' Kommissioun gerett.
An elo gëtt den Euro gerettettettettet.



Fräi iwwersat vum ET:

Do gehait jo nit een den Santer aus dem Bett!
Dien freet sech wien dann lo erëm wat gären hätt?
Mee hien hat jo schonns eemol d' Kommissioun gerett.
Dann gëtt och elo den Euro gerettettettet.






Eis Tripartite huet elo fënnef Ecken!




Mer kennen jo de Mécht-Näischt and den Gesäit-Näischt,
An natierlech den Héiert-Näischt an den Seet-Näischt.
Wien huet nach gefeelt? -Den Bekëmmer-Dech-Em-Näischt!
Dat ass d' Chamber, an do laachen se sech an d' Fäischt. 


Wednesday, January 11, 2012

Eis Tripartite huet jo elo véier Ecken!










Ech widderhuelen hei eng al Geschicht,

Laut deeër gëtt jo een Véierten gesicht.

Fir bei den Gesäit näischt, den Héiert näischt,

An den Seet näischt: an dat ass den Mécht näischt!


D' Kandidaten sinn op der Photo hei,

Se stinn all motzeg an der éischter Rei,

D' Äerm ganz verbruet op der Broscht gekräizt,

Wien ass dat, dien "Ech sinn de Mécht näischt" jäitzt?


An hei geet et bei déi schéin Photo: (Fläisst Iech, se wäert nit laang bleiwen)

http://www.wort.lu/wort/assets/2012/lp/fittosize_0_480_0a54ebb0eb1c7c24bc42cb98a79aaa56_f17833557.jpeg


An esou war déi Geschicht ugaang::

Eis Tripartite déi huet dräi Ecken

Oder: d' Allegorie vum Gorilla.


Eis Tripartite de' huet dräi Ecken,

Dräi Ecken huet eis Tripartite.

An hätt séi keng dräi Ecken,

Da wär et jo keng Tripartite.


Um ieweschten Eck sëtzt d' Regierung,

An do seet keen ee Pippcheswuert!

Wien d' éischt schwëtzt an der Féierung,

Gleeft mir, huet säin lescht Ee geluet.


Do sëtzen séi wéi ee Stëmmchen,

A kucken op de lénken Eck.

Een dréint sech eng kleng Fëmmchen,

A mécht Damp ewéi ee Geck.


D' Gewerkschaft déi houscht um lénken Eck,

Dien Damp an den Aen mécht ee blann,

A kéimt Dir gär hei vum Fleck,

Da gitt eis fir d' éischt eng Banann.


Méi verdéngen a manner schaffen,

Den Index an Acquis Social,

Do loosse mär eis näischt drop praffen.

A mär schwëtzen do fir eis all.


Um rietsen Eck do schléift d' Patronat.

Déi hunn näischt héieren, déi sinn daf.

Mee eng Léisung hunn séi parat:

Déi huelen guer näischt hei a Kaf.


Sot Dir " I love my freien Sonndeg,

An "d' gëtt alles vill méi deier",

Huelt dann léiwer een Dikkrich,

Well hei héiert keen déi Leier.


Sangt dann I love my freien Méindeg,

An Dënschdeg an alles wat nach.

Mir man zou, an man eis ewech,

Mir plënneren dann op Mettlach.


Ee Gorilla koum do senger Wee,

A lauschtert sech dat ganzt do un.

Dunn sot hien Nujee, nujee,

Wéi goung déi ganzen Streit hei un?


De Stëmmchen weist do op de Blannen.

"War et de Blannen?" sot den Af.

"Nee, hei riets kënnt Der dien fannen.

Keen héiert do, déi sinn all daf!"


O Mamm sot den Af dunn, t' ass zevill,

Ee Stëmmchen, een daf, an een blann,

Ech wousst d' läit an der Famill,

Loosst mech mol weisen wat Ech kann.


De Gorilla sëtzt sech voller Eescht,

A seet: "kommt mir maachen einfach näischt!"

Do sëtzt de Seet-Näischt, de Gesäit-Näischt,

Den Héiert-Näischt an de Mécht-Näischt.


Normalerweis sinn dat dräi Afen,

Mam Mécht-Näischt mécht dat der véier.

Kuckt wéi séi akafen lafen,

Ee Stull fir dat véiert Déier.


D' Regierung kuckt ee bësse rosen,

Keen brauch een Af fir ze streiden.

Wann hien mengt hien kënnt eis et blosen?

Keen léiert eis Grimassen schneiden!


Eng Tripartite hält een sou em d' Fuesent,

Do sinn déi véier schéin verkleet,

Dien een dien gaapst, dien aneren pennt,

Een dämpt, de Gorilla mécht sech breet..


D' Tripartite huet lo véier Ecken,

Véier Ecken huet eis Tripartite.

An hätt séi keng véier Ecken,

Da wär et nit eis Tripartite.