Sunday, August 23, 2015

La Présidence danse


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma gewass! Dat ass een Breakdancer. Photo ET / gov.lu























La Présidence danse

Kampf dem Iwwergewiicht

Lo hu mer schonn bal zwéin Méint Présidence gehat,
Mee bis elo huet nach keen sech futti gemat!
“Le Congrès danse beaucoup mais ne marche pas.”
Sot den Charles-Joseph de Ligne um Wiener Blabla.

Eis Dammen an Hären danzen duerch den Summer,
Jiddereen produzéiert seng beschten Nummer.
Den Vogel an d’ Lydie walzen um glaten Äis,
Den Gramegna an den Griich sirtakien em d’ Keess.

Den Transportminister wëllt op all Kiermes danzen,
D’ Ëmgehungsstrooss weiht en an no den Vakanzen.
Soss bleift den alen Bolero, an Juchhee an d’ Hee,
Bauchdanz zu Marrakesch, Kizomba an d’ Polonaise.

Den Jang awer sot: “D’ Présidence ass fir ze laachen,
Dien hei kann nit sinn ouni eppes ze maachen!”
Hip-hop spréngt en an den Suedel an fort e geet,
En danseuse den Ventoux erop, keng Klengegkeet!


De Jang um Sommet.
Dem Lance Armstrong saïn Équipéier John Kerry ass weit hannendrun. 

Mee bei deem sinn 1911 m genau 6269 feet 8 9/32 inches. Dat schléit an d’ riets Been.











Friday, August 21, 2015

D’ Groussgaass gëtt zougemauert !


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee dat ass een Heeschert, dien nëmmen esou mécht.
Photo: ET / Syndicat d’Initiative


















D’ Groussgaass gëtt zougemauert !

Wien Lëtzebuerg kuckt aus der Vullen Perspektiv,
Dien gesäit natierlech méi mat enger Spektiv.
T’ wär eng Sauerei  wat d’ Heescheleit do dreiwen,
Genuch fir dem Lyd een schwäiwëllen Bréif ze schreiwen.

Mee d’ Autoritéiten hunn keng Autoritéit,
T’ ginn gutt an schlecht Heescheleit sot den Hoppen Théid.
D’ Castafiore huet hir Bijouen nit méi?
Dat war keen Zigeiner, mee eng kleptoman Kréi.

D’ Lyd freet den Conseil Ornithologique em Rot,
D’ Bianca, d’ Zigeiner an d’ Kréi goufen gefrot.
D’ Heescheleit man mer mat engem Schantjen sauer:
Mer spären d’ Groussgaass mat enger Festungsmauer.




Saturday, August 15, 2015

Den politesch korrekten Hämmelsmarsch heescht elo Schuebermous


Ass dat do den Péckvillchen? Ma jëmmen! Dat sinn Inten 
am Gänsemarsch. Déi trainéieren fir den Hämmelsmarsch. 
Photo: ET / Gaart an Heem





















Den politesch korrekten Hämmelsmarsch heescht elo Schuebermous 

Den Péckvillchen ass een Expert am Hämmelsmarsch,
Hien päift en duerch d‘ Loft dass et schaalt am Summerlach.
Awer beim Sangen vum Text, do schuddert een sech!
Politesch inkorrekt, et ass bal onméiglech:

Een schwaarzen Mann heescht et do, dien frësst Tubak,
D’ Fraen gehéieren an d’ Kichen hannert d’ Tak,
T’ geet keen Wuert op den Quetschenfluet organesch ass,
Wien esou eppes sengt ass dach vum Lämmes gebass!

Den Péckvillchen hëlleft iwwert déi Schmot ewech,
Ma nee, sot duerfir nit Merci, mir bieden Iech!
Hei ass dien neien Text, politesch méi korrekt,
Just dat schlëmmt Wuert “Hämmel” mécht een nach verréckt.

Den Text vum Péckvillchen:

'T ass Earth Day Dag, an eng organesch Gei jéngt an der Gaass,
D‘ Veganer schloen den Takt op engem Mousfaass,
An d’ Hämmel ginn derbäi mat Bios Zeechen un,
D' 
nohalteg Gréng, Rout, Blo, sinn hannendrun,
Sinn hannendrun;

An d ‘Kanner loossen hiren Tofu stoen
Fir deenen Halal Hämmel nozegoen
A spillen genderneutral sou lëschteg d ‘Gaassen an,
Fir all deckt Geméis an der Stad Gluten free ze man,
Gluten free ze man.



Zu Uewerdonven: Hämmelsmarsch ouni Hämmel




An hei ass aus Wikipedia den historeschen Ufank vun deeër Saach mam Originaltext, dien deemools nach salonfäeg war.

Urspronk vum Ëmzuch

D'Traditioun fir virun enger Kiermes Hämmel duerch d'Gaassen ze dreiwen ass am Kader vun der Schueberfouer opkomm. Do gouf et beim Präisschéissen Hämmel ze gewannen an d'Foraine wollten deemno Reklamm fir d'Schéissbude maachen andeems se de Stater Leit hir schéi Präishämmel weise gaange sinn. Dat ass sou gutt ukomm, datt duerno uechtert d'ganz Land d'Kiermes mat engem Hämmelsmarsch agelaut goufen, obschonn et keen Hammel ze gewanne gouf.

D'Musekstéck Hämmelsmarsch

D'Museksstéck Hämmelsmarsch ass eng Volleksweis, dat heescht eng Melodie, deem säin Auteur eis net bekannt ass a vum Vollek iwwer Generatioune iwwerdroe gouf. Aus dëser Volleskweis gouf am 19. Joerhonnert e Lidd wéi de Michel Lentz en Text dozou geschriwwen huet. D'Lidd gouf heefeg ënner dem Numm "Schuebermëss[1] publizéiert (cf. z. B. Anonym 1959: 225). Den Nik Welter ernimmt et 1914 am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum als D'Schuebermess.


D'Lidd

Den Text vum Michel Lentz
1. Stroph
'T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
'T jäitzt eng Clarnett an 't brommt eng schaddreg Baass,
An d'Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;
An d'Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d'Musek as, déi spillt sou lëschteg d'Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.
2. Stroph
D'Leit si gebotzt an si hun hir schéinste Kleeder un,
D'Kamäiner dämpen, d'Kächen, déi sinn drun,
d'Pan an der Fuesend, déi ass nët esou geplot,
Well et ass haut nët genoch mat engem Hämmelsbrot,
A mat Zalot.
An aus der Friemd sinn d'Lëtzebuurger do,
Op d'Kiirmes kommen si vu wäit an no,
'T as aus der Heemecht keen, a wir en iwer d'Mier,
Op de Schuebersonndeg, 't ass gewëss, dann denkt ën hier,
Dann denkt ën hier.
3. Stroph
Hun d'Hämmel dann d'Musikanten d'Neipuert ausgeleet,
Mam Fouermeeschter voll Gléckséilegkeet,
Da sëtzen d'Leit um Dësch mat hire Kirmesgescht,
d'Tell're klënken, jiddereen, deen deet sei meescht, sei bescht,
Sei meescht, sei bescht.
D'Gemitlechkeet, déi schenkt en d'Glieser aan,
An d'Lëschtegkeet, déi blénkt aus allen Aan,
De Quetschekoch, dee schmaacht wéi de beschte Bond,
D'Fra vum Haus as frou, well alle Mënsch e gutt huet fond,
E gutt huet fond.
4. Stroph

An d'Schuebermëss, déi ass dann an hirem volle Glanz;
D'Trompett an d'Gei déi ruffe bei den Danz;
Grouss Schëlter op de Lietsche gi wëll Déieren un,
Wouvun as s'am ofsten nët en Hoor dobannen hun,
Dobannen hun.
Hei weisen si e Riis, dee Sable frësst,
An do e schwaarze Mann, deen Tubak ësst;
All Wonner vun der Welt, déi ka mer hei gesin,
Nëmmen nët e Mensch, deen iech fir näischt géif eppes gin,
Géif eppes gin.




Wednesday, August 12, 2015

Fir dass den Kilometer een Kilometer bleift !


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee do sinn der déi streiden iwwert d’ Kilometergeld. 
Photo ET / 113























Fir dass den Kilometer een Kilometer bleift !

Mëtten am Kerschnatz sot den Inneminister:
“D’ Regierong steet voll hannert dem Kilometer! (1)
Soss stoppt den Pompjee jo um Wee fir bei d’ Feier,
Den leschten Kilometer géif eis dann eng deier.”

McKinsey sot jo: “maacht den Kilometer méi laang”.
“O jo”, sot den Jang TdF, “dann klaken Ech d’ Pan!
Dann kommen Ech jo ni bis op den Port Grimaud,
Dat wär d’ Enn vun der Koalitioun Rout, Gréng, Blo!”

Fir dass den Wësch nit brennt zwëscht den Parteien,
Fiert een wéi virdrun: fräiwëlleg ouni Peien,
Mee mat véierzeg Centimë den Kilometer.
Dann ass et eriwwer mam Aeterpötäter.

Mee am Zukunftspak gëtt beim Reesen gespuert,
Huelt den Tram wann Der an den Regierungsrot fuert,
An huelt Der den Déngscht Auto mol fir an d’ Vakanz,
Kritt Der just drësseg Centime iwwert déi Distanz.


   (1)   Rumeuren op den Social Media haten behaapt den Kilometer géif méi laang ginn. De Minister sot dann wär d’ Land jo ze kleng.




Monday, August 10, 2015

Keen Sträit mat den Pompjeeën !


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Fräiwëllegen, dien zu Fouss geet 
fir Kilometergeld ze spueren. Photo: ET / 112



Keen Sträit mat den Pompjeeën !

Zu Lëtzebuerg wou näischt fir näischt ze kréien ass,
Do ass bei den Fräiwëllegen der Däiwel lass!
Déi kruten jo een Kilometergeld bezuelt,
D’ Regierung huet dovun een Véirel gestuel.

Den Péckvillchen sot hien wär den Mckinsey,
Hien hätt eng Léisong an dat hei dat wär se:
Loosst d’ Kilometergeld do wou et war am Plang,
Mer maachen einfach den Kilometer méi laang.






Sunday, August 2, 2015

Den Rouden Léiw gouf am Simbabwe ermuert !


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass den Roude Léiw mat engem Consultant! 
Photo ET / Parc National Our Dall.























Den Rouden Léiw gouf am Simbabwe ermuert !

Den Roude Léiw war am Simbabwe an d’ Vakanz,
Hien war do d’ Coqueluche mat sengem dueblen Schwanz.
Do koum een belschen Zänndokter dohier gefuer,
Seng Wierder ginn dem Léiw duerch d’ Häerz ewéi een Buer!

Dien Ekel sot: “Ech man meng Konten bei Iech zou,
Déi ginn elo op Arel, dann sinn déi Weiber frou!”
“O jëmmen an nee” krut den Léiw nach just gebrëllt,
Dunn huet déif Trauer Savane an Dschungel erfëllt.

De Fiisschen krut als éischten d’ Nouvelle vum Tarzan:
Wimboe, wimboe, do war näischt méi ze man,
Wimboe, den Kinnik huet sech lues dohin geluecht,
An wimboe, wimboe, den Zänndokter huet en ëmbruecht!”

De Fiisschen, ausser sech, leeft séier bei den Camille:
“Den Kinnik ass dout, vive den Kinnik, réckelt d’ Still!
Mäin Mononk den Rouden Léif hat jo keng Kanner,
Ech ginn mech hier, honnert Prozent, an näischt manner.”

“Fir d’ éischt kritt den Simbabwe mech ze héieren,
Hir Justiz soll ophalen bei eis ze léieren!
An dann kënnt awer och direkt eng Petitioun,
Op den Fändel kënnt den Roude Léiw mat der Kroun.”

Mee wéi ersetzt een dem Zänndokter seng Konten?
Eis Geldschafferten schaffen un allen Fronten.
An déi éischt Schof vum Qatar goufen geschuer,
“Freck, dat sinn jo Wëllef”, ass et dem Fiisschen entfuer.

Keng Angscht sot d’ BIL, dat sinn keng Wëllef, dat sinn Schof,
Dat sinn Veganer, deenen vertraut een am Schlof.
An esou koum et dann dass erëm enges Daags,
Den Wollef am Ländchen agefouert ginn ass.

Eisen Zänndokter krut Asyl am Simbabwe,
Hien mécht Léiwenzänn fir den schaardegen Mugabe,
An eisen Fuss vun Malpaartes kritt och gehollef,
Den Cam verkeeft Juegdpermieën fir op den Wollef !