Wednesday, November 25, 2015

Lëtzeburka


Ass dat do den Péckvillchen? 
Vläicht dien lenks, mat der Burka. Photo ET





















Lëtzeburka

D’ neit Burkasgesetz ass ënnert dem  Dësch verschwonn,
Den Premier huet ganz eleng géint se all gewonn.
Hien huet jo nëmmen siechzéng Burkaen gezielt,
Provisoresch ass also dat Ee do geschielt.

Mee den Péckvillchen dien päift jo d’ Wourecht vum Daach,
Den Premier huet beim Zielen een Feeler gemaach.
“Déi do hunn Ech schonn gezielt”, huet den Xav gesot.
Et wär besser gewiescht hien hätt hiren Numm gefrot.

Well jo eng Burka awer enger aner gläicht,
Huet den Péckvillchen dunn ënnert d’ Burka gereecht.
A kuckt hei, déi Kontroll war nit iwwerflësseg,
Well elo hunn mer der schonn zweeandrësseg.

D’ Regierung seet bei sou wéineg brauch een keen Gesetz,
Dann brauch een bei souvill Stau och keen Kamerasnetz,
Schraasseg geet zou, t’geet jo keen Bankier an de Prisong,
Beim Alkoholtest seet een, “Ech hunn eng dréchen Long.”

Wann der zweeandrësseg op den Stroossen rennen,
Dann léieren se dem Bausch seng Kamera kennen!
Wann der awer näischt wëllt géint Burka maachen,
Dann ersetzt se wéinstens mat aneren Saachen!

Den Péckvillchen seet: “Een Motoshelm wär d’ Affaire,
Reglementéiert vum Transportministère!”
Déi Casquen sinn jo bekanntlech all integral,
An droen sech wonnerbar mat engem Schal!”

Dat verbessert deenen Dammen hir Protectioun,
Dann hunn se eng Visière mat Panoramavisioun,
Eng Knautschzoon fir wann een sech am Sam vertrëppelt,
An keen doudegen Wénkel wann een d’ Kéieren schnëppelt.

 Déi Helmer ginn dann och zu Sandweiler kontrolléiert,
Mat engem Numero immatrikuléiert,
Schonn fir Chrëschtdag wär dat neit Gesetz dann aktiv,
Fir den Bausch um Vëloh bleift et fakultativ.



Tuesday, November 24, 2015

Je ne suis pas Maggy






HAHAHAAA! HBO. Photo:
Page Culurelle Peckvillchen






Je ne suis

pas Maggy


D’ Maggy war “Not amused” well do een seet Lëtzebuerg wär eng kulturell Sahara. Do kann een nëmmen soen, wann Ech d’ Wuert Kultur héieren, dann gräifen Ech dach zum Péckvillchen! An am Ministerrot e Freideg setzt een den Péckvillchen ënnert d’ Haaptrubrik, an dat ass Péckvillchen. T' brauch een jo awer nit all Spaass ze verstoon!

Kommt mer geheien dien vun der SES. Non, mais.





























Saturday, November 21, 2015

D’ Mumm Séiss vermummt sech nit!



Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee dat ass een Bok. Photo ET





















An hei ass déi iwwerfälleg Restauratioun vun engem Stéck Lëtzebuerger Kultur: 
Aus der Kasär gouf eng Bank, an aus dem Kanonéier gouf een Bankemployé. An een Happy End.

D’ Mumm Séiss vermummt sech nit!

Et wor eemol een Bankemployé,
Dien flotten Ali al Bakar.
Méi schéin wei all déi am Komitee,
Sief et an der BIL, oder am Katar.

Zu dräi wollten mir ons bestueden,
D’ Maus Ketti den Ali an Ech.
Mee do hunn Ech mech mol gefrueden,
Ass dat vläicht dach een vum Daech?

Eis Frënn waren all Alarmisten,
Dass mir d’ Burka droen missten,
Well hien wär bei den Salafisten,
An hien wär géint d’ Sozialisten!

Ech sinn aus den Wolleken getrollt,
Een Polygamist hat mech verkoolt?
An dunn hunn Ech zum Gléck nit wollt,
An dunn hunn Ech zum Gléck nit wollt.


An hei ass déi original Versioun vum Opéra du Trottoir:











Saturday, November 7, 2015

D’ Doris krut eng Härenauer


Ass dat do den Péckvillchen? Ma gewëss. 
Dajee Jongen en bësschen Energie. 
Photo ET / DURACELL























D’ Doris krut eng Härenauer

Vum Juncker senger aler Haascht koum wäissen Damp,
Gouf éieren een neien Chefspioun ernannt?
Do, dëser Deeg deet d’ Doris d’ Härenauer un,
Déi hat den Mille dach deeër Deeg beim Juncker un!

Mee Minutt emol, ass d’ Doris d’ Matahari,
A wat heescht hei den Heck huet nit méi d’ Energie?
Gitt dem Doris awer dann eng Ersatz Batterie.

Den Heck war jo bekanntlech dem Juncker saïn Mann,
An d’ Doris dem Bettel seng Fra, fir den SREL ze man.
Den Échange vun den Spiounen verleeft ganz strikt,
Geplangt wéi Dir dat jo all Dag am Kino gesitt:

Déi  zwee sinn op béid Säiten vum Check Point Charly,
T’ ass d’ Tramsgare an der Mëtt vun der Bréck fir den Bauschli.
Do ass den Échange, just iwwert der Festungsmauer,
Den Krichsminister Sniper läit do op der Lauer.

Den Heck am Camouflage kënnt bal op den Knéien,
D’ Doris danzt d’ Bréck erop, t’ denkt een et kéint fléien.
D’ Regie huet den Clint, Musek vum Ennio Morricone,
Eng Drëps Schweess rullt lues iwwer den Kalatsch Kolwen.

D’ Welt hält den Otem un, den Sniper läit do prett.
Do ass den Moment, déi zwee kräizen sech an der Mëtt,
Wéi am kalen Krich deemools zwëscht Ost an Westen.
Déi zwee man een dem aner onanstänneg Gesten.

Mee d’ Saach ass gelaf, d’ Situatioun ass entschäerft,
Den Bommeleeër seet “ mais ça c’est une schéin Märtt”,
“Laisse aller, c’est une Woltz” sot dunn den neien Spioun,
An den Heck fiert op den Felgen Direktioun Défense Direktioun.

Den Null-Null Dausend sot, “déi Saach ass Siemens!
D’ Auer geet dann rëm bei den Bettel an d’ Konferenz?”
Een neien SREL-Gate, dat wär jo awer den Clou.
Nom Big Brother heescht et Big Sister is watching you!





Wednesday, November 4, 2015

Wéi d’ Spuerkeess den Bettel falsch verklot huet



Ass dat do den Péckvillchen?
Nee, rot emol. Photo ET























Wéi d’ Spuerkeess den Bettel falsch verklot huet

Déi wëllen eis een X fir een Ygrec virmaachen

T’ war sou ëm Halloween, t’ koum epps an d’ Spuerkeess geschlach,
Den Gardien war entschlof, an den Finck schléift och nach.
Hien huet een Dram: hien huet den Xav mam CD gesinn,
An dunn huet den Xav dem Wuppertaler en ginn.

A wupp! ass eisen Mann vum Diwwi gebonzelt,
An huet grad wéi den Becca seng Stir geronzelt.
Direkt huet en op saïn Block notéiert: t’ war den Xav,
Dunn ass en domat bei den Procureur gelaf.

Den Communiqué seet mir man eng Plainte géint X.
All Mënsch weess X steet fir Xav an Nullkommanix.
Den Péckvillchen awer seet nee, t’ war den Ygrec,
Den Yuncker, dien war deemools den Mued am Speck.