Sunday, November 29, 2009

Den Dag Duerno

De Frieden sot, "déi hei ass nawell gutt,

Wat Ech hei gesinn mécht mer neien Mutt!

Wann een all Numero huet bis op een,

Seet d' Reglement da gewënnt een trotzdem.


Mir hunn tatsächlech een Trouschtpräis ze gutt,

Souguer méi wéi een aus der Virwëtztut.

Laut dem Reglement gesinn Ech der dräi,

Et gëtt elo Zäit, kommt mer maachen eis bäi!


Eisem Mann do uewen op der Mauer,

Deem verdreiwen mer elo seng Trauer,

Europa garantéiert seng al Platz,

Sou liesen Ech emol am Kaffissatz.


Hien geet a China mat dem Euro Grupp,

A gëtt dem Renmimbi eng gutt op d' Krupp.

Bestëmmt ass de Sarko lo giel vu Näid,

Hien hätt de Juncker jo gär rausgeheit.


Een aneren Präis hu mer an Europa,

D' Re'idings Vif klëmmt ee Sprass an Utopia,

als Vizepresident beim Barroso,

De Sarko ass och alt duerfir rosen.


An zum Schluss déi drëtt Méck mat engem Schlag,

Europa bréngt den Yves Miersch ënner Dag.

Duerno stellt sech dann wuel weider keng Fro,

Säin Ramplassang steet mir bestëmmt méi no.


Mer hunn zwar d' läscht eng Goldmedaile verluer,

Mee dräi Sëlwer Medailen geet och duer.

Mir hunn och vum Van Rompuy geléiert:

Ee Sprint, dee gëtt vun hannen lancéiert."


Jiddwereen mengt elo wär endlech Rou,

Europa schléifert lues op Chrëschtdag zou.

Mee bei Schlecks gëtt op den Tour trainéiert,

T' ass nach een dien den Sarko verléiert.

Friday, November 20, 2009

Maybolli, hors série

Léif Leit de Péckvillchen ass gefuerdert,

Zou Bréissel ass d' Weltgeschicht veruerdert.

Séi hunn all gejaut "Héich den Van Rompuy"

A guer keen wollt de Jean Claude Juncker méi.


De Juncker setzt op der Festungsmauer

"Dat Europa war mir vill ze sauer"

Seet hien, a wëscht heemlech eng Tréin ewech.

Bestëmmt vun Erliichterung mengen Ech.


Ech soen "Ass dat nit onerhéiert?

Wat huet dien Belsch dann do opgeféiert,

Hien war nie derbäi a kënnt ganz vun hannen,

Fir dann d' Schlussétappe am Sprint ze wannen."


Eng Freed kënnt trotzdem eraus an dat wär,

Et gouf ee Belsch, an nit den Tony Blair.

De Lëtzebuerger geet dat do elo duer,

Schleck a Juncker sinn als zweet eragefuer.


"Hee! O Du do uewen op der Mauer,"

Rifft de Frieden ënnen op der Lauer.

"Bis elo ass nach ëmmer näischt gebrach,

Well Ech mengen mir hätten d' Festung nach."


De Frieden rechent alt nach eemol no,

Null soten "Nee" an sechsanzwanzeg "Jo"

Do ass beim beschten Wëllen näischt ze man,

"De Juncker bleift hei an Ech klaken d' Pan!"


Fënnef Joer sech mam Budget erëm ploen

An natierlech de Juncker erdroen.

De Sträit em t' Bankgeheimnis war emsoss,

Mir hunn domat just déi ganz Welt verdross.


De Jang déi sot "t' war virauszegesinn,

Et gëtt vill Leit déi dat do nit verstinn,

Wat mir lo hunn ass wat mir schonn haten:

De Juncker bleift op allen Plakaten."


"So May" sot de Bolli, "dat do ass schlëmm,

Déi Geleeënheet kënnt nie méi erëm.

Stell Der vir de Louss wär erop geréckt,

Dann hätt d' Justiz vläicht een A zougedréckt."


Léif Leit spiert Dir och esou eng Trauer,

D' Silhouette do uewen op der Mauer

Seet Iech dat do war alles emsoss.

D' Bankgeheimnis huet eng Carrière erschoss.


Hei koum d'Joennewiäv Tabbui (1*) erbäi,

"Oh la la" sot et, elo sëtzt der hei.

"Attendez-vous à savoir" (1*) hat gesot:

Féiert kee Krich , da stierft och keen Zaldot."


"Mais ces Messieurs wollten d' Festung halen,

Et les autres loossen sech dat nit gefalen.

Adieu Présidence an och Forteresse,

Stëppel kee Sarko wanns De gär epps häss."

(1*) http://feierwon.blogspot.com/2009/05/luxembourg-les-dernieres-nouvelles-de.html