Monday, September 28, 2015

Cargolux Italia krut e Graffiti zu Libreville


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass dach LX-VCM City of Rédange-sur-Attert!
Photo: Den Sprayert















































Cargolux Italia krut e Graffiti zu Libreville

Et muss een ëmmer oppassen wou een sech verrennt,
T’ schéngt ee Pilot vun Cargolux hat sech verpennt,
Dunn ass en zu Libreville am Maniok gelant,
Haut hätt een de Fliger nit méi erëm erkannt!

D’ Duerf Jugend ass komm an huet den Sprayert gespillt,
T’ gouf eng Vue vum Jumbo mee no bannen am Bild.
Dat verdéngt een Wing Wave no guddem alen Brauch.

Mer halen d’ Saach awer nach eng Weil ënnert eis,
Soss kommen se erëm mat Safety an Gott weess,
Mee d’ nächst Woch halen mer eng Pressekonferenz,
You name it, we graffiti fir komplett Transparenz.


Cargolux Italia, Aéroport International Léon Mba, Libreville






















Saturday, September 19, 2015

Beverly Hills zu Lëtzebuerg


Ass dat do den Péckvillchen. Ma nee, 
dat ass den opgescheichten Hamad al Pohunn. 
Photo: ET

























Beverly Hills zu Lëtzebuerg

T’ koum een mat honnert véierafofzeg Saachen,
Eng Polizei Kontroll huet dien Dabo gesinn,
T’ ass Schued, den Bausch hat deenen nach keng Knipsmaschinn ginn.

Do hunn d’ Jongen hiren alen Schlitt ugekéiert,
An hunn en mat der bloer Luucht poursuivéiert.
Eisen Dabo, bestëmmt aus gudder Famill,
Huet méi Gas ginn, dunn war dat der Police zevill.

Sou koum den Eefalt dann schlussendlech duerch d’ Bascht,
Ouni Gefor dass dat saïn Führerschäin kascht.
Wien war dat dann? Den Péckvillchen enquêtéiert:
Zu Beverly Hills ass dat selwecht passéiert!

Do war eisem gudden Frënn vum Katar saïn Jong,
Sou domm dass et am Sydney Morning Herald stong.
Den Scheich Khalid bin Hamad al Thani al BIL
al KBL, spillt Fangio zu Beverly Hills.

Den Beverly Hills Cop wollt en sech pëtzen,
Mee keen Scheich wëllt beim John Wayne am Prisong sëtzen.
En huet dunn sou séier wéi seng Ferrari d’ Land verlooss,
War et éieren hien op der Iechternacher Strooss?



Monday, September 14, 2015

Een Stéier, een Päerd, an een Krokodil


Ass dat do den Péckvillchen. O nee! 
Dat ass een Hermès dien huet ee Krokodil fir d’Jane gefaang.
Photo: ET 






















Een Stéier, een Päerd, an een Krokodil

An der Groussgaass nit ze weit vun den Heescheleit,
Gesäit een eent plakegt Meedchen dat um Buedem läit.
Den Péckvillchen huet gefrot, “wéi heeschs De meng Mod?”
“Ma Ech heeschen Odile” huet hat dunn gesot.

Een Krokodil den Dag ass dem Odile zevill.
Den Péckvillchen an Florida seet: “Dir hutt Recht,
Eng Alligator Posch, déi wär grad esou echt.”



Friday, September 4, 2015

O nee! Gëschter een Stéier, haut ee Päerd!


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass d’ Protection Civile. Déi kucken d’ Päerd am Waasser. 
Photo: Poseidon


















O nee! Gëschter een Stéier, haut ee Päerd!

Dem Stéier vun gëschter saïn Brudder huet ugeruff:
“Péckvillchen hei ass den Ochs, Portier hei am Puff,
Kuckt Der just emol déi Diskriminatioun lo un,
Ee vollt Päerd fält an d’ Waasser, an t’ gëtt eraus gezunn!”

“Ech hätt nawell gär wann een mer erklären kënnt,
Bei engem Stéier kommen se mat enger Flënt.
Bei engem versoffenen Päerd kënnt Jan an Man,

Den Péckvillchen sot: “Ech fillen dem Ochs seng Trauer,
T’ schéngt dat Päerd war och gëscht am Stall beim Bauer.
An huet gesoff wéi een Päerd, t’ konnt bal nit méi stoen,
T’ huet Séipäerdchen gespillt vrum Poseidon sengem Won.”

“A jo! Een Stéier bréngt een einfach em den Eck,
T’ ass schlëmm, mäin Brudder ass Kuddelfleck!
Een Kockelscheier Päerd ass eppes Besseres.
T’ gëtt jo haut keen méi dien nach Päerdsbifdeck ësst!”

Déi aner traureg Moral vun der Geschicht awer ass,
T’ kennt keng Sau méi den Prinzip vum Archimedes.
Den Péckvillchen hätt d’ Piscine struppevoll gezaapt,
An d’ Päerd wär einfach mam Waasser iwwergelaf.



Wednesday, September 2, 2015

Corrida zu Lëtzebuerg


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Reiher dien vun der Päischtcroisière gestéiert gouf. 
Photo: Bauer an Team


















































Corrida zu Lëtzebuerg

Den Stéier vun Osborne war op der Fouer am Stall,
En hat vill Jerez gedronk an ass opgefall.
Hien sot: “Garçon, Ech hätt gären een Haemmelsbrot,
Dien op der Zong vergeet, mat Fritten an Zalot.”

“Dat ass dach Kiermeskascht” huet den Garçon gesot,
“Een Tagliata de boeuf wär een besseren Rod.”
“Du frech Kou, Du frecks” huet dunn den Stéier gebrëllt,
“Eng Frechheet wat dien mer do zerwéieren wëllt!”

Am Restaurant “Am Stall” ass gläich d’ Stëmmung gefall,
“Déi kleng Trei Sei” sinn verschwonn, t’ war keng Méck méi am Stall.
“Nu jee” sot den Bauer, “eng gutt Nouvelle hätt Ech schonn,
Dir hutt d’ Päischtcroisière op Barcelona gewonn!”

“An wann ‘s De nit geess” ass den Stéier opgesprong,
“Dann zéien Ech mer den Bauer mam Team op d’ Long!”
Dunn huet direkt Schmitt Security agegraff,
En mat den Haren geholl, mee en ass fortgelaf.

Zu Mäertzeg ënnerwee fir heem op Osper,
Huet op eemol eng Dame gequiitscht wéi an der Oper,
Eisen Stéier koum sech wéi zu Pamplona vir,
A rennt hannert hirem Mann an och hannert hir.

Den Hemingway ass jo bei Stéieren ni wäit ewech,
Hei kënnt dien mam Auto, den Stéier schréipst saïn Blech.
Ee Gléck, do koum grad dem Routkäppchen saïn Jeeër,
Dien hëlt den wëllen Stéier an den Viséier.

T’ gouf schonn do eng Kou geklaut, lo schéisst een ee Bock.
D’ Juegd op den Fuuss ass zou, mee op fir all Hausdéier.
Dien neien Fuuss ass eben elo een Stéier.