Wednesday, December 7, 2011

Den Asselborn ass ee Knéckjang!


“Schon wieder eine Goldene!”






Ass dat do een Péckvillchen? Nee, dat ass een Knéckvillchen. Oder eng Egrette. Photo ET.


Den Ausseminister ass ee Knéckjang,

Hien dréint all Sou grad wéi dien leschten Frang.

Knapps zwou an eng hallef Millioun Euro,

Geheit hien dem Afghanistan lo no.


T ‘ass manner Geld wéi eng Prise Heroin.

D’ Marie-Josée hätt deenen vill méi ginn!

Trotz deem Geknécks, ass eppes wat mech tréischt,

Mat deem Don sinn mir nach ëmmer déi éischt!


Saturday, December 3, 2011

Märtt! Elo hunn mir zwéin Wiertschaftsministeren!












Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een Anhinga an der "Ite missa est" Positioun. Photo ET.



De Schmit ass schwäiwëll, hien schneit eng schéin Schnëss,

Well dëser Deeg krut hien eng an t’ Gebëss.

Am Café de l’ Église zu Diddeleng

Gouf de Schneider gewielt, mee déi Plaz war seng.


An deem Café zesummen waren den Heng,

Den Néckel, den Kloos an Jucken Jeng,

Wéi eis Konstitutioun et virgesäit,

Fir’ m Schneider seng Ministrabilitéit.


An zu Naples um Golf vun Mexiko,

Waren all d ‘Wieler vum Péckvillchen do.

Et hunn gewielt: d’ Direktioun, d’ Redaktioun,

D’ Administratioun and souguer d’ Receptioun.


Déi all hunn mech eestëmmeg gewielt,

Well jiddereen am Ländchen op mech zielt!

Elo hunn mir laut eiser Konstitutioun,

Eng komplett nohalteg Situatioun.


Well kee Schwäin weess wat nohalteg ass,

Ass d’ Situatioun alt wat se ass.

De Poopst gouf geruff fir do ze tranchéieren,

An eis Zwéin z’ evangeliséieren :


“Den Schneider dien schoustert hei am Osten,

De Péckvillchen pléckt sech dann de Westen.

Elo ass et kloer dat et esou muss sinn!

Den Krecké muss duerch zwéin Mann ersat ginn.”



Saturday, November 26, 2011

Déi Ligen hei ass nit richteg gelunn. Mee gleeft kee Wuert!











T’ gouf gelunn, et war schwaarz an der Luucht.



Den Hunn huet dem Hingerdéif gepëspert:

"Dien Ligener do, ass dat net den Yahoo?"

Eng Fro wéi déi do, déi brauch keng Äntwert.

Eng Fro als Ligen, dat wär dach den Clou!


De Kauz vun Münchhausen seet "dach dat geet,

Eng Ligen als Fro, dat léisst sech maachen!"

De G20 sinn der Nonzéng wann ee freet,

Déi Nonzéng léien dat d' Schwaarten kraachen.


D' Kluck belitt den Hunn an d' Kréi déi klaut,

De Kueb gëtt beschass vum Kapp op d' Fiescht.

De Guckuck am friemen Nascht huet gejaut:

"Halt op, soss mengt een Ech wär et gewiescht!"


D' Schmuebelen danzen mat der Wouerecht erëm,

Den Dëstelfink seet hien wär eng Graasméck,

De Spiecht zielt seng Spiichten, an nach méi schlëmm,

Den Poufank brécht dem Wanter säint Genéck.


Een alt Spréchwuert seet, Ligen hunn kuerz Been.

Duerfir hunn eis Ligener héich Talleken.

Domat krazen se d' Mëscht auserneen,

A kréien mat engem Schlag sechs Mécken.


Den Untert, d' Dauf, Kueb, Kréi an Markollef,

Léien wéi am Concours vun Trois Rivières (1)

Engem Fiisschen gleeft just nach de Wollef,

Dien, dien d' Wourecht seet geséich Ech gär.


D' Ëchel sot, "dat gouf et, an zwar eemol.

Dat war de Schéifer Misch vun Aasselbur.

Zënterhier léien se de Kapp vum Nol.

Wann keen epps seet, gëtt sou weider gefuer."


D' Spatzen päifen et vum Dach: t' gëtt gelunn,

T' gëtt schwaarz an der Luucht wéi eng schwaarz Märel,

Als Ligener muss ee gudden Verhalt hunn.

Mir hunn duerfir den giedlechen Kärel.


(1) Den Péckvillchen huet et gemellt:

http://peckvillchen.blogspot.com/2011/06/huet-troisvierges-der-wierklech-drai.html


Sunday, November 20, 2011

Den Andy gouf gespaart!










Ass dat do ee Peloton Péckvillercher? Nee dat sinn Pelikanen. Photo ET.



Den Andy ass mat honnert duerch Hesper gewutscht,

An iwwerhëlt do d' Police flang an hirer Kutsch!

Du sot den Superjhemp, "dat do war lo fir d' lescht!

Lo kritt dien do'n ee gudden fatzegen opgepecht."


Refrain:

Op d' Weis vum Tra Giro Lala

Op d' Weis vum Tra Giro Lala

Op d' Weis vum Tra Giri Giro Lalala.


Den Andy um Geriicht mat sengem Affekot,

Dien sot hien hätt gesot, léiwer géing näischt gesot.

De Riichter lauschtert no, an verzitt guer keng Minn.

Dien hat nach nie ee Schleek dien esou rennt gesinn!


Refrain


De Riichter sot: "mäi Jong, dat Gerenns geet lo duer!

Fir déi nächst sechs Méint war' s De lo fir d' lescht gefuer."

"Här Riichter, keen Führerschäin, sot Dir dat am Geck?

Dann fiert keen Schleck am Giro", sou sot dunn de Schleck.


Refrain


Saturday, November 12, 2011

De Bol-EURO vum Ravel







Ass dat do een Peckvillchen? Neen dat ass een Papademos.

Mosaic: Francoise-Marie Thein

An hei geet et op eng flott Versioun vum Bolero:

http://www.youtube.com/watch?v=3-4J5j74VPw


De Bol-EURO vum Ravel

Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat mussen déi Griichen sinn,

Déi déif am Euro stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt d' Akropolis och nach versteet,

Well zu Athen dann glat näischt méi geet.

A keen eenzegen Griich d' Welt versteet.

Wat eng Affaire!

Mir sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat mussen d' Italiener sinn,

Déi an der Pasta stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt de Kolosseum nach versteet,

Well an deem Roum dann glat näischt méi geet.

A keen Italiener d' Welt méi versteet.

Wat eng Affaire!

Se sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat mussen d' Portugisen sinn,

Déi déif am Porto stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt Lissabon och nach versteet,

Well an deem Land dann glat näischt méi geet.

A keen een Portugis d' Welt méi versteet.

Wat eng Affaire!

Se sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat missten d' Irlänner sinn,

Déi déif am Guiness stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt de Leprechaun nach versteet,

Well an deem Land dann glat näischt méi geet.

A keen een Irlänner d' Welt méi versteet.

Wat eng Affaire!

Se sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat kënnen just mir nach sinn,

Déi déif am Bulli stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Keen kann méi eis epps ginn,

Lo gëtt d' Cargolux och nach versteet,

Well hei am Land dann glat näischt méi geet.

A keen Lëtzebuerger d' Welt versteet.

Wat eng Affaire!

Mir sinn all Milliardär.


Euro, Krack, Bumm

Euro, Krack, Bumm

Lëtzebuerg am Jumm

Thursday, November 10, 2011

Meng Kandidatur fir Wiertschaftsminister.







Click



Ass dat do de Peckvillchen? Neen dat ass ee Sandpiper, Strandlaeufer. Photo ET.


De Krecké ass jo nit zu Ho Chi Minh,

An epps getrëppelt, an dat war eng Minn.

Ech ginn sou rosen wann Ech dat gesinn!

Den Grand-Duc eleng ënnert dem Viet Minh!


Zu menger Zäit wär esou epps nie geschitt.

Verschidden Leit hätten der do gutt kritt!

D’ Lag ass schlecht a gëtt esou sinister,

Dass Ech Kandidat sinn fir Minister.


Ech sinn ee Jong vum schéinen Biekerech. (1)

T’ gesäit een “d’ Soubelkoll” vun weit ewech.

Als Kanner hunn mir do am Sand gespillt,

Dass een wéi Ech sech am Qatar wuel fillt.


Ech sinn mat Biekrecher Waasser gewäsch.

Domat stécht een all Diplomat an d’ Täsch.

Ech sinn mam Grand-Duc dorëmmer gereest,

Mee mir hunn nie ee Rendezvous verschweest.


An Ech war och jorelaang Diplomat,

Bei der UNO gewuddert an geschwat.

Banquier zu New York hat Ech probéiert,

An esou allerhand bäigeléiert.


Meng Fra seet Ech géing bal propper iessen,

Sief dat mat der Forschett oder Stäbchen.

Mat mir kënnt Dir wéinstens roueg bei d’ Leit,

Dass keen Vietnamees eis erausgeheit.


Ech sinn prett fir alles z’ iwwerhuelen,

Den Krecké mat den gliddegen Kuelen,

Souguer de Juncker dien nie do ass,

An de Jang mat dem Diplomaten Pass.


An do wär nach eppes wann Dir mech frot,

Als Duerf Jong an als fréieren Zaldot,

Huelen Ech och d’ Landwiertschaft an d ‘Arméi.

Ech verstinn epps vum Krich an och vum Véi.


“D’ Leit sinn Clientën vun der Verwaltong”,

Sot d’ lescht ee Minister mat glater Zong.

Ech suergen derfir dass d’ Leit all verstinn,

Dass d’ Ministren hir Employéen sinn.


Fir d’ Éischt demissionéieren Ech beim Mittal,

An dann kënnt d ‘Rei un d’ Fonctionnairen all,

Déi fléien och aus den Verwaltungsréit.

D ‘gëtt keng Demokratie déi dat verdréit.


Ech géing gär den Tour de France gewannen,

Duerfir muss de Projet Léiweng verschwannen.

Dat passt mir an dem Becca an de Krom.

An d’ Plaz bauen mir dann ee Velodrom.


An ginn mir och eemol op Reesen,

Dann ass dat nit nëmmen wéint den Spesen.

D’ Économie flitt lo Economy,

Den Concorde gëtt et souwisou nit mi.


Den St Régis gëtt den Holiday Inn,

T ‘muss een sech och mam Tram zefridden ginn.

D’ Meilen ginn vun lo un confisquéiert,

Am bei dem näächsten Billjee bäigesteiert.


Bei den nächsten Walen, wielt mech erëm,

Ech zielen op jidderengem seng Stëmm.

Ech bréngen Iech schonn aus dem Schneider,

Oder Dir fuert mat dem Schneider sou weider.


Ech hätt gär dass Dir mir zwou Saachen gonnt:

Dat éischt, setzt meng Pei op een Schwäizer Kont.

Soss fäerten Ech d’ BIL géing mer Se huelen.

D’ BIL deet mech laang fir Maybolli bezuelen!


Dat zweet ass Plënneren, eng Klengegkeet:

Den Ministère op Naples, wann dat geet.

Um Golf vun Mexiko bleiwen Ech dann,

Wou Ech mam Krecké nach segelen kann.


(1) Biekerech am Kanton Réiden. Nit ze verwiesselen mat Beccarich, wat bei Léiweng läit.



Tuesday, November 8, 2011

Ee Griichescht Drama zu Lëtzebuerg









Ass dat do een Péckvillchen? Neen dat ass eng “Turkey Vulture”. Een Pleitegeier.


Iwwert de Wolleken um Olympus,

Luussen d' Götter wien do hëllefen muss.

Et héiert een nit vill Gutts vun Athen,

T' leeft alles schief, mee t' war alt erëm keen.


Den Zeus ass béiss, wäerft em sech mat Blëtzen,

Den Poseidon wëllt hien ënnerstëtzen.

Den Hades stëppelt alt gutt am Feier,

Kanner vum Piraeus, t' gëtt Iech eng Deier!


Ze laang sidd Dir dorëmmer gesprongen,

Mam Goerges Moustaki hutt Dir gesongen,

An Troubadour mam Melina Mercouri,

Plaisir d' Amour mam Nana Mouscouri.


Zur selwechter Zäit huet den Onassis,

Den Niarchos an och den Latsis,

Geschafft a geschaaft, sech an d' Streng geluegt,

An hir Schëffercher op Lëtzebuerg bruecht.


Lo feelt et un Feta an Souvlaki,

Pippikakka seet den Pappakikki.

D' Cassandra vun Naples a Florida,

Prophezeit den retour vun der Drachma.


Zu Bréissel, deem méi klengen Olympus,

All Hallef Gott kritt vum Juncker ee Kuss.

D' Athena Merkel, den Papandreou,

Streit mam Apollo Sarko fir ee Sou.


De Pythagoras rechent mam Euclid,

Wéi een déi Saach do nach un d' Rullen krit.

Am beschten gefält een der Aphrodite,

Andeems Dir hir een gudden Affer gitt!


Mee de Spartakus léisst sech näischt méi soen

Hien schwëtzt um Handy mam Agamemnon.

Den Demosthenes geet mat op eng Demo.

All falen Se hier iwwert den Euro.


Hei op der Cap am Kanton Kapellen,

Do mécht den Herkul Juncker grouss Wellen,

Mat der décker Zéiw an der Buedbidden,

T' gesäit een, hien ass guer nit zefridden.


Op eemol do liicht et an sengem An.

Hien leeft plakeg op d' Strooss, jäitzt: "EURO-KA!

Een Euro ënner Waasser, t' kann een rechnen,

Ass manner wäert wéi eng Drachma um Dréchnen."


D' Leit op der Strooss kucken domm aus der Wäsch.

Sécher, fuer kengem Plakegen an d' Täsch!

Gleeft mir, ouni Euro vun den Preisen,

Do mussen d' Griichen den Blousen weisen.


Saturday, October 29, 2011

Keng Steier sot de Bayer

Nee, dat ass keen Peckvillchen! Dat ass een Untert.
Photo E.Thein

No der drëtter däitscher Invasioun,
Ech schwätzen vun der Wiertschaftsunioun,
Koumen dës Kéier keng Uhlaner,
Mee duerfir koumen all déi Aner.

Séi koumen all mat den Täschen voll.
"Gruess Gott" soten Séi op eisem Zoll.
Mir hunn Séi all schéin eragelooss.
Op Lëtzebuerg ass jo nach Verlooss.

Den Helmut an den Heinz am Loden,
Ginn gutt bei HSBC beroden,
Vun Fraeulein am Dirndl wéi doheem.
Banking zu Lëtzebuerg ass bequem.

Do war bestëmmt ee Gielemännchen,
Ganz schäinhelleg an eisem Ländchen.
E mécht sech Kopien vun der Lëscht,
Déi d' Steieramt sech fir Suen fëscht.

An Däitschland wëssen Séi lo genau,
dank dem PBKLAVV, (1)
Wien wéivill Daler bei Eis verstoppt,
An sech domat seng Renditen doppt.

Den Helmut an den Heinz am Loden,
Fillen sech sou richteg verroden.
Se'i hiewen direkt hir Suen op,
An hell ewech geet et iwwer d' Kopp.

Verstoppt ass d' Geld am Lodemantel,
An der Kap, der Mutz an am Streimel,
Am Busentuch, der Mof am Dirndl,
an der Liederbox an am Këndel.

Mee den Zoll huet op Séi gelauert,
Do iwwer ass keen dien Séi bedauert.
De Juncker roost, "an elo ass Schluss!
Vun mir kritt d' Merkels nie méi ee Kuss."

(1)PBKLAVV: Privatbankkundenlistenankaufsstellenverwaltungsvorsteher

Wednesday, October 26, 2011

Den Andy Schleck an den Frank Schleck am Peckvull




Ass dat do den Peckvull? Nee, et ass een Osprey mat engem Poul.

Photo E. Thein


Dem Ushi säin Interview, oh freck!

Dat war een Gaudi fir d' Bridder Schleck.

Do war leider nit vill ze maachen,

Séi hunn sech mussen futti laachen.


Wien et laang huet léisst et laang hänken,

Dat gouf dem Ushi vill ze denken.

De Frank huet dem Peckvull iwwersat,

Gesitt selwer hei wéi dat sech hat:

http://www.youtube.com/watch?v=0CofKpGRdb0

oder hei:

http://www.youtube.com/user/egidethein?feature=mhee



Thursday, October 13, 2011

Lëtzebazar


Ass dat de Peckvillchen? Nee, dat ass een Osprey.
Photo E. Thein

Aus dem Arabeschen iwwersat vum ET


Ech sot Baïim Khaffi, Su Kuk elei,

D' Khar Gho Luks flit El O op Dubai.

Dat gëtt mir awer d' Mammelukken,

Fir deeër Ghammel do No Sukukken.


Séi fléien d' Al Jabelen, zwéin Sinai,

Vun Djerba bis zum Souk vun Bei- (1)

Rut. Mat Mazout zum ghudden Tarif,

Oder Kher Hosein, dat ass kif-kif.


Djëft, wann déi dat nit Fuhd ti Man,

Ee Mekka Niciën am Ramadan,

Hummir an deem Kaff kee Baï Hand.

Den Djunn Kher sicht een a Griicheland.


Omammomamm wat Séi nach l'Oman,

D' Lukseer flitt op Luxor-Assuan

Ënnerwee zu Sidi Bel Abbès,

Gëtt et Couscous mat Dattlen Gebeess.


A Fir al dat bezuelen Maer A Kesch.

Well Jiddah Een mécht sech ibn ewech.

Aziz ghëff Ghas! Ah do ass Doha!

D'Sau di flitt Khweesch duerch d' Sahara.


Lëtzebuerg ass am Sharm vum Scheich.

Mir Dhenken mam Sultan ginn mir Raij.

"Salamis, I like them" soen mir dann,

Dat ass Wahd mir op der Muselman.


Ee Kabel vun Kabul un d'KBL,

"Dhir an d'BIL Sid wëllkhomm um Djebel."

De Flouz hummir She'in an der Whaliss,

Dinaren déi' s De soss néierens kriss.


Djellaba ersetzt eis schéin blo Schipp.

Eisen Dokter ass lo een Toubib.

Chrëschtdag kritt all Meehdchen eng Burka,

A ginn domat Hou frij an d' Kasba.


All Päerd versteet Hëddëm an Harëm,

Arabesch léieren ass nit sou Schlëmm.

Den Djunn Kher schwätzt op Al Jazeera.

An de Jhang déi reest op Manama.


De Frieden mellt sech un als Fakir,

De Krecké deet sech als Khalif ervir.

Becca bau däin Bazar bei Babel.

1001 Nuecht ass keng Fabel.


(1) Dir Ghe Zit de Péckvillchen kennt kee Tabu méi.

Hien war vir widder an hannen bei a konnt näischt

fannen wat mat ei reimt. Dho fir gouf Beirut gespléckt

wéi wann et ee banaalt Jerusalem wär.