Ass dat do den Péckvillchen? Nee, mee et ass saïn Bildschierm. Photo SREL |
Trotz Konventioun gouf dem XB seng Limo gehimmelt.
D‘ Regierung sot d’ Regierung
muss spueren,
Eis Limoën mussen mat Summer
Pneuen fueren.
Sou gefuer ass den Bettel op
eng Matinee,
Am Kader vun den Etudes Inter-Lycées.
Een dien spéit fort fiert
kennt och spéit un.
Iergendwéi komm den Auto vun der
Bunn.
War d’ Fliehkraaft Schold um ganzen Misere?
Oder waren glat Pneuen Schold un der Affaire?
Wat geschitt ass, war an der Gedeeschtlegkeet,
do denkt dach keen méi un d‘ Sécherheet,
Den Auto blouf mam Asch am hydrauleschen
Poller hänken,
Dien war geduecht fir Terroristen ze
fänken.
Den Péckvillchen gesouch d‘ Saach live
um Schierm,
Den XB rubbelt un den Autosdieren,
Hien ass wuel op, an nit blesséiert,
An gëtt vun den Agenten XY an XZ exfiltréiert.
Domat kënnt den XB op d’ Lëscht vun den Téitschen,
Wéi et schéngt ass do den Halsdorf dien Éischten.
Mee déi zwéin sinn bei Leiwen nit eleng.
Souguer den Juncker an der Zäit krut eng
kleng.
Fënnef honnert Studenten kruten dunn eng
Mathes Klass,
Wann d‘ Regierung saïn eegenen Assureur
ass,
Wéivill op den Kapp misst jiddereen
bezuelen?
Fir dass den XB kann rëm anstänneg
fueren?
No comments:
Post a Comment