Monday, February 25, 2019

Wann d’ Tilly, d’ Milly an d’ Molly d’ Mauer maachen


Sputnik News: een Silly, pardon Silo mat ICBM




















Wann d’ Tilly, d’ Milly an d’ Molly d’ Mauer maachen

Een richtegen Zaldot mécht d ’Mauer fir d’ Freiesch ze gesinn,
Mee d’ Tilly, d’ Milly an d’ Molly well se gär um Kleine Brogel stinn.
Hei klammen se wéi den steiwen Mëttech iwwert den Drot,
An dunn hunn se een Zaldot iwwert d’ Atombommen gefrot.

Dien sot “Tjö” , mee op Vlaams,  well hien jo een Ami ass,
“Dat do geet awer ze wäit an et goung no hannen lass.”
An hien huet se e puer Stonnen an den Bing gespaart,
An do hunn se eng Gamelle voll Iertsebulli geschmaacht.

Virun den Kasären bei der grousser Paart steet jo eng Lanter,
Déi huet den Bausch iwwersinn, duerfir liicht se nach am Wanter.
Do huet den Péckvillchen op eis Heldinnen gewaart,
Well hien wousst: déi bleiwen dach nit laang agespaart.

An do hunn Zeien gesinn wéi hien dem Tilly seng nei Missioun erkläert!
Déi nächst Etapp ass mat der Leeder, Teppech an um Päerd,
Op Novosibirsk, Dombarovski, an Vostochny,
Den Wladimir wäert sech freeën wéi nach nie.

Vum Gulag duerno, no enger Gamelle voll Borscht,
Geheit een sech zu Lian Xi Wang an China an d’ Broscht.
Déi Grouss Mauer nom Kleine Brogel ass näischt fir sie.
An vun do geet et iwwer Pyong Yang op Punggye-Ri.

Dann op Tabriz, do brauch een keen Teppech mat ze huelen,
An keng Leeder, well do d’ Teppecher jo iwwert d’ Clôturë fléien.
Mee opgepasst do sinn Männer mat Bart déi verstinn keen Spaass.
Een Gléck dat eisen Jang deemools um Khomeini säint Graf gepilgert ass!

Den Donald Trump sot déi do waeren nie iwwert meng Arcelors Mauer komm,
Mee hier formidabel Aktioun ass really huge an ganz Welcome.
Well sie hunn gewisen dass d’ NATO muss besser Clôturen kréien,
An sie sollen deen alen Tarmac um Kleine Brogel frësch betonéieren!

D’ Greta Langstrumpf an Schweden steet am Schnéi bis iwwert d’ Oueren,
Ënnert sengem Klima Plakat héiert een hat iwwert d’ Konkurrenten soueren:
Déi, déi am Europaparlament schwänzen loossen sech och nach bezuelen,
Wann mer Kanner d’ Schoul schwänzen, kréien just d’ Proffen hir Kuelen.