Saturday, July 14, 2018

Europa läit an der Schubkar



NATO Memberen tweeten et iwwerall



















Europa läit an der Schubkar

Um NATO ‘s Sommet war eisen ieweschten Mann,
Bal d’ Trap eropgefall, wann een dat ganz uewen kann.


            
Hien hat dem Trump seng véier Prozent falsch verstan, 
An sech getommelt fir véier Promill ze man.

Eng Giedel vun der AAA liicht en d’ Trap erop,
Do uewen steet een Bengel mat engem Bop,
Den Juncker gladdert him ee Kuss op d’ Krawatt,
T’ ass kloer, eisen Mann kritt nit méi alles mat.

Spiert Dir et och, den Podium schwenkt hin an hier.
Bal geet den Juncker no hannen a bal no vir.
Véier Samariter stäipen  hien vun allen Säiten, 
Mee dat sinn Ukrainer an heitegen Zäiten.

Virum Cinquantenaire danzen d’ Engelen um Seel,
Hien mengt d’ Timoschenko wär am zweeten Deel.
Dunn mengt hien e wär an Thailand an enger Hiel,
Bis un den Knéi am Grappa, sëffeg schéin golden giel.

Hat Dir gemengt den Bettel hätt op hien opgepasst?
Oder den Schneider? Nee, déi hunn den Trump geschasst.
Sie huelen den Trump wéi een Thüringer an d’ Mëtt,
An stolzéieren do an d’ Kamera zu drëtt.

Gedronk? Alles Fake News zwitschert do den Trump.
Amplaz eng Trap baut dach dem Juncker eng schéin Ramp.
Ech liken dien guy, hien ass een marvellous friend,
Wéi iwweregens all Lëtzebuerger dien mech kennt.

Et war een laangen Dag fir eng dréchen Long,
Den Chef vun Europa kënnt dann zu spéider Stonn,
An der Schubkar an léisst sech an den Gala tippen,
Ënnert dem Dësch gëtt et Mullen an Fritten.

Et war sou een schéinen Dag am Nord Atlantik,
All solidaresch ronderëm eng Sciatique,
Lëtzebuerg mat 0,4% bezilt och nit ze vill!
Tiens, dat geet jo op, dat sinn och 4 Promill!