Thursday, July 31, 2014

Luxembourg for Finance kennt eppes vum Spueren


Ass dat do den Peckvillchen? 
Nee dat ass een Lëtzebuerger Frellen Fëscher, (LFF). Photo ET


Luxembourg for Finance kennt eppes vum Spueren

Am Laksömbörg for Feinenz senger Broschür, (1)
For Islämmick Feinenz, ee flott Stéck Literatur,
Gréisst den Weis-Tschärmen vun der Londoner  Deutsche Bank,
Hien kukt ganz zefrieden wéi een Sukuk an d' Land.

Keen Mënsch weess lo wien den neien Minister ass,
Well am CSV Staat war et jo agerass,
Fir direkt eng Millioun Broschüren ze drécken,
T' wollt een jo d' Land éiweg mat sech selwer beglécken.

Mir sinn awer frou wann d' nei Regierung wëllt spueren,
An mat der aler Broschür wëllt weiderfueren.
A wann et sou leeft wéi een elo schonn gesäit,
Ass d' Deutsche Bank frou, et gouf näischt ewech geheit.

Well wann d' Deutsche Bank erëm an d' Regierung kënnt,
Gëtt dann keen Centime fir eng nei Broschür verschwent.
D'  LFF huet awer muttwëlleg Geld  verblecht,
Kuckt d' Säit zéng an zwielef sinn genau déi selwecht!





Saturday, July 19, 2014

Wir sind Gross-Kommissar


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass Knüppel aus dem Sack.
Photo: GroKom

Wir sind Gross-Kommissar

Zu Berlin hannert dem Reichstag em d' Feier,
Danzt d' Angela an drénkt Boufferdéngs Béier.
An et sengt: "Ach wie gut ist es dass niemand weiss,
Dass der Jean-Claude eigentlich Hans-Claudius heisst!"

Den Cameron sot gëscht, "komm hei gëff mer een Hei Feif,
Mee keen Kuss, haalt mer den Hans-Claudius vum Leif."
Den Dijsselbloem klot, "dien dämpt jo wéi een Schaaschteg,
T' gesäit een déi schwaarz Wollek bis hanner Baschtnech."

Den Haus eegenen Spiegel seet dass hien noschelt,
Mee dat kënnt wann een laang mam Geheimdéngscht koschtert.
Dat Genoschels geet dem Mille dann op den Wecker,
An dann geet een an d' Chamber, an zitt den Stecker.

Keen vergonnt eis sou richteg eisen Kommissar,
Dann soen se dien hänkt bis Hallefnuecht am Bar,
“Nu jee, wien vill drénkt, dien vill pisst”, sot Frisings Liss.
Zu Bréissel heescht dat dann: "Wir sind Manneken Pis".

Wou se sech awer alleguer trompéieren,
Ass ze mengen de Mann géing nit regéieren!
D' Revanche ass, hien setzt se herno all schéin op d' Plaz,
An geet an d' Welt Geschicht an als GröGroKaZ. (1)

    (1)   Grösster Gross-Kommissar aller Zeiten



Saturday, July 12, 2014

Eent mathematescht Gedicht fir den gréngen Poesie Album




















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat sinn einfach Méiwen 
déi sech ewech maachen virun enger Methan Wollek. 
Photo: Biergerinitiative Stafelter.

Eent mathematescht Gedicht fir den gréngen Poesie Album

Virun Joeren war Ech alt Coureur Cycliste,
Den Stafelter erop hat Ech léiwer wéi d' Pist.
Elo ginn déi Gréng a maachen den Stafelter zou!
Ma fuert esou virun, dann geet alles bei d‘ Kou!

Op annerhallwem Kilometer verschwënnt d‘ Strooss,
Den Bausch huet dat alles ganz exakt no gemooss.
An d‘ Platz kommen am ganzen dräi Hektar nei Beem,
Well een der grad souvill fir den Tram muss ëmleeën.

Ech hunn de moien mam Mëllechmeedchen geschwat,
Dat huet mir d‘ Rechnung vum Carbon Footprint gemat:
"Dräi Hektar Bësch schlécken am Joer sechs Tonnen Gas,
Ass et dat iwwerhaapt der Wäert, dien ganzen Spaass?"

"Fuert fofzéng dausend Kilometer am Joer,
Dat ginn zwou Tonnen CO sot mäin Schwoer.
Wann een elo fënnef Kilometer Ëmwee mécht,
Fir all Dag op d’ Aarbecht, dann rechent dat sech."

"All Won mécht do dausend Kilometer am Joer,
Fir d‘ Land sinn dat zéng Milliounen, sot mäin Schwoer.
Eng kleng Regeldetri gëtt Eis dann d‘ Resultat:
Sechs honnert Tonnen CO ginn an d‘ Loft gesat".

"Dat ass honnert Mol méi wéi den Stafelter schléckt,
Ech mengen mir ginn all bei den Hännes geschéckt
Ech sot: „Ma Clarisse, do hues de nawell erëm Recht,
Ech hunn eng Léisung: manner Gas an méi Mëllech."

"Du weess dass mir all zevill Hamburger iessen,
Duerfir muss een Rëndvéier zillen an schluechten.
Du weess jo am beschten wéi déi Déieren faschten,
An eis Atmosphär mat Methan Gas verknaschten."

"Nonzeg Kilo Methan op den Kapp gëtt eng blo Wiss.
Methan ass zwanzeg Mol CO” sot d’ Clarisse.
Säin Schwoer sot, bedenk Der elo mol dat do,
Een Rëndvéi fascht genau esouvill wéi een Auto."

Mir koum eng Iddi, an déi deet guer nit wéi,
Eemol den Mount iessen mir keen Hamburger méi!
Dat sinn annerhallwen Kilo Bifdeck d‘ Joer,
Fir d' Land méich dat 750 Tonnen sot den Schwoer.

Een Rëndvéi mat siwen honnert Kilo Schluechtgewiicht,
Gett eis zwee honnert fofzeg Kilo, eemol zerluecht.
Mir géingen dann 3000 Rëndvéier spueren,
Amplaz Ëmweeër um Stafelter ze fueren.

Dir hutt richteg gerechent, wat déi géingen faschten,
Bal dräi honnert Tonnen Methan, oder se baschten.
Dat ass gläich sechs dausend Tonnen CO,
Oder dausend mol méi wéi den Stafelter Ëmwee.

Amplaz Hamburger ësst een dann gréngen Kabes,
Choufleur, Saubounen, Knuewelek an Kolrabes.
Dann faschten mer all am Tram dass et blëtzt an kraacht,
An mat all deem Gas gëtt sech alt futti gelaacht.