Friday, March 30, 2012

D' Fekter huet dem Juncker säin Mikro geholl.











































Ass dat do  den Peckvillchen? Nee, dat ass een streiderechen Hunn. Photo E.T.



O, jo! Hat muss och ëmmer alles hunn!
An elo hunn mer dann dat dervun.
Hat huet dem Juncker den Mikro geklaut,
An ellen Wierder an d' Géigend gejaut.

D' Maria huet d' Wuert "Milliarden" gesot!
Mee de Juncker sot hien hätt sech geplot,
Et wär un him gewiescht fir ze schwätzen,
An sech mat deeër Affaire ze bretzen.

Kommt elo all schéin brav, dir Kënnercher,
Soss gëtt d' Joffer Iech eng op d' Hënnercher.
Der Spillschoulsjoffer geet et elo duer,
Sie huet schliisslech hiren Titel verluer.

Dir frot Iech: a wuer geet dat alles hin?
Et sollen jo keng Jofferen méi ginn!
Grad duerfir goung d' Maria virun d' Press:
Esou een Sommet wär guer keen Pince-Fesses.


Monday, March 26, 2012

Gesicht: een Eurolog fir Mössjö Euro


Ass dat do den Péckvillchen? 
Nee, et ass een bloen Heron dien kuckt nom Här Euro. Photo ET.



Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bei d' Langobarden,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Monti dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bis ënnert d' Lannen,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Schäuble dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bis op Man Hannen,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Jyrki dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien sicht wéi Jang de Blannen,
Kann keen Ramplassang fannen,
Alleguer soten Nee.

T' bleift een vun deem Ech weess,
Fir dien brauch een keng Rees,
Well dien ass doheem ze fannen,
Dien fënnt souguer ee Blannen,
De Frieden! Seet dien Nee?

Ech weess den JC weess,
Hien brauch am Fong keng Rees!
Hien kann sech jo selwer fannen,
An dann an d' Belsch verschwannen,
Den Frieden seet nit Nee!