Sunday, September 23, 2018

De Jang mécht Gruppen Therapie zu Wien

Den Péckvillchen kann elo Pippi Kaka sangen. 
Photo: Sigmund Freud


De Jang mécht Gruppen Therapie zu Wien

Zu Wien stoungen d’ Tierken schonn erëm virun der Dir,
D’ EU Bautzenministeren waren duerfir,
Bei den Dokter Freud an eng Gruppen Therapie,
Eisem Jang seng Plaz war ganz riets vum Salvini.

Den Freud war am Leed: hien gesouch Khomeinisten,
Faschisten, Opportunisten an Rassisten,
Populisten, Antizionisten, Feministen,
Cyclisten, Konter Bassisten an Natalisten.

Eng Fro stoung am Raum: sinn déi Tierken Immigranten?
Wéini sinn Immigranten einfach Migranten?
Kréien se Asyl mat Famill an all hiren Bekannten?
Dann sinn se jo Immigranten an keng Asylanten!

Den Salvini sot kommt mir maachen eis eegen Kanner,
Amplaz ee Sklaven Handel aus aneren Länner.
Den Krou geet sou laang bei den Bur, bis d’ Waasserleitung kënnt!
Wien ass nach hei dien eppes dobäi fënnt?

Den Jang krut d’ Midderchen wéi hien dat héieren huet,
Saïn rosa rouden Brëll ass ugelaf wéi no engem Schluet.
An wéi Jang den Blannen geet en aus dem Suedel,
An wéi wëll schléit em sech mat der Vëlospompel.

Den Péckvillchen gesouch déi Saach méi vun uewen,
An Dir kënnt roueg seng Reportagen luewen:
Den Jang sot nie Merde alors wéi den Cambronne,
Hien sot zwar Tjö wéi den Schéifer Mich vun Asselborn.

Den Freud sot jo, déi Latrinen Gespréicher sinn all,
Normal am  Entwécklungs Stade sadique-anal.
Besser riicht eraus dermat wéi do bannen gehal.
Pippi Kaka ass Salon fähig international.

Fir richteg sot de Jang “Merde à l’ or” an huet domat gemengt,
Elo ass den Secret bancaire vun der Spuerkeess gesprengt.
Een Drëttel vun Italien gëtt vun der Mafia kontrolléiert,
Een Drëttel ass och zu Lëtzebuerg déposéiert.

D’ Spuerkeess déi jo dem Lëtzebuerger Staat gehéiert,
Huet eis nach deeselwechten Dag desinforméiert,
Dass den Salvini do 48 Milliounen hätt.
De Jang, d’ Spuerkeess, an d’  Lega leien an engem Bett!

An dat war alles, t’ ass och déi richteg Geschicht,
Mee haut gëtt iwwerall no engem Kurzschluss gesicht.
D’  Milliounen sinn husch, am Reen do steet den Lëtzi!
Tjö, déi sinn elo zu Wien, op engem Kont beim Oetzi. 





Sunday, September 16, 2018

Walen 2018: Den Péckvillchen deckt den Skandal vun der Wieler Ënnerdréckung op.

42 Place Guillaume II hat den Jang op seng Circulaire geschriwwen



Walen 2018: Den Péckvillchen deckt den Skandal vun der Wieler Ënnerdréckung op.



Den Egide huet sech hei an der Redaktioun beklot,

Hien wär een Wieler, een Patriot an een Zaldot,

An dach kéint hien dëst Joer nit wielen goen!

An hien stellt sech do dann allerhand Froen.



Den Jang huet zu Wien dat blot vun der Donau geflucht,

Et hat näischt ze dinn mat italienescher Steierflucht,

Hien war rosen dass den Italiener gären Bambini mécht,

An Europa dann ouni Migranten ausenaner brécht.



Den Egide hätt nawell gär fir all déi Bambini gestëmmt,

Den Gramegna vläicht, di Bartolomeo, mee d’ Dall’Agnol bestëmmt.

Mee dem Jang seng Bréifwal huet LuxPost him zréck geschéckt,

Den Bréifdréier sot “adresse incorrecte”, dat ass jo verréckt.



An schonns kennt d’ UNO an d’ Spill mat Observateuren,

Well déi Walen wären organiséiert vun Amateuren.

Vertrieder aus Italien, Kongo, an Vatikan,

Kucken dann no dass keen méi fuddelen kann.




Saturday, July 14, 2018

Europa läit an der Schubkar



NATO Memberen tweeten et iwwerall



















Europa läit an der Schubkar

Um NATO ‘s Sommet war eisen ieweschten Mann,
Bal d’ Trap eropgefall, wann een dat ganz uewen kann.


            
Hien hat dem Trump seng véier Prozent falsch verstan, 
An sech getommelt fir véier Promill ze man.

Eng Giedel vun der AAA liicht en d’ Trap erop,
Do uewen steet een Bengel mat engem Bop,
Den Juncker gladdert him ee Kuss op d’ Krawatt,
T’ ass kloer, eisen Mann kritt nit méi alles mat.

Spiert Dir et och, den Podium schwenkt hin an hier.
Bal geet den Juncker no hannen a bal no vir.
Véier Samariter stäipen  hien vun allen Säiten, 
Mee dat sinn Ukrainer an heitegen Zäiten.

Virum Cinquantenaire danzen d’ Engelen um Seel,
Hien mengt d’ Timoschenko wär am zweeten Deel.
Dunn mengt hien e wär an Thailand an enger Hiel,
Bis un den Knéi am Grappa, sëffeg schéin golden giel.

Hat Dir gemengt den Bettel hätt op hien opgepasst?
Oder den Schneider? Nee, déi hunn den Trump geschasst.
Sie huelen den Trump wéi een Thüringer an d’ Mëtt,
An stolzéieren do an d’ Kamera zu drëtt.

Gedronk? Alles Fake News zwitschert do den Trump.
Amplaz eng Trap baut dach dem Juncker eng schéin Ramp.
Ech liken dien guy, hien ass een marvellous friend,
Wéi iwweregens all Lëtzebuerger dien mech kennt.

Et war een laangen Dag fir eng dréchen Long,
Den Chef vun Europa kënnt dann zu spéider Stonn,
An der Schubkar an léisst sech an den Gala tippen,
Ënnert dem Dësch gëtt et Mullen an Fritten.

Et war sou een schéinen Dag am Nord Atlantik,
All solidaresch ronderëm eng Sciatique,
Lëtzebuerg mat 0,4% bezilt och nit ze vill!
Tiens, dat geet jo op, dat sinn och 4 Promill!

Sunday, April 8, 2018

Den Trump ergëtt sech dem Juncker an dem Wiff.


PECKVILLCHEN















Den Trump ergëtt sech dem Juncker an dem Wiff.



D’ Wäisst Haus zu Washington gesouch ganz rout,

Well Arcelor-Mittal am Ohio wär bal dout.

Den Trump schléit erëm eng Kéier den Kapp op den Nol,

Mat enger Steier op Lëtzebuerger Eisen an Stol.



Well all Kaff op der Welt kacht elo Stol,

An verkeeft dann eng Dunn zum Präis vun engem Nol.

“Abbé” sot den Juncker, “dass keen dat vergësst,

Dann besteieren mir eben seng Afennëss.”



“An saïn Whisky, Harley-Davidson, den Whisky,

Ketchup, an nit ze vergiessen och den Whisky.”

“Ma hal dach op,” sot d’Wiff, “Ech war jo laang derbäi,

Du kriss dach als Kommissar däin Whisky steierfräi!”



An schonns hält do eisen Mann den Patt an Éieren,

Mee léisst sech vum Brigitte Bardot heemféieren.

Hatt an hien sangen um Motorrad zu spéider Stonn:

“Je n’ai peur de personne sur mon Harley Davidson!”



Sie hunn den Hollande op senger Mobilette iwwerholl.

Wéint dem Trump katzt dien saïn integralen Helm ganz voll.

Passt op, op den Bausch op zwéin Vëloen nieweneen,

Ouni Lutepotoen an der Nuecht gesäit hien jo keen.



Arcelor Mittal sot, “ma Wiff, hal elo nëmmen op,

Soss stees De nach am leschten Artikel vum Feierkrop.

Zu gudder Enn mécht den Trump wéi mir mat Amazon,

Guer keng Steier fir äis aner an der Eurozon.”





Wednesday, February 28, 2018

Der, die, das - den Tram ass Transgender




Eng Péckvillchen Diskussioun


















Der, die, das - den Tram ass Transgender


Erënnert Dir Iech, an der gudder aler Zäit,
Déi jo laut Colette Flesch an eisem Passé läit,
Deemools soten mer dach, kommt mir huelen den Tram.
Den Tram war männlech, mee haut ass hien eng Madame.  

Luxtram seet: “Die Tram fährt”, dann “un tram pour la ville”.
Den Péckvillchen fäert dat wär dees Gudden ze vill,
Dir wësst jo den Péckvillchen ass een Philolog,
Hien schreift jo vill Monolog op sengem Blog.

Abbé, Dir gesitt dach, eis Sprooch huet changéiert,
Den Accent gouf mëll and d’ Grammaire massakréiert.
“Ësch erënneren mësch” seet een op RTL,
“Maestro” seet mäin Noper, “dat ass sech den fröhlich Well”.

Das macht die Gewohnheit, die Macht der Gewohnheit,
Die, der, das, dem, den gëtt duercherneen gehait,
Meng Nopesch d’ Tram Van Nguyen ass eng richteg Dame,
Och Sie seet: “komm d’ Péckvillchen mat mech an déi schéin Tram.”

An mäin Schwoer jodelt: “In d’r Schwyz hei mer das Trämli”
An den Juncker seet: “Dat reimt jo mat die Pflümli!”
An iwwerhaapt huet hien nie keng Tram gewollt,
Well déi, oder dien ass jo ëmmer nëmmen hallef voll.

401.811,5 Leit schwëtzen dat neit Lëtzebuergesch,
Nach een klengen Hoff dann klengt et wéi Daitsch,
Dann sinn mer zu 90 Milliounen mat eiser Sprooch,
“O wéi süß” sot die Ramponi an das UNESCO.

Dann gëtt Lëtzebuergesch an der Kommissioun geschwat,
An et gëtt an all déi aner Sproochen iwwersat.
An mir sangen op d’ Weis vun die Tram die rallala,
Op der Wies’n zesummen mat das Angela.






Wednesday, January 3, 2018

Den Juncker huet den Tramsführerschäin nit gepackt.

Gläichgewiicht
























Den Juncker huet den Tramsführerschäin nit gepackt.


Den Jean-Claude Juncker hat sech schonn sou Drëpp gefreet,

Den Tramsführerschäin wär fir hien eng Klengegkeet
An der Pensioun wär hien nëmmen méi Tram gefuer,

Well d’ Schinnen halen jo den Vollsten an der Spuer.



Do kënnt hien dann all deenen Kreckéiler weisen,

Wéi hien d’ Riicht kann halen, op der Strooss vun Eisen.

An frot dann ganz roueg no allen Sai-aiten hin,

Néierens kann een eidel Glieser gesinn.











Hei klëmmt en aus dem Auto wéi ’s De jo gesäis,

Wéint Schlag Säit ass en um rouden Teppech entgleist,

En krut dunn extrem riets den Kulang ze paken,

Fir dem Jury eng naass Bees op d’ Stir ze klaken.




Wéi den Jury sech dunn endlech gedréchent hat,

Huet déi Entgleisung sech iwwerall erëm geschwat,

D’ Examenskommissioun sot: “dien do ass schief geluet!”

Drop schléit den Juncker un wéi den Gemenge Buet.



Den Donald (dien aneren) sot: “O frextenit”!

“An dem Zoustand verhandelt hien och den Brexdenit”,

“Mee mir wëllen stolz den No-oper weisen:

“Keen Führerschäin fir Leit déi um Teppech entgleisen!”