Friday, February 27, 2015

Wéi den Bettel d’Simonetta gerett huet.


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee dat ass den Globi Kropemann. Photo ET






















D’ Simonetta ass dem Kropemann fortgelaf,
T’ leeft ausser Otem vun Bréissel bis bei den Xav.
“Xav, den Globi vun Bre’issel ass den Kropemann,
Ech fäerten dien elo mat senger Kropestaang!”

“Grüezi” sot den Xav, “hei ass alles méi formal.
Et gëtt keen begladdert, Ech stinn hei ouni Schal,
Mam Hiem an der Box, net ewéi sou een Tsirpas,
An mat Kravatt, well dat jo den Protokoll ass.”

Am Hotel de Bourgogne, wéi dat dann esou ass,
Hunn déi zwee dunn d’ Angela an Juncker beschass.
Sie hunn geschwat iwwert d’ Gletscheren déi schmëlzen,
An Commerzbank, déi krut jo och e puer Bëlzen.

D’ Simonetta souz laang beim Luxemburgerli,
“Dat hei ass awer anescht wéi mat dem Globi!
An wann Ech nach eng Kéier mat deem ze dinn hunn,
Gleef mer, dann deet dat hei awer eng Burka un!”




Thursday, February 26, 2015

Groussen Uerden vum Schandfleck fir den Juncker


D’ Angela an den François sinn nawell opgereegt!




















Groussen Uerden vum Schandfleck fir den Juncker

Den Juncker krut erëm een Uerden an een Scheck,
Dës Kéier dien Groussen Uerden vum Schandfleck!
Hien hëlt saïn Scheck an nach méi séier wéi den Schleck,
Verstoppt hien dien an sengem alen Schmuddeleck.

D‘ Angela sot: „François, do läit d‘ Kromm an der Heck,
Ech erwiergen um Kuddelfleck vun lauter Schreck!
Den Schandkloot mécht awer allerhand Mëscht an Dreck,
Ech mengen dien hëlt eis hei schéin mat den Weck!“.

„Angela mon ange, oui! Hien mécht mat eis den Geck!
Dann bleift en elo eraus aus dem Dossier grec.“
„An Ech schécken him dann fir ee gudden Zweck,
D‘ Commerzbank, dat rëselt dann dien Mued am Speck!“






Thursday, February 12, 2015

Tax Talks am Seven - Eleven


Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat sinn eleven birds.  Photo: Studio 12



















Tax Talks am Seven - Eleven

D’ Regierung ënner Sequester am Design-Hotel,
Hat een Tax-Talk, mee t’ war alles confidentiel!
Am Seven Hotel sollten se nëmmen English schwëtzen,
Dann ass manner Gefor fir den Secret ze verletzen.

Den Seven Hotel ass een High-Tech Hotel,
Op den Diwwi owends leeën se zwéin Äppel.
Den Budget schéngt jo an der UBS ze sinn,
An souguer den Lift muss voice-aktivéiert ginn.

Only den Asselborn koum nit, an dat fält op!           
Hien sot “No Hologram”, well hien ass holophobe.
Here is the Problem, den High-Tech Lift war futsch.
Wien hat dann Esch virgeschloen? Thank you very Mutsch!

Am Lift blockéiert, hunn eis Leit vill Zäit verbruecht,
Yes, se hunn un een neien Steiersatz geduecht.
Dien geet erop, mee d’ Steieren ginn nit gehéicht.
Well, t’ schéngt dass jiddereen méi kleng Paien kréich.


Thursday, February 5, 2015

Trotz Konventioun gouf dem XB seng Limo gehimmelt.



Ass dat do den Péckvillchen?
Nee, mee et ass saïn Bildschierm. Photo SREL






























Trotz Konventioun gouf dem XB seng Limo gehimmelt.

D‘ Regierung sot d’ Regierung muss spueren,
Eis Limoën mussen mat Summer Pneuen fueren.
Sou gefuer ass den Bettel op eng Matinee,
Am Kader vun den Etudes Inter-Lycées.

Een dien spéit fort fiert kennt och spéit un.
Iergendwéi komm den Auto vun der Bunn.
War d’ Fliehkraaft Schold um ganzen Misere?
Oder waren glat Pneuen Schold un der Affaire?

Wat geschitt ass, war an der Gedeeschtlegkeet,
do denkt dach keen méi un d‘ Sécherheet,
Den Auto blouf mam Asch am hydrauleschen Poller hänken,
Dien war geduecht fir Terroristen ze fänken.

Den Péckvillchen gesouch d‘ Saach live um Schierm,
Den XB rubbelt un den Autosdieren,
Hien ass wuel op, an nit blesséiert,
An gëtt vun den Agenten XY an XZ exfiltréiert.

Domat kënnt den XB op d’ Lëscht vun den Téitschen,
Wéi et schéngt ass do den Halsdorf dien Éischten.
Mee déi zwéin sinn bei Leiwen nit eleng.
Souguer den Juncker an der Zäit krut eng kleng.

Fënnef honnert Studenten kruten dunn eng Mathes Klass,
Wann d‘ Regierung saïn eegenen Assureur ass,
Wéivill op den Kapp misst jiddereen bezuelen?
Fir dass den XB kann rëm anstänneg fueren?





Tuesday, February 3, 2015

Wéi den Juncker d’ Rotkäppchen wollt friessen


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een schaardegen Anhinga. Photo Hop Schwyz



















Mat der Bundespraesidentin Simonetta Sommaruga




Mat liichtem Schrëtt koum aus dem Berner Oberland,
D‘ Rotkäppchen, een Jodel op der Leps, een Kuerf an der Hand,
Mat Emmentaler Kéis an Schwäizer Schockela,
Fir den Bréisseler Juncker an fir d’Angela.

Fir den Empfank stoung den Juncker do am Schofspelz,
“Simonetta, Du weess nit wéi ‘s Du mir gefäls!”
“O Bop, Du richs no Tubak!” “Dat ass mäin Stumpen.”
“An och no Pflümli!” “Dat war Grappa am Humpen.”

“O Bop, Du bass jo schaardeg, wou sinn dann Deng Zänn?”
“Ech friessen Dech awer, ouni Zänn mat den Hänn!”
An do koum eisen GröKaZ (1) op den Balleren,
Un d’ Simonetta gladderen an knabberen.

Do koumen den Renert mam Péckvillchen dohier,
“O fréck” sot den Renert, “Péckvillchen géi Du vir.”
“ Den Isegrem kann näischt méi knaen, t’ muss Flësseges sinn,
Mir mussen dem Pätter eng Këscht Feldschloesschen ginn.”

(1)   Grösster Kommissar aller Zeiten

(2)   Source: http://blick.ch/3454094








Sunday, February 1, 2015

Den Werteunterricht gëtt een Erotiks Cours


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee,
dat ass dach eng Kanengchen! Photo Kamasutra






















Den Werteunterricht gëtt een Erotiks Cours

D’ Trennung vun der Kierch am Staat goung ouni Trenn Scheif,
Well bekanntlech d’ Kierch an de Staat, déi trei sech léif,
Net konnten esou einfach ausenaner goen,
An eis als Stéifkanner am Reen loossen stoen.

Mir kruten natierlech nach laang nit alles gesot,
Duerfir huet den Péckvillchen seng Agenten gefrot:
“ Kuckt emol gutt wat do alles derhannert stécht,
Wat dien een esou seet, an awer anescht mécht.”

D’ steet an der Bibliothéik, mam Bëschof virdrun,
Kuckt, et ass dat rout Buch nieft sengem rietsen Bak,
Et ass nach laang nit dat frommsten an senger Tak.

















“Kulturgeschichte der Erotik” liest een do,
Am Werteunterricht gëtt dat eng Examensfro.
Den Péckvillchen huet alt am Viraus studéiert,
Well hien dien Examen jo nit gär ratéiert.

Dem Bëschof saïn Buch ass vum Reay Tannahill,
Schéin illustréiert, well dann léiert een vill.
Vun taotischem Sex, an Inzest an Egypten,
An vun Polygamie bei den Sténg Zäit Mënschen.

Vun griicheschen Dildoën, türkeschen Eunuchen,
An d’ Homosexualitéit bei den Azteken.
Een Klassiker, an Wuert an Bild ganz schéin erkläert,
Esou dass endlech keen d’ Ierfsënn méi fäert.

Den Péckvillchen mengt et wär den Poopst selwer gewiescht,
Dien dem Äerzbëschof dat Buch gouf den leschten Hierscht.
Déi kleng Lëtzebuerger sollen kapéieren,
Nit méi wéi d’ Kanéngercher ze verkéieren.

Déi kleng Lëtzebuerger ginn elo manner gehemmt,
Well d’ Katecheten sinn nit méi erotesch verklemmt.
D’ Kanner schwëtzen elo vun Hamen an Mamen,
An vun der Erotik, an Éiwegkeet, Amen.