Sunday, April 8, 2018

Den Trump ergëtt sech dem Juncker an dem Wiff.


PECKVILLCHEN















Den Trump ergëtt sech dem Juncker an dem Wiff.



D’ Wäisst Haus zu Washington gesouch ganz rout,

Well Arcelor-Mittal am Ohio wär bal dout.

Den Trump schléit erëm eng Kéier den Kapp op den Nol,

Mat enger Steier op Lëtzebuerger Eisen an Stol.



Well all Kaff op der Welt kacht elo Stol,

An verkeeft dann eng Dunn zum Präis vun engem Nol.

“Abbé” sot den Juncker, “dass keen dat vergësst,

Dann besteieren mir eben seng Afennëss.”



“An saïn Whisky, Harley-Davidson, den Whisky,

Ketchup, an nit ze vergiessen och den Whisky.”

“Ma hal dach op,” sot d’Wiff, “Ech war jo laang derbäi,

Du kriss dach als Kommissar däin Whisky steierfräi!”



An schonns hält do eisen Mann den Patt an Éieren,

Mee léisst sech vum Brigitte Bardot heemféieren.

Hatt an hien sangen um Motorrad zu spéider Stonn:

“Je n’ai peur de personne sur mon Harley Davidson!”



Sie hunn den Hollande op senger Mobilette iwwerholl.

Wéint dem Trump katzt dien saïn integralen Helm ganz voll.

Passt op, op den Bausch op zwéin Vëloen nieweneen,

Ouni Lutepotoen an der Nuecht gesäit hien jo keen.



Arcelor Mittal sot, “ma Wiff, hal elo nëmmen op,

Soss stees De nach am leschten Artikel vum Feierkrop.

Zu gudder Enn mécht den Trump wéi mir mat Amazon,

Guer keng Steier fir äis aner an der Eurozon.”