Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass den Storch Stolichnaya.
Photo BBBB
|
Den Péckvillchen weess wou den
Putin ass!
“Wou ass den Putin?” freet d’
Welt ganz opgereegt.
Well zu Moskau näischt sech méi
ëm hien beweegt.
Et sinn der déi soen hien wär
an der Ukraine!
Oder bei ISIS? Wou ass en? Dat
weess keen Schwäin!
Mee den Péckvillchen huet do
alt méi Iwwersiicht.
T‘ war alt erëm den Juncker,
dien huet eng gestiicht.
Well dien sot hien hätt gär
eng Europa Arméi,
Dann zéien mer den Putin gutt
iwwert den Knéi!
„O jo mat der Schnëss“ huet
dunn den Putin gesot,
Du Spréif dees mech nit fäerten,
dien hei war Zaldot!
Amplaz Krich fuerdren Ech Dech
zum Duell eraus,
Du hues den Choix vun den
Waffen, Du Micky Maus.“
„Gutt“ sot den Juncker, „d‘
Wahl ass Vodka aus der Strenz,
Torse nu an och d’ Pänz, eleng
wéint der Transparenz.“
An den Juncker huet den Putin déif
an d‘ Aen gekuckt.
Déi zwéin hunn Strenz iwwer Strenz voll Vodka geschluppt.
No e puer Eemeren vun deem
Stolichnaya,
Wackelen eis Duellisten an em
sie d‘ Gebaier,
Fir den Juncker war den Putin
een klenge Fësch:
Dien leet nach aacht Deeg am
Kreml ënnert dem Dësch.
No comments:
Post a Comment