Sunday, October 27, 2013

Den Obama blaméiert den Juncker
















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, mee Ech kann näischt verroden. Photo ET

Den Obama blaméiert den Juncker

Gëschter war d' Angela bei den Obama soueren.
"O Boma" sot hat, "wat hues Du grouss Oueren!"
"Dat ass fir Dech besser ze héieren mäi Kand",
"Just den Juncker lauschteren, dat ass keen amstand."

Wéi Ech dat héi'ren hunn goung ech bei den Barry,
"Ech wëll näischt héieren vum Hillary an Kerry,
Duerfir koum Ech direkt bei Dech an däin Bunker.
So mir, diskriminéiers Du géint den Juncker?"

"Ma ET, wann's  Du eis näischt géings iwwersetzen,
Dann wéisst jo keen vun wat den Juncker géing schwätzen.
Mir hunn zwar dem SREL seng Auer an der Festung,
Déi spëtzelen, an schécken eis d' Iwwersetzung."

"Den Vladi sot och, Juncker-googlen huet keen Wäert,
Am KGB setzen se op een anert Päerd,
Den Vladi an den Xi sinn lo hannert dem Xav,
Dien huet een neien Kryptovox hannert dem Schaaf. "

Mee d'Angela huet beim Obama eng Iddi kritt,
Wann Deutsche Telekom Sie warnt mat "Feind hört mit",
Dann mellt Sie sech mat "Hei ass den Schoonkloot Juncker",
"Märtt!" son d' Spiounen dann an hiren Spelunken.

Den Hollande dien keen Hollännesch kann krut dat mat,
An hien sot, dann maachen Ech elo grad wéi hat.
Et schellt. "Hei ass den Schoonkloot Juncker", sot Sie dunn.
"Jawoll, ici aussi" huet den Hollande dunn gelunn.

Den Obama kraazt sech laang hannert dem Ouer,
Merkel an Hollande sinn verschwonn, ass dat wouer?
Mee den Schoonkloot héiert een op allen Leitungen,
Just nit bei den Koalitiounsverhandlungen.




Wednesday, October 16, 2013

De Juncker ass een Affer Lämmchen!

Ass dat do den Péckvillchen? Määäh nee, dat ass ee schwaarzt Lämmes. Dass d’ Photo vum ET ass, ass eng Liggen.

De Juncker ass een Affer Lämmchen!

D' Lëtzebuerger Walcampagne ass platt wéi een Euro,
Firwat ginn mer eigentlech wielen, stellt sech d' Fro.
T' héiert een keen Pippcheswuert vun den Skandalen,
No dësen Walen, bleift do alles beim Alen?

D' Consolatrix muss rëm hiren Noper tréischten,
Hien ass d' Affer Lämmchen vun all deenen Béischten.
"Määäh Scheefchen", sot d' Mährri dunn, "géi lo getréischt heem",
"Määäh verstéi, bis bei määähch erop wuessen keng Beem".

Et geet keng Rieds määäh vun den määähschten Skandalen,
Soll den Määähschter iwwert d' Bananneschuel falen?
Oder huet hien e Määähndeg d'absolut Määähjoritéit?
Zwanzegdausend Chômeuren ginn him määäh Stabilitéit.

Tse Ess Fau seet määäh behalen gääär dien Alen,
Määäh wäerten d' Hand iwwert d' Affer Lämmchen halen!
Määäh gutt dann, soen déi Gréng an den Sandalen,
Blo a Rout soen den Määähschter setzt eis Falen.

E Sonndeg, no der Seechen vun der Rouder Geess,
Loossen määähr den Kaffi ston, samt Schmier an Gebääähs,
Fir deem schéinen schwaarzen Affer Lämmchen no ze goen,
Wäit virun den Rouden, Gréngen, an den Bloen.

An e Määähndeg de Muergen sëtzt d' Land an der Klääämm,
Wou d' Määählzecht duerecht d' Wisen zéit, hunn d’ Leit déck d' Flääämm.
Goufen määäh all vum Lämmes gebass? Wuer geet dat hin?
Määäh, meng léif Mähdame, määäh wëllen bleiwen wat määäh sinn!

Abbé Mährssi!



Friday, October 11, 2013

Cargolux, no allen Zoossen

    Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass eng Annonce fir den 
    Kung-Fu den 20. Oktober. Photo ET

Cargolux, no allen Zoossen

Vill Käch verdierwen den Couscous seet eist Spréchwuert,
Den Wiseler hat nit mam Tofu do gespuert.
Dunn huet dem Frieden säin Plat no Mazout geschmaacht,
An d' Beduinen hunn sech aus dem Stëpps gemaacht.

Et war zwar flott, Méchoui an der Sahara,
Harem an Hëddem um Päerd beim Ali Baba.
Eng Djellaba, Kefir mam Fakir beim Kalif,
An dir sot Katar an China dat wär kif-kif?

D' Spill Wiseler - Frieden war richtegen Ping Pong,
Elo huet den Wiseler den Knëppel vum Gong.
Hien kacht eleng, Generol Tsos Poulet mat Hong.
Wann keen meckert, kritt Der och ee Bong fir ee Stong.

T' richt no Jasmin an Knuewelek bis op Ghengzhou,
Dinaren fir Renminbi, et kascht eis kee Sou.
Hien brauch dach keen Frieden, keng Welt Bank fir Hëllef.
An keen Kung-Fu, mer sinn jo awer keng Wëllef.



Thursday, October 10, 2013

Hëllef! Ech gesinn Orange fir d' Zukunft!


Ass dat do den Péckvillchen? Op allen Fall ass dien mega süß! Photo ET

Hëllef! Ech gesinn Orange fir d' Zukunft!

Wann een virun Joeren ausgewandert ass,
Dann freet een sech, wat ass dann mat Lëtzebuerg lass?
Dann erkennt een jo seng al Sprooch nit méi erëm!
"Oh wie süß, esou mega" seet eng zackeg Stëmm.

An dann kommen vill nei Wierder an den Gebrauch,
Wéi "Nohaltegkeet", dat gëtt engem Krämp am Bauch.
An dann sinn all déi, déi kënnen "novollzéien",
Ech kann dat och, fir eis Sprooch op d' Kopp ze dréinen.

T' geet nit duer mam Minister fir Nohaltegkeet,
Mir kréien och een fir Stabilitéitegkeet,
Dien cumuléiert gëtt mat der Baufällegkeet.
An den Aarbechtsminister krit och d' Liddregkeet.

Den Justizminister kritt d' Ongerechtegkeet,
Een Staatssekretär kritt d' Krankheet an d' Topegkeet,
Eis Ombudsfra gëtt d' Madame Virbehaltegkeet,
Dat ganzt iwwerwaacht vum Här Hannerlëschtegkeet.

Ass dat geschafft, dann hunn mer endlech Transparenz,
Dann nätzen mer d' Fräiheetsbeemercher mat der Strenz,
An wann déi dann  bléien, maachen mer Lannentéi,
Dat wär mega süß, dann hätten mer keng Krämp méi! 


Sunday, October 6, 2013

Huet schonn een vun Iech den Juncker gesinn?


    Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass ee Ligen Reiher mat 
    engem Wal Verspriechen. Photo ET


Huet schonn een vun Iech den Juncker gesinn?

Ech hunn et gesot, an Ech soen et och nach,
Brauch Lëtzebuerg dann iwwerhaapt den Juncker nach?
Hien war nie do, an trotzdem wielen s' en rëm all,
Hien ass jo lo do, op Plakaten, iwwerall.

T' gouf e bësschen Gedeessems an der Tse Ess Fau,
Do woussten se den Walprogramm nach nit genau.
Dunn soten se dat neit Schwaarzt wär elo Orange,
De Juncker sot "Ech sinn rout, an ginn op Florange."

Den Mischi sot; " Dat Duercherneen, SREL, Coup d' État,
Parlament, Kommissioun, geet hien op Europa?
Mir brauchen hien nach, hien muss jo Stëmmen fänken,
Loosst mer hien op neien Plakaten ophänken!"

Elo steet hien do, ganz eleng op allen Ecken,
"Eleng, zesummen fir Lëtzebuerg?" froen d' Gecken.
Ma jëmmen an gewëss, hien ass all Dag um Tour,
Souguer mam Luc Frieden an Sarah Khabipour.

Hien mécht Spréchelcher, bleift nach laang zu Lëtzebuerg.
Néng Méint bis d' Europawal, ass dach nit ze uerg?
Kuckt d' Plakat, rout Cravatte, bloen Kostüm, gréngen Bësch,
Bleift en, oder sinn dës Walen säin Gréngen Dësch?


Wednesday, October 2, 2013