Saturday, June 29, 2013

D' Responsabilitéit am SREL ass objektiv an subjektiv.

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, Dir gitt hei observéiert vum SREL.

D' Responsabilitéit am SREL ass objektiv an subjektiv.

T' Schold um SREL ass déi objektiv an subjektiv?
Administrativ, ëmgedréint an der Spektiv,
Sinn Ech awer positiv dat wär relativ.
Ech sinn also konstruktiv an nit negativ.

Dien Konjunctiv ass e bësschen spekulativ,
Et ass keen Superlativ, dat wär exzessiv.
Ech sinn affirmativ, den SREL ass explosiv.
Do war keen passiv, all waren d' Lokomotiv.

D' Zeien sinn negativ, d' Affaire ass massiv,
D' Method war primitiv an d' Geschäft lukrativ,
Sou eng Kooperativ fir déi destruktiv,
Fir déi gouf et keng attraktiv Alternativ.

Hiren Laxativ war duerfir och produktiv,
An den Beschass korrosiv fir den Roby Biev. (1)
Hien war sou sensitiv, a wosst nit op hien blief.
Wann Iech geliv, Ech soen Iech dat am Subjonktiv.

Duerch mäin Objektiv um wackelegen Stativ,
Sinn se selektiv an der Kommissioun Bodryv.
Mir sinn dubitativ, alles ass SRELativ.
D' Moral ass demonstrativ een Junckerlativ.

(1) Ganz kloer huet een do den E an den R geklaut. Dat war den Här "M" dien huet se fir een CD dem Heck geschenkt. An elo hunn mir och een Hecker am SREL.


Monday, June 24, 2013

D’ Press deet dem Mischi een Maulkuerf un!



Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat sinn Memberen vun der Press déi wëllen engem een Maulkuerf undinn. Photo ET

D’ Press deet dem Mischi een Maulkuerf un!

Ech duecht den Dämmitsch Kontroll wär bal eriwwer,
Mee de Mischi geet nach ëmmer schéin derwidder.
Hien mécht elo Kontroll Dämmitsch am Réckgang,
An d’ Schudderen ginn him aus duerch Haut a Schank.

En huet grad nach am Gudden mam President gejaut,
Sou dass dien sech guer nit méi bei den Mischi traut.
A jo, vun haut un mécht den Mischi Käpp mat Neel,
An geet dann dermat bei den Journalisten feel.

An engem zou gepechten Bréif mécht hie d’ grouss Wäsch,
Alles bal ouni Feeler, an am beschten Belsch,
Wann d’ Press awer plangt him een Maulkuerf unzedinn,
Géing Ech déi gär op deem Risen Chantier gesinn.



Saturday, June 22, 2013

Stellt Iech vir et ass eng Pressekonferenz an et geet keen dohin!

Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee dat ass ee Kueb eleng op 
senger Pressekonferenz. Photo ET

Stellt Iech vir et ass eng Pressekonferenz an et geet keen dohin!

De Misch sot, "Ech halen nach eng Bretz Konferenz,
Ech ginn Iech fënnef Äntwerten wéi mat der Strenz.
T' brauch keen sech vir ze drécken, Ech äntweren all Fro,
Virum Roude Léiw, schéin gesträift mat wäiss an Blo."

Der CSV hir Hiel klengt huel ewéi eng Bidden,
De Mischi sot "am Krich zwëscht Biever an Fridden,
Do hätt keen nie näischt gesot, do stellt sech keng Fro."
Keng Fro-o, keng Fro-o, keng Fro schaalt den Echo.

Den Mischi mam Mikro steet op der Äppelkëscht,
Der Rei no huet en seng fënnef Äntwerten vermëscht,
An huet sech nit ginn mat Äntwerten op keng Fro,
Hätt keen en raus geholl, dann stéing hien haut nach do.



Thursday, June 20, 2013

Invitatioun op eng nei Séance Dämmitsch Kontroll mam Mischi

Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een dien ass krank am Kapp. Photo ET

Invitatioun op eng nei Séance Dämmitsch Kontroll mam Mischi

Ech hat Iech jo gesot, passt gutt op wat der maacht,
Dir hutt mer näischt gegleeft an heemlech gelaacht!
Abee gutt, Der sot Moien Misch, dat war eng Datz,
Mer man dat dann nach emol, dann hutt der den Latz.

Ech kann zwar déi krank am Kapp ganz schlecht verdroen,
Obschonn Der guer näischt verstitt wäert Ech mech ploen,
Fir déi stompechst Messeren ënnert Iech ze schäerfen,
Dat sinn dann déi, déi mer Froen stellen däerfen.

Ech hunn am ganzen fënnef richteg Äntwerten,
All falsch, domm, frech Fro muss Ech écartéieren.
Fir eng richteg Fro kritt Der eng schéin Medaille un,
Wann mer iwwerhaapt dann nach eng Regierung hunn.

Saturday, June 15, 2013

Den Wolter rennt mat honnert Komma siwen schief an t' Kéier.

    Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een Voltaire dien 
    hannert den Journalisten ass. Photo ET
 
Den Wolter rennt mat honnert Komma siwen schief an t' Kéier.

Een schwäiwëlle Wolter wollt der Press ënnert d' Woll,
Hien wollt se wëlleg man mat zwielef dausend Volt.
Hien wéisst gär wien a wat a wou, wéini, woufir,
Zu wiem sot hien, hien wär dergéint mee och derfir.



Wednesday, June 12, 2013

Den Yves Eicher baut eng Luxusvilla um Mierscherfeld

    Ass dat do een Peckvillchen? Ma nee, dat ass een dien baut eng 
    Luxusvilla um Mierscherfeld. Photo ET


Den Yves Eicher baut eng Luxusvilla um Mierscherfeld

De Riichter sot "t' geet elo duer, sidd nit sou stuer,
Hei ass dann een Trick: ëmgedréint ass och gefuer,
Wann den Här Miersch Iech um Eecherfeld nit gutt gefält,
Dann kënnt den Här Eicher eben op d' Mierscherfeld!"


De Juncker am Mäerchen Park.

    Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Ikarus dien 
    nach méi héich flitt wéi d' Cargolux. Photo ET.



Dem Juncker seng Leit waren am Park zu Beetebuerg,
D' Bridder Grimm haten Andersen an Peyrault bruecht,
T' war ee Stage fir Mäerchen awer nëmmen fir Pafen.
Roud, Blo a Gréng stoungen bei der Clôture ze afen.

Do huet een al Raibergeschichten héieren,
Se waren jo all do fir ee bësschen ze léieren,
Alles un engem Strack ass besser wéi een rouden Fuedem,
"Mam Fuedem fält een mat der Schnëss op den Buedem."

Esou sot do den Juncker dien als Zeus verkleet,
Méindes Mueres schonn op Athen op Reesen geet.
Se zielen vum Cronos mat der Rolex Auer,
Dien louch beim Zeus mat der Auer op der Lauer.

T' geet Rieds vum Bommeleeër mat den honnert Hänn,
Vum Herkul dien raumt den Stall an och d' Genn,
Vun Titanen mat gebrachenen Genécker,
Am Atlas seng zesummen geluechten Stécker.

Den Luc Icare flitt méi héich wéi d' Cargolux,
Ënnert den Götter ass et een Dag mat vill Jux,
Mee et gouf do och d' Schluecht vun den Pädophilen,
Oder war dat Ganzt d' Schluecht bei den Thermopylen?

D' Tata Marie-Josee spillt TamTam um Conga,
Den Marc Hermès spillt schonn den Tintin am Congo.
Et feelen just nach eng Hand voll Zyklopen,
Fir all déi  Käschten aus dem Feier ze kropen.

Dunn Me'indes ass den Juncker op Athen geflunn,
Um Bierg Olympus huet en jo eng Keelebunn.
Vun den bluttaarmen Griichen huet en eng Médaille kritt.
"Efharisto" sot hien, "déi do hat Ech nach nit!"




Monday, June 3, 2013

Bilderberg: Viff mir! Mir sinn fier.

    Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee, t' ass d' Bild vun enger 
    Gäns op engem Bierg. Photo ET



T 'ass zwar nach geheim, mee Ech soen Iech et all,
Lëtzebuerg ass bei Bilderberg d' Trapop gefall !
Eist Viff ass do ee Bild an der "Grove in Watford",
A seet "Die EU, so ein Gebilde stell Ich mir vor!"