Wednesday, October 21, 2009

Maybolli 15

Méint, Wochen an Deeg zéien iwwert d' Land,

Maybolli sinn a Stad a Land bekannt.

Chrëschtdag, Neijoersdag, Fräijoersbotz,

An fir de May endlech eng schéin nei Box.


Sennengerbierg, Walfer a Gaasperech,

D' Crèchen déi multiplizéieren sech.

D' Ministesch, d' Paschtéier déi sinn äerdeg,

Knapps geet eng Crèche op, ass eng aner fäerdeg.


"Ei" sot de May, "dat deet gutt am BMW,"

Och de Bolli ass mam Porsch ënnerwee.

Séi fueren wéi d' Kanner an enger Rei,

A freeën sech op hiert neit Spillgezei.


Ee Monni vum Familljeministère,

Gëtt gréng Luucht an hätt nawell gär,

Eng Dosen Plazen fir sech an all Crèche,

Maybolli sinn ewech a freeën sech.


De Bolli sot zum May : "So weess Du wat?

Ech hunn gëschter Owend mam Thiels Louss geschwat.

De Louss war ganz definitiv an huet gesot,

Scheck Crèche geet elo an de Regierungsrot."


"Scheck Crèche fonctionnéiert wéi Scheck Repas,

Sot de Louss, a mir koum eng Tréin an d' A.

Ech hunn séi alt heemlech ewech gewëscht.

Wann hien näischt heivu weess, dat ass dat bescht."


"Freck" sot de May, "hal der de Louss gutt warem,

Da gi mer zwéin nach esou bal nit arem.

Stell Der mol fir de Staat bezilt d' Konten!

Da sti mer jo do wéi Staatsbeamten!"


D' Leit iwwerall waren enchantéiert,

D' Kanner warn versuergt an hu geléiert.

D'BGL sot mir hätten nawell gär,

Wann eis Crèche och vun Iech gefouert wär.


Stell Der mol vir, wat fir eng perfekt Welt!

Kënns te op d' Welt, da kriss de Kannergeld.

Crèche, Schoul, Chômage, Pensioun garantéiert,

Souguer d' Doudelued ass assuréiert.


T' gëtt Ieselen déi ginn op d' Eis danzen.

Alles geet gutt, mee de May muss granzen.

"Déi domm Fraleit gi mir schéin op d' Schlappen.

Enges Daags wäerten Séi dat berappen."


Enges Daags ass heiansdo keng laang Zäit.

De May huet eng Joffer erausgeheit.

"An Ech hunn och eng déi kënnt elo drun,"

Sot de Bolli, dunn ass eng aner geflunn.


Eng Crèche ass schlecht drun wann d' Jofferen fléien,

De Contraire behaapten, dat wär léien.

Maybolli, gutt am Erausgeheien,

Sinn äerdeg ewéi ee Schwaarm Wissbeien.


Dunn huet d' Sangen an der Crèche opgehal.

Maybolli selwer sinn duerfir ze al.

"Ech kann nit mat de Kanner sangen,

An Du kanns nit am Krees erëm sprangen."


"Du hues déi Jofferen jo erausgeheit,

Jo Du mat dengem éiwegen Gestreits."

Déi zwéin hunn also näischt bäigeléiert,

Mais de Renglirosen ganz zerstéiert.

Wednesday, October 14, 2009

Maybolli 14


"Bolli du weess alt wat Ech gären hätt
Mat fofzeg wär Ech gär an der Préretraite.
Ech hätt dat am léifsten esou gedréint.
Dat herno mol keen Hunn méi duerno kréint."

"Am beschten" sot de Bolli, "Du wiers krank,
Mais Du gesäis nit aus wéi Haut a Schank.
Krankheetshalber heescht dat, dat géing an d' Rei,
Du bléifs doheem an d' Kees bezilt Deng Pei."

"Ech sëtzen jo do am Verwaltungsrot
Ech hëllefen Dir gär mat Rot an Dot.
Ouni Krankeschäin awer geet et nit,
Ech kucken emol wéi een esou een kritt."

"Ma dach Bolli," sot de May, "Ech sinn krank,
Ech packen et just nach bis virun d' Bank.
Da ginn d' Schudderen mer duerch de BMW,
Du mengs een Héngerjuck wier ënnerwee."

"Dat geet mer duer, elo weess Ech genuch,"
Sot de Bolli, "elo kënnt de zweeten Zuch.
Mir soen Du häss eng ganz schro chronesch Kränkt,
Du hues Der d' Loscht fir ze schaffen verrenkt."

"Mais wien schreift de Certificat Médical?
Wann Ech een Schreiwen, dann meckren se'i all.
Déi gesinn eis stonnelaang am Bietschee baffen.
D' Leit froen, a wat sollen déi zwéin do schaffen?"

"Am beschten geess De bei den Dr Floretti.
Deen schreift Krankeschäiner wéi Konfetti.
Du brauchs deeër eng Dosen, vläicht nach méi
Da schaukelen mir d' Kënnchen an der Wéi."

"Oh Dr Floretti, Ech sinn esou krank,"
Sot de May, "Ech fäerten t' läit un der Bank."
Den Dr Floretti sot: "Gudden Mutt!
Ech fäerten ganz Dir gitt ni méi gutt."

"Ech schreiwen Iech elo ee Krankeschäin,
Fir eng ganz drësseg Deeg sidd Dir da fein.
Gidd awer roueg eraus ënnert d' Leit.
Bleift nëmme nit doheem wéi ageschneit."

"Gitt schéin virun d' Dir ee Maufel iessen,
Am Bietschee kënnt Dir dann d' Bank vergiessen.
A véier Wochen kommt Dir dann erëm.
Eemol de Mount dat ass jo guer nit schlëmm."

"Freck" sot de May, "all Mount zwou Minutten!
Deen Dr Floretti kritt vill Rekruten.
Krankeschäiner, Ech brauch eng Kollektioun,
Bis dass et der genuch sinn fir d' Pensioun."

De Bolli sot, "Du mengs dat géif et nit,
Mais t' ass esou, wien näischt freet deen näischt kritt.
An Ech sinn an der Krankekeess doheem.
A wat huet de May dann, dat freet jo keen!"

"An d' Bank seet bestëmmt, deem si mer gutt lass.
Du wäerts jo gesinn, keen hält Dir de Bass.
Et brauch ee just ee bësschen Protektioun,
Da bass De ënnerwee fir an d' Pensioun."