Tuesday, November 15, 2016

Den “Drinking Juncker” gëtt dem Donald gär Nostonnen!


My Orchids.Cattleya Donald Trump









































Den “Drinking Juncker” gëtt dem Donald gär Nostonnen!


Dem Donald seng Wahl schloug an wéi een Donnerschlag,
Juncker an Hillary hunn eng solpereg Nidderlag!
Virum “Crooked Hillary” louchen der schonn méi op der Touche,
Den “Lying Ted”, den “Klengen Marco” an den “Midden Bush”.

Keen Sambuca kann den Drinking Juncker tréischten.
Als éischten klot hien: “Den Donald ass een Wéischten,
An dien brauch zwee Joer fir d’ Welt ze verstoen,
An iwwerhaapt, dien Mann kann mol keng Drëpp verdroen.”

Hien hätt och gesot Bréissel wier eent schéint Land!
Ma Jean-Claude, dat weess jo awer och all Kand,
Das d’ Belsch aus Flandern, Bréissel an Wallonie besteet,
An dass zwëschen deenen Länner eng Mauer opgeet!

“Den Smoking Jean-Claude weess rëm nit wou en ass”
Huet dunn den Trump getweet. “Ech halen him dach den Bass!
Wann Ech elo eriwwer kommen fir den Brexit ze feieren,
Fëmmen Ech den Juncker, an dann bezilt en och mol Steieren.”

Den Trump kënnt op Lëtzebuerg, den Juncker ass nieft dem Kapp.
Hien tweet souguer, “den Trump kritt ee Kuss beim Empfank am Trumpsschapp.
An beim Digestif stréilen Ech seng schéin Pareck.”
Den Trump tweet: “den Smokin’ Drinkin’ Juncker ass een Geck!”.



Thursday, September 15, 2016

De Juncker huet eng schéin am Been!


Hal Dech riicht.


De Juncker huet eng schéin am Been!

De Juncker sot am Interbrew, öh, Interview,
“Dien hei deen drénkt näischt, a wann, dann Oranschenenjü.”
An déi Wierder do waren aus der Panz geschwat.
An déi war voll, an nit nëmmen mat Limonad.

Hien sot wann hien emol wackeleg do steet,
Oder wann en am Zickzack duerch d’ Weltgeschicht geet,
Dat kéim vum Accident mam Brauereiskamion,
An duerfir kann hien véier Glas Schampes eraschloen.





Wednesday, August 17, 2016

Am Pëtz do sëtzt de Kropemann, nei Versioun.


Ech gesinn den Pokemon mat senger Kropestaang. Photo CE - ET


Am Pëtz do sëtzt de Kropemann, nei Versioun.

Zu Bréissel déif am Pëtz do sëtzt de Pokemon,
Am Fong, Dir kënnt den Jean-Claude jo selwer froen:
An sengem schwaarzen Buch do steet all Fra an Mann,
Déi den Jean-Claude iergendwéi nit gebrauchen kann.

All déi hien iergendwéi getufft hunn stinn do dran,
Sou liest een an der englescher Zeitung “Sun”. (1)
Déi seet E géing laueren mat der Kropestaang                                
Bis dass en all Mëssetäter - jupps - huet gefaang!

Dier kënnt Him hëllefen déi Veruecht ze  fannen:
Pokemon heescht d’ Spill, t’ ass nit nëmmen fir Kanner.
Dier musst den Marco Mille fänken mat der Auer,
An den Péitchen Lauer mat senger Schnauer.

D’ Lëscht ass laang: den Bettel mam Dolch im Gewande,
Dem Jean-Claude saïn offiziellen Portrait vum Brandy,
D’ Wéiwesch Kett dat mam Vëlo ëmmer d’ Virfahrt hëlt,
An den Pater Josy dien d’ Salzdëppchen nie nofëllt!

Och den Marius Kohl dien den Lift nit ophält,
Den Frieden dien engem als onbescheiden opfält.
Den Grand-Duc dien deemools nit wollt ënnerschreiwen,
An den Digestif, well dien geet ëmmer un d’ Schléiwen. 

Nit ze vergiessen, den Kemmer mam Resümee,
An d’ Kreckéiler aus der Chambre des Députés,
D’ Trapen Siss dat sot hien kinnt keen Auto fueren,
An den Privat dien sot hien misst mam Fliger spueren.

Och am Ausland, den Hollande dien  keng Bees wëll hunn,
Den Cameron dien seet hien wär een Méckenkrunn.
Keng Aluedung op d’UNO vun deem Ban Ki Moon,
Dien kënnt an d’ schwaarzt Buch am Pëtz bei den Pokemon.


(1)    Et war eigentlech “The Telegraph”, mee dat reimt nit.


Monday, July 4, 2016

Juncker phone home


Allo? Ass do den Yoda do?
























Juncker phone home

Zu Stroossbuerg, et war esou just nom Digestif,
Souz den Juncker am Parlament wéi een Kalif.
Den Hemicycle huet sech am Krees gedréint,
Well den Brexit een jo duerch enaner bréngt.

D’ Mammenschëff hat hien elo grad eran gebeamt.
Um groussen Schierm goufen Videoen gestreamt.
Do gesäit een wéi den Juncker gutt voll getankt,
Mam Dr. Spock seng intersideral Reesen plangt.

Hien flitt an enger Heintz Van Landewycks Wollek,
An wénkt nach Äddi dem Lëtzebuerger Vollek.
En päift duerch d’ Loft mat sengen Astronauten,
An fort e geet, den Executor Hans-Klautchen.

Seng Rees op Uranus, déi geet an d’ Analen:
D’ Éiereguarde sinn Klonzaldoten mat Sandalen.
Den Accueil mécht d’ Prinzessin Leia Organna,
Stécht do d’ Kinnigin Asteroid dohanna (1)?

Den Darth Vader kritt eng an d’ Schnëss, flang op den Mask,
Mee den Jango kritt eng säfteg Bees op den Casque,
Dem Han Solo fummelt en un der Krawatt,
An d’ Madame Imperator knutscht en mat der Patt.

Den Grof Dooku vernennt en den Diktator,
Dem Chewbacca fiert en iwwert d’ Panz wéi een Trakter.
An dann reift den Juncker dem Jabba seng Glatz,
Den Luke Skywalker huet vun deem ganzen den Latz.
  
Vergiesst Är Ried nit, fir elo schwätzt den Juncker,
Iwwer Planéiten an saïn Kommando Bunker,
D’ EU wär um Wee an d’ kosmesch Pluralitéit,
D’ Galaktesch Republik gëtt eng Realitéit!

Am Hemicycle ass et dunn ganz roueg ginn,
Se kucken sech verwonnert well se näischt verstinn,
Just d’ Briten kréien een Laachkrämpchen a frot nit wéi.
Dem Juncker seng Geschicht wär nit vun Hee an Stréi!

“Dach, dach”, sot den Juncker, “dien hei kann nit léien,
Ech gesouch OVNIen an Kometen dorëmmer fléien.
Mee wann Der trotzdem, awer een Beweis musst hunn,
Dann ruffen Ech den Groussen Jedi am Uerden un.”

“Allo, jo, ass elo den Jedi Yoda, do?”
“Märtt Jean-Claude, den Yoda gëtt et nëmmen am Kino!
Hei ass dach Spaceresources, den Etienne Schneider,
Zeng Mol den Dag riffs D’un, dat geet nit sou weider!"








Wednesday, June 29, 2016

Den Péckvillchen als Arbiter bei der CSV


Den Péckvillchen mat den Kandidaten.





















Den Péckvillchen als Arbiter bei  der CSV

An der CSV weess zwar keen richteg firwat,
Se sech nit eens ginn fir een Spëtzekandidat.
Den Wiseler sollt et ginn, mee hien huet eng Schwächt,
An et mellen sech zwou Dammen, an och een Hecht.

An elo ass dem Péckvillchen saïn Rot gefrot,
“Hello how are you, hei ass den Marc Spautz um Drot.
Eis Kandidaten zerfleeschen sech wéi Wëllef,
Péckvillchen komm séier, well mer brauchen Deng Hëllef!”

Den Péckvillchen seet: “Marco, Ech kommen geflunn,
Maach nëmmen keen klengsten Feeler, soss bass De drun.
D’ Zäiten hunn geännert, t ‘ginn rëm Kommunisten,
Duerfir, haalt et elo mat den Rietspopulisten.”

“Een Macho oder eng Eisen Lady muss hier,
Well dann stëmmen jo all déi wëll Wieler derfir.
Fir awer den beschten Kandidat ze fannen,
Muss dien fir d’ éischt awer een Concours gewannen.”

“T’ muss een wéi den Putin sinn, richteg een Taff Gei,
Dien reit op engem Bier, uewen ouni Gezei,
Een Muskelspill, eng Rafale aus der Kalatschnikov,
An duerno gëtt den Juncker ënnert den Dësch gesoff.”

“Duerfir sicht bei der CSV een Supermann,
Oder dann eng Superfra déi och alles kann.
Eng Persoun wéi den Putin, mee ouni Kalatsch,
Nëmmen d’ Muskelspill, all aner Saachen sinn Quatsch.”

Den Daag vum Concours huet et natiirlech gereent,
Den Beschef huet Motorrieder and Trakter geseent.
Torse nu trieden Luke an Claude mam Motor un,
An d’ Vif and d’ Martine um Trakter sinn hannendrun.

D’ Course geet duerch d’ Piffkaul um John Deere,
Den Wiseler op der Zuendapp leet elo vir,
Dem Qatar saïn Luke gëtt Gas mat Qatar Pëtrol,
Mee dunn huet den Juncker s’am zickzack all iwwerholl.




Saturday, March 12, 2016

A sou! Ech hat Dech gewielt?


O Mamm, wat hunn Ech dann elo erëm héieren! 

Photo ET





















A sou! Ech hat Dech gewielt?

Et ass Hallefzäit, an hei ass meng Lëscht vun deemools. Weess De nach, d’ Prioritéiten fir am Juncker seng “Neiwalen”? Dann huel elo d’ Lëscht a gëff der selwer Punkten, fir ze gesinn ob' s de meng Stëmm erëm kriss.

Ee Gléck, wéinstens eng vun mengen Prioritéiten, d’ Weltausstellong,  ass ënner Daach.

Wat soss ass an der Rei zënter 2013?



Mäin Walprogramm 2013

Wann de Péckvillchen ophält mat reimen, dann kënnt een un d' Keimen.

Virun den "Neiwalen" wollt Ech eemol hei d' Rollen vum Kandidat an Wieler kloer stellen: t' brauch keen mir soen ze kommen, "Ech sinn Kandidat, an hei ass mäin Programm, stëmm fir mech ". Et ass grad ëmgekéiert. Ech soen Dir, Kandidat, wat Ech, den Wieler gären hätt, an wann' s De dat nit kanns oder wëlls, kriss Du meng Stëmm nit.

Ech, den Wieler sinn dien, dien Dech engagéiert fir an mäin Service als mäin Deputéierten ze trieden. Wann Ech Dech wielen, bass Du gebieden dat ze maachen wat Ech gären hätt. Keen Cadeau, just gutt Aarbecht. Duerfir soen Ech Der hei wat Deng Aarbecht ass.

Vergiess jo nie dat Ech dien sinn dien Dir déi Aarbecht gëtt. A wann' s De iren solls Minister an der neier Regierung ginn, verstéi dat Minister vum Latein kënnt, an wëll Dénger oder Serviteur soen. Du bass nit mäin Patron. Ech sinn Däin Patron. Du bass just mäin Vertrieder. Ech ginn Der een Déngscht Grad, eng (gutt) Pei an d' Autoritéit fir Deng Aarbecht ze maachen. Fir dass eist Verhältnis kloer ass, duzen Ech Dech och. Domat sinn mer dann sécher dass De verstees dass De nit op engem Piedestal stees, mee dat mir gläich sinn, absolut gläich. Ech soen Der all Respekt, wann Däin Zweck ass dem Land ze déngen, an manner esou wann' s De just no Pouvoir glëschts. Vergiess dat nit wann d' Iwwerhieflechkeet  no Denger Wal mat Dir duerch soll goen. An verstéi och dass Ech, de Wieler, Dir oppassen an dass Du mir Rechenschaft schëlleg bass.

Wann' s Du gären meng Stëmm häss, muss Du wëssen dass Ech fir unzefänken keng Persoun, Starlettchen oder Célébritéit wielen. Nee, Ech stëmmen fir Iddien. Hei sinn meng Iddien, dat mécht Dir et méi einfach mech mat deenen z' iwwerzeegen.

1. Ech ginn Der zwee Joer fir eng nei Constitutioun ze schafen  

O, keen Gewurschtels ëm déi al Constitutioun. Och nit dat Getechtelmechtels ëm dien neien Projet dien iergendwou zënter Joeren  mautscht, an dien bis elo ee schlammen Kompromëss zwëschen blannen Apparatchiken ass. Nee, organiséier Diskussiouns Versammlungen op den Gemengen duerch d' Land an lauschter op d' Leit déi eppes zum Text wëllen bäidroen. Dann maachen mer een Referendum wou all Kapitelen eenzel sollen acceptéiert ginn. Fir d' Mooss, déi al Constitutioun huet zwielef Kapitelen. Wann een Kapitel duerchfält, gëtt deem Rechnung gedroen an et gëtt een zweeten Referendum iwwert déi amendéiert Kapitelen. Dann huet d' souveränt Vollek tatsächlech gesot wéi mir wëllen zesummen liewen. No dem Aarmut and den Skandaler vun den zwee leschten Joeren, ass dat d' grouss Botz mat deeër een muss ufänken. Eng kredibel Constitutioun déi och respektéiert gëtt, zemol se och muss soen wéi Ech géint Dech kann Klo féieren wann' s De se mat Féiss trëppels, wéi dat elo d' Gewunnecht ass.


2. Eng zweet Prioritéit ass Transparenz hierzestellen

Ech muss jo op Dech oppassen, wann' s De gewielt gëss. Mir wëssen jo dass den Pouvoir korrupt mécht, wann keen nokuckt. Fir déi néideg Transparenz ze kréien, hei ass meng Lëscht vun Saachen déi ze maachen sinn, an Du solls Dech nit derlaanscht drécken fir dat an Musek ze setzen d.h. déi folgend Gesetzer an Reglementer endlech op den Dësch ze leeën:

  • Mir waarden schonn 12 Joer op déi Lëtzebuergesch Versioun vun engem "Freedom of Information Act", also de Projet de Loi Bodry iwwert d' Recht Zougank ze hunn un der Regierung an der Administratioun hir Informatioun. Ech muss jo kënnen kucken wat' s De schaffs. An looss Noten huelen vun den Gespréicher déits De féiers, dann kanns De herno nit léien, oder Du gëss erwëscht.
  • Dann hätt Ech gären een Code de Déontologie, dien eppes daacht. Dann weess Du an Ech wéi' s Du Dech solls opféieren. Vergiess nit mat deem Unfug opzehalen wou Deng puer privilegiéiert Staatsbeamten sech an den privaten Verwaltungsréit verwinnen loossen. Dat ass offiziell Korruptioun.
  • Dat nächst ass endlech een Gesetz géint d' Korruptioun. Nit fir eppes ze soen, mee den Pouvoir mécht korrupt. Du muss also wëssen wéini dass De riskéiers an de Bing ze goen. Iwweregens hätt Ech gär dat et duer geet wann 1/3 vun der Chamber eng Enquêten Kommissioun stëmmt. Mir hunn jo gesinn dat soss alles ënnert den Teppech gestëmmt gëtt.
  • Et feelt och een Gesetz iwwert den Lobbying. Do sinn mer esou krank, dat d' Lobbyisten alt an verschiddenen Gremien an den Komiteeën sëtzen. Een Lobbyist muss een enregistréierten Beruff sinn, oder nëmmen konstituéiert Organisatiounen, wéi Gewerkschaften, Associatiounen, asw.
  • Ech weess et ass heiansdo schwéier fir dat Richtegt ze maachen. Eisen Nach-Premier sot emol, hien wiisst genau wat hien misst maachen fir d' Problemer ze léisen, mee wéi géif hien dann awer zréck gewielt? Dat ass Leadership! Ech mengen mer mussen deenen Leit d' Liewen méi liicht maachen an nëmmen zwee Mandater noeneen erlaben. Dann kann een wéinstens déi zweeten Kéier den Courage hunn eppes ze maachen. An d' Land léiert an engems dass keen indispensabel ass.
  • Datselwecht gëllt fir d' Kumuléieren vun Mandater. Wou solls De do Deng Aarbecht maachen?
  • Dann bleift och nach eis Justiz. Mir kënnen keen zouverléissegen Banken Zenter sinn mat enger Justiz déi nit fonctionnéiert wéi se soll. Joeren an Joeren Gedeessems fir een Jugement ze kréien ass schlëmm. Et ass eng Violatioun vun den Mënscherechter an ass virun allem schlechten Business fir Lëtzebuerg. D' Victimen (auslännescher virun allem) vun der BCCI, vum Madoff an Kaupthing kéinten ee Lidd sangen, mam Enrico Macias virop. Bal 30 Joer Bommeleeër Affaire ass jo nawell een gutt Beispill fir sech virzestellen  wat d' Ausland iwwert eis Justiz denkt: elo sinn alt erëm 8 Wochen Vakanz, an d' Gericht, d' Affekoten and déi Ugekloten sinn op der Plage oder am Schwarzwald.
  • Zu gudder Läscht bleift den Problem vun der Representativitéit vun eisem Parlament. Do sinn bal nëmmen Affekoten an Staatsbeamten, all mat hirer aler Carrière als Garantie. Déi representéieren sech virun allem selwer. Déi aner Lëtzebuerger kënnen wéinstens fir déi stëmmen. Mee d' Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen, schaffen, an Steieren bezuelen hunn näischt ze radetten. "Taxation without representation" géingen d' Amerikaner soen .... Ech loossen mech do vun Dir iwwerraschen, genau wéi bei Froen wéi der Séparatioun vun Staat an Kierch, oder wéi weit mer den Kapp hin halen zu Bréissel.  
Dat ass déi grouss Botz. Doniewent bleift déi dagdeeglech Aarbecht, virop bal 20.000 Chômeuren. Dat quëtscht den Duerchschnëtts Lëtzebuerger, dien säin Geld mat haarder Aarbecht verdéngt, zwëschen zwee ëmmer méi grouss Lächer, déi mat sengen Suen mussen gestoppt ginn: op der enger Säit fir déi ouni Aarbecht ze ënnerstëtzen, op deeër aner Säit fir déi futsch Banken ze retten. Dat packen mer nit éiweg. Do hues De elo Spillraum genuch fir ze weisen wat' s De kanns, an ze maachen wat een muss maachen, zemol wann' s De Däint zweet Mandat hues: Du kanns jo dann souwisou nit méi erëm gewielt ginn!



Bonne Chance fir den 20ten Oktober. Mat mir verdierfs D' et awer wann' s De am Walkampf mat Dreck geheis, Ligen erziels an virun allem nit méchs wéi Ech, den Wieler, Der elo grad erkläert hunn.




Tuesday, March 8, 2016

D’ Debatt iwwert d’ Aussenpolitk


Een russeschen Adler um Wolgastrand.
Photo ET























D’ Debatt iwwert d’ Aussenpolitk

Kuckt een Konstantinopel an d‘ Dardanellen,
An dat Duercherneen, dann krit een Dronkenellen.
Den frommen Putin an seng Chrëschtlech Kosacken,
Erwaarden sech ëmmer méi tierkesch Attacken.

Den Putin rett am Moment d’ ganzt Muergenland,
Den Obama hat sech jo un der rouder Linn verbrannt.
Wahrscheinlech soen se, wollt dien näischt man,
An behaapten hien wär jo selwer een Musulman.

Dem Wladimir vun Gottes Gnoden seng Arméi,
Spillt mam Briquet am Hee an Stréi.
Den Kalif kritt der vun him laanscht Baken,
An verhënnert dass den Assad d‘ Pan muss klaken.

An do hunn mer se all am Krees do stoen,
Se schéissen wéi déi Wëll ouni laang ze froen.
D’ Tierken op d’ Kurden an déi op d’ Isis,
Déi op den Assad, an dien alt erëm op d’ Miliz !

Dien kritt dann awer och Hëllef vum Hezbollah,
Déi ginn jo kommandéiert vum Ayatollah.
Hien ass jo Copain mam Wlad an mam Jang,
Mee den Tierk wëll dem Wlad seng Fliger futti man.

Zu Lëtzebuerg, t‘ war esou ëm d’  hallef Faaschten,
Do wollt eisen Jang den Wladimir entlaaschten.
Hien sot d‘ Tierken sollen d’ Gestëppels ënnerloossen,
An se sollen sech nit op d‘ NATO verloossen.,

Dunn huet den zweeten Tierkeschen Chef dem Jang gedrot:
Lëtzebuerg wär een Kaff an hätt jo mol keen Zaldot.
An dunn ass den Jang wéi den Blannen um Drotiesel an d’ Schluecht gefuer.
Am Ventoux krut en den Tierk erëm, an dien huet d’ Schluecht verluer..

An, hei elei, dem Péckvillchen saïn Reportage beim Anne Will iwwert d’ Schluecht am Ventoux, vun eisem Korrespondent Ludwig Uhland:


Da faßt er erst sein Schwert mit Macht,
Er schwingt es auf des Reiters Kopf,
Haut durch bis auf den Sattelknopf,
Haut auch den Sattel noch zu Stücken
Und tief noch in des Fahrrads (sic) Rücken;
Zur Rechten sieht man wie zur Linken,
Einen halben Türken heruntersinken



Saturday, February 13, 2016

D’ Kinnigin Asteroid vun Lëtzebuerg,


Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee dat ass dem LISA saïn Pegasus,
ënnerwee op den Asteroid 2013 TX68.
Photo: Luxembourg Space Command




























D’ Kinnigin Asteroid vun Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass nëmmen sou laang an esou breet,
Mee elo geet et an d’ Héicht, sou héich et nëmmen geet!
Mir strecken eis elo aus duerch d’ ganz Mëllechstrooss,
An d’ Lëtzebuerger ginn endlech bei d’ LISA gelooss.

D’ LISA, d’ Luxembourg Inter-Stellar Agency,
D’ nei Agence déi fir eis schafft an der Galaxie.
Lëtzebuerg gëtt op eemol dräidimensional,
An d’ Auslänner domat eist Buedem Personal.

Den Roude Léiw spreet sech duerch d’ ganz Constellatioun,
An duerfir änneren mer eis Constitutioun,
Eisen Territoire geet bis bei d’ Kometen,
An eis al Porschen ginn ersat mat Rakéiten.

Sinn mer dann vun allen gudden Geeschter verlooss!?
T’ ginn Leit déi soen, “wat man mer an der Mëllechstrooss?”
An dann nach epps, wat dat jo nit alles kascht!
Mir hunn eis lo grad nach fir den Klima gebascht!

Den Péckvillchen seet, “Ech mengen leet den Kapp a Rou,
Zu Arel op der Knippchen sinn déi Weiber frou,
An d’ Candice hat dës Kéier näischt dermat ze dinn.
Dann kann et jo bal sécher een Succès ginn?”

Mir dinn déi blo Schipp an d’ Kap mam Stuerz erëm un,
A fort e geet op dem Saturn seng Keelebunn.
Mir suckelen an gruewen dann un den Himmels Kierper,
Souguer den Bommeleeër mécht Feierwierker.

T’ gëtt gesprengt wéi  fréier an den Galerien,
Bei Space Wars stinn se op den viischten Dieren,
Mir sichen iwwerall no Metall fir den Mittal,
Sot den Roude Le’iw: “T’ ass sech der la Mine am Weltall”.

An esou wudderen mer am Universum,
Mer fannen Gold, Platin an Gramegnium,
An alles wat op dem Mendelieff senger Tafel steet!
Mir schwammen am Geld an an der Gléck Séilegkeet. 

Fir den Ausseminister ass d’ Ausland lo kleng,
Mee am Weltall sinn mer awer nit eleng.
Do kennt den Einstein wéi een Blëtz geflunn,
An den Bausch mat sengem Blëtz knipst hannendrun. 

Den Braz sëtzt um Saint Ex sengem Planéitchen,
“Fiisschen” seet en, “mol mer een Scheefchen”,      
Den Han Solo-Schneider vun eisem Space Command,
Liest dem Luke Skywalker saïn Buch vun der Deutsche Bank.

Den Bettel setzt am léifsten op sengem Komet,
Mam Schal am Hals, en päift duerch d’ Loft a fort e geet,
Fir d’ nächst Carrière am Raum/Zäit, no beim schwaarzen Lach,
Do wou den Juncker sëtzt, an dien fëmmt och nach.

Op den Mound kennt eis Haaptstad als Regierungssëtz,
Do uewen do stéieren déi eis nit eng Grëtz.
An t’ ass besser fir d’ Séparatioun vun Kirch an Staat.
Obschonn den Bëschof seet, den Mound wär een Dekanat.

Lo wësst Dir dass den Mann am Mound Lëtzebuerger ass!
Mee fir richteg, eng Fra aus dem Sennenger Schlass.
Kuckt, d’ Fra am Mound lacht sou schéin an den Android,
All Vollmound ass d’ Corinne d’ Kinnigin Asteroid.




Sunday, January 31, 2016

Carrière ouverte am Bistum


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Adler, 
nom Changement d’ Administration. 
Photo: St. ET

























Carrière ouverte am Bistum

Mir sinn frou, well t’ gouf keng Trennung vun Kirch an Staat,
Den Péckvillchen hat sech jo nit an den Kapp gesat,
An senger Carrière och nach Weibëschof ze ginn,
Ouni awer duerfir Paschtouer mussen ze sinn.

Abbé, dat geet vun elo un wéi der gesitt,
Den Frieden huet dem Generalvikar seng Plaz kritt,
An well Luc an Ern d’ selwecht Mooss am Kolli hunn,
Deet den Luc einfach dem Erny seng Soutane un.

Well Spueren ass keen Muttwëll laut der Deutsche Bank,
Do sinn d’ Banquieren nëmmen nach Haut a Schank!
Dem Katar seng sechs Milliarden klaken do d’ Pan,
T’ géif méi bëlleg fir den ganzen Buttek zou ze man.

Duerfir huet den Luc eent schwéiert Buch schreiwen gelooss,
Mat schwéieren Wierder, fir an d’ Gaasperecher Strooss.
Dat Changement an d’ Wisen ass ethesch an der Rei,
Dat eenzegt wat changéiert ass nëmmen d’ Gezei.

Am Wort sinn jo bekanntlech gutt Journalisten,
Mee uewen kommen lo kataresch Salafisten,
Well den Luc den St Paul un d’ Scheichen verkeeft,
Mee t’ ass nach Beichtgeheimnis, wéini dat do leeft.

An domat ass d’ Fusioun vun Kirch an Staat komplett,
Wéi den Luke dat wëll, an den Erny et gären hätt.
Nom Gottfried Hurra sengem kanouneschen Recht,
Ass hien deen aus dem goellenen Kaefeg brecht.

Mee am Chrëschtlech-katareschen Suen Veräin,
Schëdden se schonn all Waasser an hiren Wäin!
“Jo, jo, nee, dach den Luc Premier, formidabel!”
Mee heemlech wënschen se, hien géing bei der Babel.