Wednesday, February 28, 2018

Der, die, das - den Tram ass Transgender




Eng Péckvillchen Diskussioun


















Der, die, das - den Tram ass Transgender


Erënnert Dir Iech, an der gudder aler Zäit,
Déi jo laut Colette Flesch an eisem Passé läit,
Deemools soten mer dach, kommt mir huelen den Tram.
Den Tram war männlech, mee haut ass hien eng Madame.  

Luxtram seet: “Die Tram fährt”, dann “un tram pour la ville”.
Den Péckvillchen fäert dat wär dees Gudden ze vill,
Dir wësst jo den Péckvillchen ass een Philolog,
Hien schreift jo vill Monolog op sengem Blog.

Abbé, Dir gesitt dach, eis Sprooch huet changéiert,
Den Accent gouf mëll and d’ Grammaire massakréiert.
“Ësch erënneren mësch” seet een op RTL,
“Maestro” seet mäin Noper, “dat ass sech den fröhlich Well”.

Das macht die Gewohnheit, die Macht der Gewohnheit,
Die, der, das, dem, den gëtt duercherneen gehait,
Meng Nopesch d’ Tram Van Nguyen ass eng richteg Dame,
Och Sie seet: “komm d’ Péckvillchen mat mech an déi schéin Tram.”

An mäin Schwoer jodelt: “In d’r Schwyz hei mer das Trämli”
An den Juncker seet: “Dat reimt jo mat die Pflümli!”
An iwwerhaapt huet hien nie keng Tram gewollt,
Well déi, oder dien ass jo ëmmer nëmmen hallef voll.

401.811,5 Leit schwëtzen dat neit Lëtzebuergesch,
Nach een klengen Hoff dann klengt et wéi Daitsch,
Dann sinn mer zu 90 Milliounen mat eiser Sprooch,
“O wéi süß” sot die Ramponi an das UNESCO.

Dann gëtt Lëtzebuergesch an der Kommissioun geschwat,
An et gëtt an all déi aner Sproochen iwwersat.
An mir sangen op d’ Weis vun die Tram die rallala,
Op der Wies’n zesummen mat das Angela.