Wednesday, May 5, 2010

D' Ballade vun de Fënnef Fangeren.

Oder: Den décken Daum um Index.

Aus dem Franséischen iwwersat vum E.T.

De klengen Fanger sot: "Voilà, eng Rezessioun!
Mengt net een Auriculaire wär do frustréiert!
Pas du tout, an Ech ginn Iech hei eng kleng Lektioun,
Wéi een esou eng Mésaventure kuréiert.
Mat ganz vill doigté gëtt elo hei manövréiert,
D' Discussiounen ginn ganz einfach pasteuriséiert.
Fini de cache-cache dien eis paralyséiert:
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!"

"D' Fangeren ewech vum Index, guer keng Concessioun!"
Soten d' Syndicat'ën, déi ganz ongenéiert
Menacéiert hunn mat enger Demonstratioun,
Frech de Mëttelfanger exhibitionnéiert,
An mat deem béisen Fanger d' ganzt Land beléiert.
An well d' Patronat jo och kee Fanger réiert,
Sinn d' Forces vives de la Nation ganz bouleverséiert.
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!

An leschter Minutt fënnt sech eng Solutioun:
De Juncker kënnt spéit heem an offeréiert
Eng Issue surprise, déi kascht kee Spoun!
Aus dem Arem gerëselt huet hien proposéiert:
Den freien Transport fir all gëtt garantéiert.
D' Griichen hätten dien Projet subventionéiert.
Mir hunn alt erëm fir näischt demonstréiert!
Den décken Daum um Index gëtt suppriméiert!

Den Annulaire houscht lues an ganz distinguéiert,
"Keng nei taxe gëtt op mengem bijou levéiert?
Dat hätt mech och terriblement dérangéiert!"
Daum an Index sinn béid exkommunizéiert!