Saturday, February 18, 2012

Ee gudden Hunn flitt mat der Kluckseër.


               Ass dat hei een Péckvillchen? Nee, dat ass een amerikaneschen Mockingbird. Photo:ET



D' Leit kloen ëmmer, Hätten an Haten,
Wären laut Spréchwuert zwou arem Staten.
Duerfir geet näischt iwwert den : "Ech hunn."
T' sief dann d' Kluck an den Guckuck waren drun.

Mir haten d' Arbed an och d' KBL,
Mir haten d' Dexia an RTL,
Mir hätten och haut nach Villeroy Boch,
Mee mir haten nie den richtegen Zoch.

An d' Cargolux huet ee Guckuck am Nascht, (1)
Wat iwweregens keen méi iwwerrascht.
Dien selwechten Guckuck leet lo seng Eeër,
Als BIL verkleet an d' Nascht vun der Luxair.

An d' Luxair schéngt huet sech de Finck gefëscht,
Dien steet elo mam Guckuck op der Lëscht.
Finck an Guckuck kléngt sou schéin aviaire,
Nët, mir fléien elo all mat der Kluckseër!

Wednesday, February 15, 2012

Myanmar ass bal eppes wéi Florida wat géing a Burma leien.


Ass dat do ee Peckvillchen? Nee, dat ass ee wellen Untert. Photo: ET

Eisen Ausseminister ass op Rees.
Hien wollt mech bestëmmt besichen kommen.
Hien sicht no engem Thein, an dréint am Krees,
Fir sech an Asien ze verrennen.

T' ass awer egal, t' gouf keng Zäit verluer.
A Burma gesouch hien den U Thein Sein.
Lëtzebuerg schéckt lo een Botschafter duer,
An domadder war den U Thein Sein fein.

Florida muss waarden op säin Besuch.
T' ass Schued, hei kann een schéin Vëlo fueren.
Ech maachen och Téi an Zitrounen Kuch,
Mee all Mënsch versteet, mir mussen spueren.

Tuesday, February 14, 2012

Wann et dem Iesel ze gutt geet, dann geet en op d' Äis danzen

             
                 Ass  dat do een Péckvillchen? Ma jëmmen a gewëss! Dat ass een Storch. Photo: ET



Zu Réiser um Äis, um Mille Weier, (1)
Huet laut dem Wort gëscht een Iesel gedanzt.
Fir den Iesel war et sou eng Feier,
Well hien hat grad do säin Bonus verschanzt.

Op eemol kréckelt et, t' gouf ee Kraachert!
Den Iesel struewelt op den véier Been,
A fält op d' Panz duerch d'  Äis an t' kaalt Waasser.
D' Pompjeeën koumen gerannt mat sechs Ween.

Den Iesel am Äis huet gutt geziddert.
"Wat sinn Ech een Ochs!" huet en gesouert,
"Ech gouf ze laang vill ze gutt gefiddert,
D' Topegkeet huet mech op d' Äis gefouert!"

Um Piraeus steet besuergt den Plato,
Den Här Euro ass do Schlittschong gefuer.
Genau wéi de Jang hannert der UNO,
Well d' East River do war och zougefruer.

Op eemol kréckelt et an och kraacht et,
Déi zwéin struewelen fir d' Riicht ze halen.
D' lescht Bild wat se gesinn, Dir gleeft et net!