D’ Angela an den François sinn nawell opgereegt! |
Groussen Uerden vum
Schandfleck fir den Juncker
Den Juncker krut erëm een
Uerden an een Scheck,
Dës Kéier dien Groussen Uerden
vum Schandfleck!
Hien hëlt saïn Scheck an nach méi
séier wéi den Schleck,
Verstoppt hien dien an sengem
alen Schmuddeleck.
D‘ Angela sot: „François, do läit
d‘ Kromm an der Heck,
Ech erwiergen um Kuddelfleck
vun lauter Schreck!
Den Schandkloot mécht awer
allerhand Mëscht an Dreck,
Ech mengen dien hëlt eis hei schéin
mat den Weck!“.
„Angela mon ange, oui! Hien mécht
mat eis den Geck!
Dann bleift en elo eraus aus
dem Dossier grec.“
„An Ech schécken him dann fir
ee gudden Zweck,
D‘ Commerzbank, dat rëselt
dann dien Mued am Speck!“
No comments:
Post a Comment