Friday, May 11, 2012

XY man Zodi um Eecherfeld

Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee, Dir gesitt dach dass dat zwéin Sträit Hunnen sinn! Photo ET.


XY man Zodi um Eecherfeld

All gudden Mathematiker ass frou,
Wann hien iergendwéi an iergendwou,
Eng schwéier Equatioun ze léisen huet,
An séif et eng aus dem Gemenge Buet.

Am Buet goung Rieds vum Ix an Igrec,
Den Igrec dien setzt elo fatzeg am Dreck,
Well den Gauthier huet dem Ix gesot,
"Wéi goung déi Schmot duerch den Gemengerot?"

Dank dem Wort wësst Dir den Ix ass den Xaaf,
Deem ass eppes iwwert d ‘Liewer gelaf.
Et ass eng “Luxusvilla” um Eecherfeld,
Déi dem Buergermeeschter guer net gefält.

An Dir verstitt, den Igrec ass den Yves,
Dien ganzen Zodi mécht dien schéin mief.
Hien seet: “an wat Ech schonn guer net verstinn,
Däin Pätter hat mer d’ Genehmegung ginn!”

Am beschten hält een sech do ganz bedeckt,
An t’ sicht een sech een aneren Architekt.
Een neien Plang trefft den Kapp op den Nol,
A fort e geet, dien ganzen Protokoll.

Verstitt, den Igrec hat eng horribel Woch,
Den Ix setzt hien einfach an den Duerchzoch,
An den JC huet den Hollande verpaaft,
An Frankfurt fir drësseg Euro verkaaft.

Yves, ee gudden Rot, trau elo kengem méi,
Maach grad wéi Ech mat mengem Daach vun Stréi.
Soss bauen déi Dir riets ee Velodrom,
An op der an’rer Säit ee Stadion.

Monday, May 7, 2012

D' Lag vun der Natioun.

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Spiecht. Photo ET.


D' Lag vun der Natioun.

De Juncker huet mer deeër Deeg  een gesot:
"Ech sinn esou vill mam Euro geplot.
Kanns Du mir nit eng ganz kuerz Ried opdreiwen,
Fir d' Lag vun der Natioun ze beschreiwen?"

Wann' s Du d' Lag vun der Natioun wëlls wëssen,
Dann brauch een do nit laang ze schnëssen.
An engem Wuert, an dat ass een Adjektiv:
Eiser Natioun hir Lag déi hänkt ganz SCHIEF.