Saturday, December 27, 2014

Lëtzebuerg! Dat frëndlecht Land.




Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Anchois. Photo Pizza Hut
























Lëtzebuerg! Dat frëndlecht Land.

Zu Bréissel hat den Xav eng Pressekonferenz,
An all Fro krut zwou Äntwerten wéi aus der Strenz.
Dir wësst jo, hien hat dach schonn ëmmer gesot,
An seet et och nach, wann Dir nach eng Kéier frot.

Den Péckvillchen hat dien Dag keng gutt an der Kopp,
Bei den Mikroen läit een Telefon virop,
Do schellt den Péckvillchen, an den Xav hieft dunn op,
“Hei den Lëtzebuerg vun Bettel, wien ass do drop?”

“Ma den Péckvull, Ech bestellen gär eng Pizza,
Mat Pepperoni, Tomat, Kéis, mee keen Anchois”.
“Oh, Maître” sot den Bettel, an domat Fritten?
D’ Belsch fron een Waffeschäin, wéinst den Terroristen!”

“Wësst Dir wat, Ech ginn Är Commande op Lëtzebuerg,
Do man mir keen Gedeessems, maacht Iech do keng Suerg.
Ah, Dir mengt do wär d’ TVA elo méi héich?
A wéi wär et dann wann Der do een Ruling kréicht?”

“Oh, Xav, villmools Merci” sot den Péckvillchen dunn,
“Gutt dass een an Lëtzebuerg Vertrauen kann hunn!”
Dat war Néischen Bränding! Der Press stoung den Verstand!
An den Slogan ass: Lëtzebuerg, dat frëndlecht Land.




Thursday, December 18, 2014

Et gëtt keen dout gespuert, am Géigendeel, sou d’ Maggy Nagel

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat ass een Nol. 
Photo Cercle Artistique

























Et gëtt keen dout gespuert, am Géigendeel, ass d’ Wuert.
Déi Doudeg ginn also erëm lieweg gespuert.
Dat ass jo phantastesch laut deeër Iwwerschrëft!
Mee geféierlech wat d‘ Kulturschaffend betrefft.

Hiren Avenir dien jo an der Zukunft läit,
Ass dann den Ufank vun enger ganz neier Zäit.
Wëll all déi Doudeg ginn jo dann Konkurrenten,
An déi Lieweg bezuelen och nach hir Renten.




Wednesday, December 17, 2014

D’CSU steet voll hannert dem Juncker


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Kommissar op der Ronn.
Photo Péckvillchen 





D’CSU steet voll hannert dem Juncker

Zu Nürnberg bei der Chrëschtlecher Solper Unioun,
War den Péckvillchen Zeien, verkleet als Spioun.
De leschten Mann dien stoung, dat war eisen Juncker.
Déi aner louchen op hiren Still an hunn geschunkelt.

Den Juncker hat nach vun Luxleaks seng Schlappen naass,
An Schweinshax zwëscht den Zänn, dat war zwar och keen Spaass.
Mee hien sot näischt vun Luxleaks, hien blouf dicht.
Der Apfel fällt nicht weit vom Krug, bis den Stamm er bricht.

Hien sot Lëtzebuerg wär kleng, mee Bayern wär grouss,
Wann Bayern méi kleng wär, géingen déi och zu Fouss.
Sou sot saïn Papp, dien hätt hien Europa geléiert,
D’Barbara klatscht, den Rescht huet sech emmerdéiert.

D‘ Leit hunn verstan, de Juncker schwëtzt lo méi mam Putin,
Well jo nach nie een an der Wehrmacht wollt sinn.
An den Euro wär keen Rubel wert ouni den Waigel.
Deemools war jo den Festriedner nach den Bourvil.