Monday, October 20, 2014

Den Lunghi an den Vogel, am Krich vun den Kulturen


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass dem Picasso seng Friddensdauf. Photo ET
















































Den Lunghi an den Vogel, am Krich vun den Kulturen

Den Lunghi huet sech den Gast laang op d’ Long gezunn,
An elo houscht den gudden Mann, dann huet en dat dervun.
An deem Streit mam Muhdam vun der Agri Kultur,
Stinn Péckvillchen an Vogel an fir d’ Avi Kultur.

Den Maître Vogel ass jo Stad- an landbekannt,
An den Péckvillchen ass saïn Fligeladjutant.
Duerfir ass den Péckvillchen nach ëmmer sou opbruecht,
Well am Muhdam huet den Ortiz een Fligel geschluecht.

Zum Gléck huet den Picasso eng Rei Kéi geschaaft,
Hätten mer dach esou epps fir den Muhdam kaaft!
Kéint den Péckvillchen sech dach d’ Friddensdauf leeschten!
An esou engem Krich hëlleft déi am meeschten.



Friday, October 17, 2014

Enkelin kritt eng SMS vun der Boma am Graf


Ass dat do den Péckvillchen? 
Oh nee, dat sinn der aus dem Jenseits. Photo Ghostbusters





















Enkelin kritt eng SMS vun der Boma am Graf

RTL huet eng grujeleg Geschicht opbruecht,
Eng Bom gouf mam Handy zu leschter Rou geluecht.
Dräi Joer drop krut d’ Enkelin een SMS,
Vun der Boma am Graf, an alles war am Stress.

Dem Péckvillchen sinn d’ Schudderen am Réck gelaf,
Direkt huet en enquêtéiert iwwert d’ Bom am Graf.
Et huet nit laang gedauert, dunn koum et eraus.
Den SMS koum schonn alt erëm vum Marc Spautz!


Thursday, October 16, 2014

Den Kuzunft Budget ass een Picasso


Ass dat do den Péckvillchen? 
Nee dat ass den Gast, dien kreest mam Knëppel iwwert dem Muhdam.
Photo: Pablo y Pedro




















Den Kuzunft Budget ass een Picasso

An der Chamber do moolt jo nit den Gramegna,
Een Zukunftstableau sou schlëmm wéi Guernica!
Eng Mamm eleng muss an den Chômage schaffen goen,
An saïn Puppelchen an d’May-Bolli Crèchen droen.

Do léiert d’ Kand Franséisch, Serbesch an Portugisesch,
An doriwwer freeën déi Mammen sech dann riseg.
Alles ass prett, den System trëtt direkt a Kraaft,
Wëll den Picasso gouf ënnert der Hand verkaaft!

Dem Gramegna senger Zukunft saïn gudden Rot,
D’UBS sot, “hues De dem Frieden saïn Patron gefrot?”
Den Emir sot, “dien Picasso muss Ech hunn,
An Ech kafen souguer Ebay mat hannendrun.”

“Är Kulturministesch kann mer en jo dann bréngen,
Mat Cargolux Piloten déi schéin Äddi wénken.”
An d’Maggy Nagel ass an enger Stëbswollek geland,
An direkt mam Bild am Emir säint Zelt gerannt.

“O Emir, an een Dir, verstoppt dat Bild hei gutt,
Wann der nit gär den Vogel am Keffieh hutt.”
“Mee den Clou ass, wéi hänkt een dat am Zelt hei op?” 
“Mat engem Nol”, sot d’Maggy, “mee een mat engem Kapp!”





Saturday, October 11, 2014

Lëtzebuerg verkeeft säin futtechen Picasso!


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass en Waasser Pickert. 
Photo: Picasso Selfie
















































Lëtzebuerg verkeeft säin futtechen Picasso!

Am Finanzministère sinn al Täschen eidel,
Wéi kritt een dann e puer Suen an den Beidel?
Deemools war een am Soff, huet een Picasso kaaft,
Op d' Schnëss gefall, mee d' Stécker huet en opgeraaft.

Dunn huet den Juncker alles schéin restauréiert,
D' Original hätt den Picasso blaméiert,
Mam Frieden huet hien alles schéin ugestrach,
An déi zackeg Ënnerschrëft ass vum Frieden nach.

Laut Expert sinn déi zwéin vunn der Ecole de Paris,
Déi chromatesch Toun Leeder verwiesselt een nie.
Dann déi typesch Dräidimensionationalitéit,
Déi d' parietal Faarffelder zesummen dréit.

Am Denkprozess sinn mer elo bei Ebay,
Dat kascht nit ze vill, an mer verdéngen do méi.
Wien dat keeft, fir dien zielt dat als Dépense Speciale,
An en kritt eng gratis Plaz am Freeport gestallt.



Friday, October 10, 2014

Humba Oktoberfest Distrikt Luxemburg


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Ersatz Adler. Photo ET 





















Humba, Oktoberfest, Distrikt Luxemburg

Wat do erëm am Tripadvisor Deutschland steet,
Huet d' Geographie jo schéin duercherneen gehäit!
Déi schwëtzen vum Distrikt Luxemburg an Däitschland,
Goufen mer schonn erëm eng Kéier iwwerrannt?

Et wollt zwar schonn een eis d' Kavallerie schécken,
Mee dien Projet brauch keen fir en duerchzedrécken.
Mir hunn d' Oktoberfest mam Dirndl iwwerholl,
A soen "we'i süß", an "Hellau", souguer Jawoll!

In diesem Sinne,

Ihr Egidius



Wednesday, October 1, 2014

Do, elo huet Cargolux deeer zwee!


Ass dat do den Peckvillchen?
Ma nee, dat ass een een Cargoguckuck dien winki winki mecht.
Photo: Selfie






























Do, elo huet Cargolux deeer zwee!

Aus dem Chinesischen iwwersat vum Peckvillchen

D‘ Ka Go Lux huet Shon Rem Ng Tsity of Tseng Sou,
Mat deer Fum Abrell sinn dat der dann Shon Tswou.
Am Fong Sin Dan Tseng Sou An Tseng Sou Tswan Tseg Sou,
Lau Tem Adam Riese Am Generol Sun Tsu.

Glaich Tswe’in Tseng Sou, ass dat dann Lo Nit Een Tse Vil?
Wat Dengt Den Minister Bausch Fun Deem Gan Tsen Shpill?
Hien Geng Ge wass Op Tswe’in Ei Del Wol Len waarden,
Hien Baut Um Maut Tse Tung Sengen Radaranlagen.