Sunday, August 31, 2014

Kommt mir soen den Juncker wär eng Fra


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass eng Mamagei.
Commissionéiert beim Françoise-Marie Thein.
Photo: La Femme est l'Avenir de l' Homme, asbl












































Kommt mir soen den Juncker wär eng Fra

Eng Gasmask um Schniewel sëtzt um éiwëschten Aascht,
Den Péckvillchen an kuckt dem Juncker riicht an d 'Haascht.
Den Jean-Claude trauert: "Oh hätt Ech mäin Viff erëm!"
Hien ass mëtschgieweg: "Ech géif Iech den Premier drëm!"

Den Péckvillchen, mat enger décker Tréin am Aa,
Noschelt am Mask: "Ma Du brauchs nach méi wéi eng Fra.
Komm rapp Dech zesummen, Du brauchs hei gudden Rot,
Oder vergiess Däin Geschwätz iwwer d' Fraequote."

An hei kënnt d' Viff dann och schonn ëm Hëllef gelaf,
T' schreift: "Wien géint d' Fraen ass, ass een richtegen Paff,
Déi erlaben eis nit fir Paschtouer ze ginn,
Mee an d' Kommissioun gehéieren Fraen hin."

An dunn huet d' Viff dat un all Regierung geschéckt,
Och den Juncker an den Bettel goufen begléckt.
Een Griich kënnt och nach griichesch Spréchelcher maachen,
An Europa wären zevill Männersaachen!

Den Péckvillchen sot: "Jo, kuckt emol d' Ashtons Kett,
Dat huet jo nit d' Krim an och d' Ukraine gerett.
Et mussen méi Fraen an d' Kommissioun eran,
Well d' Fraen bekanntlech d' Kommissiounen man.



Thursday, August 21, 2014

Gréng Gambianer Gewannen Géint Global WarminG

Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass den Dikkricher Kierchhinnchen,
dien kuckt an d’ Reenlach.
Photo. Péckvillchen Meteo
























Gréng Gambianer Gewannen Géint Global WarminG

D' gréngt Gambia huet et deck hannert der Lanter,
Well den Mount August war den kaalsten Wanter!
Am Kampf géint d' Hëtzt hunn mir een Succès ze melden,
Zenter dem Jang de Blannen haten mer keng esou Helden.

Den Jang den Blannen hat bekanntlech d' blann Munitioun erfonnt,
Wëll schaarf schéissen deemools jo nach ëmmer keen konnt.
D' Gambia Leeschtung ass nach vill méi gewalteg,
Global Warming gouf gestoppt, an zwar nohalteg!

Alles voll am Asaz, an keen am Asaz voll,
(Sie haten d' Vakanz jo schonn am Dezember geholl),
Am August gouf all Thermometer zréck gedréint,
Wëll beim Global Warming waren se all dergéint.

D' Fouer geet elo op mam Hämmelsmarsch am Schnéi,
Den Hämmel an der bloer Schipp steet den Schnéi bis un den Knéi!
D' Äisbieren trieden all Owend op um Glacis,
An de Bausch fiert op d' Aarbecht mat den Langlauf Ski.



Tuesday, August 19, 2014

„Deutschland sucht den Superstar“ (DSDS)


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Maestro.
Photo: Festival Péckvillchen





















Den Péckvillchen um Casting fir Superstar !

Dir wësst jo alleguer, wann et ëm Sangen geet,
Dass keen méi dovun wéi den Péckvillchen versteet.
Duerfir goung hien op "Deutschland sucht den Superstar“,
Well den Casting-Truck jo haut grad um Knuedler war.

Besser ass besser huet den Péckvillchen gesot,
An hien hat d‘ Erlaabnis bei "DSDS“ gefrot,
Begleet ze ginn um Piano vum Horowitz,

Mee den Péckvillchen ass een richtegen Meeschter,
Hien huet d‘ Stecker zesummegepecht mat Kleeschter,
Den Horowitz sot: "Dien ass jo erëm wéi nei,
Mat deem wënnt den Péckvillchen, dat geet schonn an d‘ Rei!“

"Jawoll“, ass den DSDS Chef an d‘ Ried gefuer,
"Den Péckvillchen ass Profi, duerfir Hors Concours.
Den Péckvillchen kann zwar sangen, mee nit wannen.“
Den Horowitz sot, "t 'ass eng Attack vun hannen !"

"Schon gutt Vladimir, komm mir maachen hei keen Streit,
Dann gëtt lo eben een Klassiker agehäit."
An zwitschert: „Frot Dir no allen Säi -äiten hin,“
An et re-zwitschert: "Mir wëllen jo keng Preisen ginn."



Wednesday, August 13, 2014

T‘ Kilometer Steier gëtt eng Deier.


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een Kilometerkontroller 
Photo CaraPass



















T‘ Kilometer Steier gëtt eng Deier

Den Marc Spautz, Chef Mécanicien aus der Chamber,
Schéckt dem Bausch eng Autos Fro, mee ouni Timber.
Hien wéisst gär spéitstens bis den éischten September,
Wat ass déi Steier fir all ACLs Member?

Vun zwéin Ministeren hunn der dräi geäntwert!
Eng nei Steier? Wouhier, dat ass dach d‘ Méi nit wäert!
Den ACL souert zwar iwwert ee Car-Pass,
Mir soen deenen am Hierscht dat wär jo Kabes.

Allerdéngs mengen Ech, déi sinn am Denkprozess.
T‘ ginn keng nei Steieren? Ma jëmmen a gewëss!
Wann der laut Nohaltegkeet Verursaacher sidd,
Spillt den Verursacherprinzip, Dir bezuelt d‘ Britt.

Op d‘ Akzisen kraachen mer dann eng TVA,
D‘ Kilometer Zuel kritt een vun der NSA,
Déi rechent direkt wéivill Benzin dat muss sinn,
An seet Iech och wéivill Suen um Konto stinn.

Am Hierscht gëtt emol fir d‘ éischt d' Assurance gehéicht,
Et ass och eng Steierrad Steier am Gespréich,
An een Forfait fir den Sonndesstroossengebrauch,
An een Prélèvement fir Pneuen ouni Schlauch.

Dann kënnt och nach eng Abgab fir Radarfalen,
Eng fir Käschten déi beim Tourismus ufalen,
Een pauschalen Maut wann een op Schläichweeër geet,
An eng Assiette wann een näischt vum Motor versteet.

Op der Douane wäert der och erëm Zoll bezuelen,
Eng Autobunnstax kënnen mer och nach huelen.
T‘ kënnt eng Garmin Steier an eng Radios Lizenz,
Dir wäert gesinn, Dir gitt besteiert mat der Strenz.

Ech sot, an dem Fall fueren Ech am Réckgang heem,
Dann bleift mäin Compteur op Null, an mech besteiert keen.
"T‘wär zwar méi bëlleg een Déngschtpäerd an eng Déngschtkutsch,
A gesond", sot d‘ Gesondheetsministesch Lydie Mutsch.



Monday, August 11, 2014

Lucilinburhuc krut a gudden Sukuk


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een schielen Guckuck. Photo ET




















Lucilinburhuc krut a gudden Sukuk

Lauschtert all Dir gutt Leit vun Lucilinburhuc,
Mir kréien lo geschwënn eisen éischten Sukuk!
"Wat ass dann dat, een Sukuk?"  freet den Hunn seng Kluck.
"Einfach, d' Melusina pufft op den Héngerjuck!"

Dat geet dann esou: mir schaffen fir den  Benzin,
Dat ass Geld dat mir dann an den Orient ginn.
Mat engem Sukuk kréien mir dann dat Geld all zréck,
Fir Déngscht Ween a Benzin, t' dréint dann an engem Stéck.




Wednesday, August 6, 2014

MUDAM: Euthanasie fir een Piano



















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Fligeladjutant. 
Photo: Péckvillchen Vill Harmonie

MUDAM: Euthanasie fir een Piano

Zu Lëtzebuerg  just vis-a-vis vum Siegfried's Schlass,
Steet den Pei Museum, wann dat een Museum ass?
Well do war der Deeg een groussen Match ugesot,
T' ass also éischter eng Sportshal, wann Dir mech frot.

Lenks am Eck, den Raphael Montañez Ortiz,
Géintiwwer dien alen Fligel vum Horowitz.
Den Piano huet mat all sengen Zänn  gelaacht,
An dat huet den Ortiz schéin schwäirosen gemaacht.

"Haalt dach een mech un soss schloen Ech dien do freckt"
Huet hien gejaut. D' Leit hunn sech d' Fangeren geleckt.
"Den Fligel huet ugefaang, hien huet mech verstëmmt!
Ah Du gëss Dech nit, dann gëss De op d' Long gefëmmt!"

An do kënnt och schonn den Ortiz wéi een Wëllen,
An enger Hand eng See, der aner ee Bëllen.
Laut Dokter Freud hat dien keen Solfège geléiert,
An duerfir gëtt lo den Fligel massakréiert.

Mat knaschteger Laach kënnt en mat der schaarfer Kant,
Vun der Aaxt glat iwwert den Klawéier gerannt.
An Pang! do schléit en dann  den Klawéier schaardeg,
Mee domadder ass d' Attack nach laang nit fäerdeg.

Den Piano huet nach just e bësschen geklimpert,
Mee dunn op eemol huet d' Motorsee gewéimert.
Wéi eng Pizza schneit en den Deckel an Stécker,
T' ass eng Attack op den Symphonie Orchester.

Den Piano krut sech nie richteg gewiert,
An Ech froen mech op Dir dat och esou spiert,
T' kulturell Élite huet mam Ortiz gehalen,
Den Piano huet mussen op den Buedem falen.

De Buttek läit dorëmmer, d' Schluecht geschloen
Lauschtert, héiert Dir dem Piano seng Kloen?
Elo stinn Ech do als fréieren Fligeladjutant,
Beim futtechen Fligel, oh mäint aremt Land!

Den Motorsee Massaker bezuelt d' Regierung,
Den Ortiz hat mol keng Aarbechtsgenehmigung.
An och den Jang an d' UNO sinn awer echter!
Wat man déi dann fir dem Piano seng Rechter?