Sunday, June 26, 2011

Un der Atert, no beim Waasser


Un der Atert, no beim Waasser,
Wou di grousseg Pëppele stinn,
Wunnt de Bauer Péitchen Lauer,
An zéng Kéi déi Mëllech ginn.

Refrain:
O meng Modi, wat een Zodi,
Ech gesinn der just nach ning.
Mäin Noper ass ee Raudi, (1)
Dien Déif huet mäint Josephine!

Den Noper deet d' Kou erféiren,
Séi fäert d' Kuddelflecksmaschinn,
Mee hien léisst sech guer net stéiren,
A seet t' wär säint Josephine.

Eisen Bauer Péitchen Lauer,
Mécht eng Klo fir d' Josephine,
Um Gericht kuckt keen op d 'Auer,
A wou bleift mäint Josephine?

Dräizéng Joer, gouf getuddelt,
Mee keng Spur vum Josephine.
An der Affaire gouf gefuddelt,
Den Péitchen huet net opginn.



An zu Stroossbuerg krut hien endlech Recht,
Lëtzebuerg gouf do gemëscht.
D' Regierung krut eng gutt gepecht,
An steet op der schwaarzer Lëscht.

Eisen Juncker, bei den Griichen,
Hellt deck mat Argumenter,
Mee den Péitchen, bei den Däitschen,
Baut do säin Agro Center.

O meng Modi, wat een Zodi,
Kann dann keen mir Recht hei ginn!?
Mäin Noper ass ee Raudi,
Hien huet nach ëmmer d' Josephine!

(1) Kuckt Iech den Hannergrond un: d' Geschicht vum Bauer vun Mäertzeg.


Wednesday, June 8, 2011

Maybolli platzt de Kolli.


"Mertt" sot de May, "Ech sinn rosen wéi de Juni",
"Wéi, wat" sot de Bolli, "Ech krut dat do net mat".
"Ma hei, kuck hei", sot de May, "dat doten gleefs De nie!
Lo geet den Egide hin a schreift an d' Tageblatt!" (1)

"A sou," sot de Bolli, "Ech sinn dann awer frou,
Fir mol erëm eppes vun Him ze héieren!
Wéisou mécht dat Dech esou rosen wéi eng Kou?
Franséisch Artiklen sollen Dech dach net stéieren!"

"Mon cher" sot dunn de May, "Ech verstinn nach genuch,
Fir ze gesinn dass mir am Artikel feelen.
Dat ass eng Gemengheet, dat ass fir mech e rout Duch,
Dien geet einfach hin eis Initialen stielen!"

"Do geet Rieds vum DSK, ET an dem RG,
Eis CB an FM sinn gestrach als drëtt Klass.
An dann zum Schluss seet Hien och nach C.Q.F.D.
Ech huelen alt un dass dat eng gutt Frechheet ass."

"Sou gekuckt ass keen dien dat acceptéieren géif",
Sot dunn de Bolli, "mir sollen eis do net ginn!
Wéi wär et dann mat engem anonymen Bréif,
An deem mer drop halen fir eis Nimm ze gesinn."

Sunday, June 5, 2011

Huet Troisvierges der wierklech dräi?


Dir kennt de Schéifer Misch vun Aasselbur,
"Mir kënnen nick lignen" huet hien gesot.
"Just eng kleng Ligen, sidd dach nit sou stur",
Sot den Riichter, "dann kritt Dir all meng Gnod!"

Den Schéifer Misch war nëmmen ee Rebell,
Hien war keen richtegen Politiker.
Déi léien dat et schwaarz gëtt an der Hell,
An maachen allerhand aner Tricken.

Eisen Premier litt ewéi keen Zweeten,
Hunn Ech vun drëtt Persounen héieren.
Séi soen dat och an den Neiegkeeten,
Mee firwat soll dat een vun Iech stéieren?

Kommt mir schreiwen hien an zu Trois Rivières,
Fir dëst Joer beim Championat am Léien!
Et wär jo awer extraordinär,
Wann hie net och déi Médaille géing kréien.

Trois Rivières am Kanada ass gelunn!
Déi hunn kee Floss mee nëmmen zwou Baachen.
All Joer trieden déi gréisst Ligener do un,
Well Séi een dovun Weltmeeschter maachen.

An zu Trois Vierges, waat haalt Dir dovun?
Zu Aasselbur wäert een sech futti laachen.
Kommt Dir hutt Eis elo genuch bedrunn,
Dir kënnt d' Wouerecht roueg public maachen.

Mir verstinn jo wat eng Noutligen ass,
Et ass just mol e bësschen geflunckert.
An der Politik ass dat agerass,
Mee do seet een: " e bësschen gejunckert."