Thursday, March 14, 2024

Den Schäissert vun Manternach

Um Donnerbalken















Den Schäissert vun Manternach 


Bal dräi Wochen laang gouf am Lëtzebuerger Wort,

Eng Sprooch gefouert wéi beim Bop vun Stengefort.

Alles sicht no engem Schäissert zu Manternach,

Deen begeet seng Verbriechen och am Wanter nach!

 

Déi grouss Nouvelle ass dass d’ Wort esou eppes schreift,

An  nitt dass een Schäissert do säin Onwiesen dreift.

Bestëmmt ass dat déi nei Ligne éditoriale, (1)

An der Zäit wär sou een Vocabulaire jo duerchgefall.

 

Deen neien LuQ hat déi nei Sprooch nach duerchgesat,

Als Reporter huet den Péckvillchen alt um Wuert geknat,

Dat huet d’ Lëtzebuerger Wort him an den Mond geluecht,

Et léisst een Nogeschmaach wann et op der Zong vergeet.

 

Eis Sprooch ass lo transparent mat deem Pipi Kaka,

Dat seet jiddefalls deen groussen  Zarathustra!

Hien sollt sech den schrecklechen Fall mol unkucken,

An seng Nues an d’ Affär stiechen ouni ze zucken.

 

Déi brav Leit am Trauma ginn him iwwerall no,

An wien ass dann nëmmen deen Knaschtbeschmotzer do?

“ Hm” sot den Weisen Mann, “deen Flapp ass schlecht verdaut,

An d’ Trapegelänner gouf als Donnerbalken gebraucht. “ 

 

“An deen Koup am Tunnel weist Laktos Intoleranz,

Den Typ ass opgelaf, deck Panz an Flatulanz,

Säin Footprint vum Methan ass deen vun enger Kou,

An wann en Choufleur ësst wären dat der zwou!”

 

“T’ ass een Mann tëscht fofzéng an achtzeg Joeren”.

“T’ass den Joss, nee kloer den Piir, ma gewëss, den Kloos!”

”Et war also keng Fra” sot d’ Madame vum Nopeschduerf,

“ Nee” sot den Noel Golden, “een Heeschert mam Affer Kuerf!”

 

An dat Latrinengespréich ass séier politesch ginn:

“Den Schäissert soll wëssen dass mir hannert him stinn!

Mir wëllen komfortabel Schäisshaisercher fir den Public,

Mat Aschlanter an flotter Militär Marschmusek.”

 

Wéi an der aler Zäit déi an der Vergaangenheet läit,

Läit do een Stouss Pabeier, keen Blat vum Wort gëtt ewech gehäit,

All Blat ass kulturell an hygieenesch ganz wichteg,

An d’ Schäisshaischen am Duerf ass nëmmen richteg!

 

An der Nuecht koum do eppes em den Eck geschlach,

Verwonnert, d’ Bocks op den Knéien nach.

“Tjö, Merde alors, mat esouvill Polizei ,

Kann een jo nemméi roueg schäissen hei!”

 

D’ Lëtzebuerger Wort huet awer keen Numm genannt.(2)

Dat ass privat, d’ Affär läit am Noel Golden senger Hand.

Mee eisen Schäissert ass een Held, den Tabu ass gebrach,

D’ Wort war verréckt op den Schäissert vun Manternach!

 

(1) Jean-Lou Siweck quitte le Luxemburger Wort et Deborah de Robertis y est à poil.

(2) Manternach: Polizei macht „Schäissert“ ausfindig

Luxemburger Wort

https://www.wort.lu › osten › man... 

Feb 29, 2024 — „Wir sind informiert worden, weil mehrmals ein Haufen in der Fußgängerunterführung unter den Eisenbahngleisen gefunden wurde“, sagt er.


Friday, January 26, 2024

Zu Lëtzebuerg ass et illegal fir arem ze sinn.

 

Ass dat do den Péckvillchen? Nee eent aremt Heeschekand.


Zu Lëtzebuerg ass et illegal fir arem ze sinn.

 

Den LUQ krut jo dem Xav seng Plaz,

An schonn koum den éischten Sprengsaz.

Den Noel Golden krut direkt den Befeel.

Gehei all Heescheleit eraus an d’ Keelt !

 

Den Noel Golden huet an senger Rüstung geglänzt,

D’ Leit soten: “deen schléit déi  lo gutt laanscht d’ Pänz !”

Dat wëssen jo all Progressiv an och déi Ageweit,

Harvard an Qatar, do gëtt et keng arem Leit !

 

Op RTL souert een Reportage: “Dreh dich nicht um”,

“Schau schau der Kommissar geht um !”

An allen Uewen Ecken geet Rieds vun den Heescheleit,

An op et gudd ass dass een se eraus geheit.

 

Eisen CEO sot, “arem Leit kréien arem Kanner,

Ech hätt gären mir hätten deer  vill manner.

Duerfir muss Ech den Aarmut hei am Land verbidden,

Arem Leit sinn hei guer net méi gelidden."

 

An esou huet déi nei Regierung gewisen wat se kann,

An als Ufank koum emol direkt eng Panne.

Déi meeschten Leit rëselen den Kapp,

Eis Artisten huelen d’ Glodiatoren op d’ Schlapp.

 

Den Präsident Schiltz vum Staatsrot huet sech gefrot,

Wat eis Verfassung seet zum Bettelverbot.

“Schiltz, Schiltz, c’est le fils de quelqu’un?”

Sot d’ Madamm an huet hir spatz Nues gepuddert.

 

Den Péckvillchen sot, "Madamm wéi mengt dir dat,

Den Mann huet nawell ganz gutt geschwat.

An dier wäert gesinn dass bei de nächster Tripartite,

Jiddereen en eidelen Affer Kierfchen kritt."

 

Eisen Lieserbréif vum Dag:

Péckvillchen, 

Du weess emol net wéi Ech heeschen !?

Leon Gloden.