Thursday, January 3, 2013

T' ass Neit Joer an den Juncker dien ass erëm do!


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass den "Consolidatrix Afflictorum" 
beim consolidéieren. Photo ET


T' ass Neit Joer an den Juncker dien ass erëm do!
Op RTL beäntwert hien keng enzeg Fro.
Dann  gëtt hien dem Wort een Interwiu
A schléit dat platt wéi ee platten Su.

Am Ausland huet hien een nei Wuert geléiert,
Hien gebraucht iwwerall "consolidéiert".
Gespuert, gelunn, verschass an investéiert,
D' Litanei sengt sech elo mat "consolidéiert".

Wéi ass et mam Budget? Consolidéiert!
Wéi ass et mam Index? Consolidéiert !
Léiwéng an Cargolux? Consolidéiert!
Deontologie' s Code ? Consolidéiert!

Wien et laang huet dien léisst et laang hänken,
Eis Regierung dréckt sech op den Bänken.
Wann een alles laang genuch leien léisst
Consolidéiert et sech, Problem geléist.

D' Cargolux mécht dann eben demi-tour,
Den Frieden hat se jo bal futti gefuer.
D' Jacobs léisst sech heemlech am Urwald feieren,
Consolidéiert mat eisen Steieren.

Den Bashar-al-Assad ass alles sat,
Den Ass-el-Born huet deem schéin d' Flemm gemat.
Syrien gëtt elo consolidéiert
Wann Lëtzebuerg d' Grande Region annexéiert.

Merkel, Hollande,Europa sinn wéi dervun.
Sie duechten den Juncker bleift, hien hätt gelunn,
Mir tréischten se, well laut sengem neien Numm
Ass hien d' Consolidatrix Afflictorum.