Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat sinn eleven birds. Photo: Studio 12 |
Tax Talks am Seven - Eleven
D’ Regierung ënner Sequester
am Design-Hotel,
Hat een Tax-Talk, mee t’ war
alles confidentiel!
Am Seven Hotel sollten se
nëmmen English schwëtzen,
Dann ass manner Gefor fir den
Secret ze verletzen.
Den Seven Hotel ass een
High-Tech Hotel,
Op den Diwwi owends leeën se
zwéin Äppel.
Den Budget schéngt jo an der
UBS ze sinn,
An souguer den Lift muss
voice-aktivéiert ginn.
Only den Asselborn koum nit,
an dat fält op!
Hien sot “No Hologram”, well
hien ass holophobe.
Here is the Problem, den
High-Tech Lift war futsch.
Wien hat dann Esch virgeschloen?
Thank you very Mutsch!
Am Lift blockéiert, hunn eis
Leit vill Zäit verbruecht,
Yes, se hunn un een neien
Steiersatz geduecht.
Dien geet erop, mee d’
Steieren ginn nit gehéicht.
Well, t’ schéngt dass
jiddereen méi kleng Paien kréich.
No comments:
Post a Comment