Saturday, January 24, 2015

Trennung vun der Juegd an vum Renert

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass dem Renert saïn Mononk. Photo ET



Trennung vun der Juegd an vum Renert

T’ war sou ëm d’ Fuesent, am Uewen potert d’ Feier,
Déckt Äis deckt den Biekerecher Milleweier.
Hannert dem Kuelebierg schéissen se dass et klaakt.
T’ géing een bal mengen et wär een zu Stalingrad!

Ausser Otem koum den Renert bei den Cam gelaf,
"O Kammill" sot en, "Ech war elo bal am Graf!
Déi do schéissen sinn déi mat den dréchenen Longen,
Do kanns De kucken, mee do fënns De keen Bongen."

"O Kamill, fir mech bass Du den Rouden Léif!
D’ Leit soen, et ass nëmmen hien dien epps maachen géif.
Well den gréngen Baosh, dien ass jo och nie hei,
All schéinen Dag rennt dien jo erëm op Shanghai."

"Dir wëllt jo den Isegrim rëm aféieren,
Kann een sou géint den Fuuss diskriminéieren?
O Kamill wanns Du sees, d’ Juegd op de Fuuss geet lo duer,
Dann weisen Ech Der eng nei Quell am Mëlleschbour."

"Ma, Fiisschen, Ech verstinn an Ech hëllefen do gär,
Mir maachen Dech souguer direkt Staatssekretär.
Den versoffenen Rousekranz mécht eis ze schafen,
Dann bass Du mat äis, géint d’ Jeeër a Pafen."




No comments:

Post a Comment