Monday, May 6, 2013

Kuddelfleck am Schmuddeleck


    Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass ee Schmuddelreiher dien 
    wäscht Geld am Schmuddeleck. Photo ET



Kuddelfleck am Schmuddeleck (1)

Hien sot mir druddelen eis hei am Schmuddeleck,
T'Lea kuddelmuddelt eis och nach Kuddelfleck,
Dann  Judd mat Gaardebounen and gutt Nuddelen,
An Spruddel, dann fänkt alles un ze tuddelen.

De Couponszuch aus der Belsch ass voll gedruddelt,
Am Gewudders gëtt mat Steieren gefuddelt.
Wéi d'  Puddelen stinn se an der Bank am Ruddel,
A rosen, de Bankier kritt der gutt an d' Schnuddel.

Wëll de Frieden huet am Schmuddeleck gebuddelt,
An eis Belsch fillen sech elo ganz schéin befuddelt.
D'ABBL schuddert sech an suddelt, t' ass uerg,
Mir buddelen den Schmuddel aus der Schmuddelbuerg.


(1) Banken "raus aus der Schmuddelecke"