Wednesday, March 27, 2013

Kommt mir bauen eng Kris !


    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee. dat ass eng Troika, 
    mee zu fënnef. Photo ET

Kommt mir bauen eng Kris !

Dir sidd jo d' Accord: mir sinn dach keng Idioten !
Mir léieren am Nu vun den Zyprioten.
Déi kruten eng Zort Certificat Médical,
Dien sot t' wär an der Rei fir een Bank Iwwerfall.

Dat doten loossen mer eis keng zweemol soen!
Awer ir mer lo blannemännches draschloen,
Do brauchen mer emol fir d' alleréischt ee Plang.
Dann plënneren mer d' Banken op de leschte Frang.

Mir sinn zwar schonn déi räichsten Bierger op der Welt.
Mir wëssen awer och, t' huet een nie genuch Geld.
An duerfir, kommt mer sinn nit esou zyperlech.
Well mir maachen eis dann mam schwaarzen Geld ewech.

Hei de Plang: verspreet äert Geld iwwert e puer Banken,
Nie méi wéi honnert Mille am Euro oder Franken.
Dann hutt Dir iwwerall d' Konten garantéiert,
Well ënnert honnert Mille keen een Su verléiert.

Dann gi mer hin an soen d' Land wär schrecklech krank,
Déi eenzeg Rettung wär al d' schwaarzt Geld an der Bank.
T' geet jo op e puer dausend Milliarden nit un.
Gedeelt kritt jiddereen aacht Milliounen dovun.

An d' Troika feiert dann eisen Coup och mat,
Se zielen d' Suen mat an drénken nach ee Patt.
Lagarde an Barroso baatschen mat der Gäissel.
An den Dijsselbloem dréit eng Blum um Täissel.

Saturday, March 16, 2013

Den Andy Schleck drénkt näischt, wann Iech ge Lift, nach eng Tournee.


Ass dat do den Peckvillchen? Ma nee, dat ass den Le Borgn mam 
grengen Aandeckel. Poisson d' Avril ! Photo ET, Münchener Hofbräuhaus. 


Den Andy Schleck drénkt näischt, wann Iech ge Lift, nach eng Tournee. 

Mäi léiwen Jojong, Hick, dien hei, dien hei, dien hei,
Dat Vëlo, ma nee, dat wëll Ech elo,  elei,
Verstees te, Vëlo, elo, elei , fréck, hahaaa!
Gesoff öh, gesot hunn, dien hei drénkt näischt, basta.

Ffffro den Garçon hei, dréchen wéi de Mont Ventoux,
Nach epps, dien blannen Fransous goung mir op den Su,
Ech wollt just kucken op den Le Borgn nach gesäit,
A sot dréckt den eelef fir mech Monsieur, wann dat geet.

De Le Borgn huet gebiicht an geroost an getaascht,
Hien dréckt iwwerall an et gong ëmmer derlaanscht.
Als Beweis wat richteg geschitt ass, kuckt mol hei,
Et ass dien neitsten Lift an deeër Brauerei.