Saturday, January 31, 2015

Een Hologram an der ëmgetippter Béierkëscht


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Hologram dien dernieft gaang ass. Photo ET























Een Hologram an der ëmgetippter Béierkëscht

Et mengt een der KPMG hiert neit Gebai,
Wär gebaut ginn vun der Boufferdéng’ s Brauerei!
Suggestiv, flott, nom Modell vun der Béierkëscht,
Wien KPMG seet, dien gläich no Béier glëscht.

Esou een Gebai gëtt natierlech ageweit,
An duerfir gëtt sech och schéin an d’ Käschten geheit.
Jenny an Menny sin geruf an och komm,
Just den Bettel huet gefeelt, dat goung awer domm!

Mee KPMG ass een groussen Hexenmeeschter,
Op eemol am Sall war alles däischter,
An Hokus Pokus, ass dat den Michael Jackson?
Nee, t’ ass den Bettel an den lackenen Schong.

Als Hologram flackert hien an der Däischtert,
An mat Recht freet hien sech wéi een klenge Näischtert!
Mee den Péckvillchen gesäit direkt den Ënnerscheed,
Wann et em t’ Zouknäppen vum Paltong geet.

Ah jo, lauschtert Dir léif Leit aus Haut a Schank,
Dien Trick hei huelt Dir roueg mat op d’ Bank:
Dir knäppt den Paltong vun lenks no riets,
Beim Hologram ass et ëmgedréint wéi’ s De fiers.

Do kommen awer elo rechtlech Froen op.
Soen mer den Bettel als Hologram hätt keng gutt an der Kopp.
Ass den richtegen Bettel dann responsabel?
Kann hien mat sech selwer streiden wéi Kain an Abel?

Als Äerzbëschof géing Ech mer Suergen man.
Well d’ Konventioun mam Staat geet vläicht an d’ Aen!
Huet Deen dann lo mam virtuellen Bettel ënnerschriwwen?
Oder mengt Dir meng Angscht wär iwwerdriwwen?

Eppes Guddes léif Leit wär awer,  stellt Iech vir,
Bei deem Sauwieder geet jo keen virun d’ Dir!
Wéi wär et wann een fir eng Zäit d’ Land ausschalten géif?
An et a Florida zréck geschalt géif: Palmen an Rouden Léif. 



Saturday, January 24, 2015

Trennung vun der Juegd an vum Renert

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass dem Renert saïn Mononk. Photo ET



Trennung vun der Juegd an vum Renert

T’ war sou ëm d’ Fuesent, am Uewen potert d’ Feier,
Déckt Äis deckt den Biekerecher Milleweier.
Hannert dem Kuelebierg schéissen se dass et klaakt.
T’ géing een bal mengen et wär een zu Stalingrad!

Ausser Otem koum den Renert bei den Cam gelaf,
"O Kammill" sot en, "Ech war elo bal am Graf!
Déi do schéissen sinn déi mat den dréchenen Longen,
Do kanns De kucken, mee do fënns De keen Bongen."

"O Kamill, fir mech bass Du den Rouden Léif!
D’ Leit soen, et ass nëmmen hien dien epps maachen géif.
Well den gréngen Baosh, dien ass jo och nie hei,
All schéinen Dag rennt dien jo erëm op Shanghai."

"Dir wëllt jo den Isegrim rëm aféieren,
Kann een sou géint den Fuuss diskriminéieren?
O Kamill wanns Du sees, d’ Juegd op de Fuuss geet lo duer,
Dann weisen Ech Der eng nei Quell am Mëlleschbour."

"Ma, Fiisschen, Ech verstinn an Ech hëllefen do gär,
Mir maachen Dech souguer direkt Staatssekretär.
Den versoffenen Rousekranz mécht eis ze schafen,
Dann bass Du mat äis, géint d’ Jeeër a Pafen."