Monday, August 19, 2013

De Schëfflenger Kierch Hinnchen





























Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass den Schëfflenger 
Kierch Hinnchen am Exil. Photo ET

De Schëfflenger Kierch Hinnchen

Am Summerlach wousst RTL näischt ze melden,
Vun Ministeren, Kläpper an anren Helden.
Mee Schëffléng hat eng Katz geklemmt an der Fënster.
Déi hat bestëmmt ze vill gefrupst beim Lea Lënster.

Do sinn d' Pompieren erausgeréckt mat de Schläich,
Siren, a Leeder, d' Broscht eraus, mat flaachen Bäich.
An elo ass den Schëfflenger Kierch Hunn fir d' Katz,
Iwwert déi grouss Leeder geet d' Katz an deem seng Plaz. 



Saturday, August 17, 2013

Eng deck geklauten Prime bei der Ackerbauverwaltung ass eng kleng Zomm, déi enorm ass fir zréck ze bezuelen (1)

    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Beamten vun 
    der Ackerbauverwaltung dien epps Kléngs mat heem hëlt fir seng 
    Fra. Photo ET

Eng deck geklauten Prime bei der Ackerbauverwaltung ass eng kleng Zomm, déi  enorm ass fir zréck ze bezuelen (1)

D' Ackerbauverwaltung ass huel an der Rommel,
Do verschwätzt sech jo een, eng Bei wär eng Bommel.
Eng kleng Zomm wär enorm fir zréck ze bezuelen,
Zemol wann se engem den Subsid och nach huelen.

Dir kennt d' Geschicht, vum Mann an der Agrikultur,
Senger Bauerefra goung den Betrib nit duer.
Hien sot: "Ma Ketty Ech maachen Dir dat an d' Rei,
Ech verschafen Dir een Subsid nieft menger Pei."

"Ma Metty wéi soll dat, Ech bauen jo näischt un?"
"Dat mécht näischt, Ech sëtzen jo do wéi d' Méck um Krunn.
Wann meng Fra näischt kréich, dat wär dach fir ze laachen,
All d' Maschinnen déi ' s De brauchs fir näischt ze maachen!"

"Mir man ganz einfach ee Betrib um Pabeier,
Keen Hännes op der Genn an och keng Scheier,
Keen Maehdrescher, keen Mëschtspreeder an och keen Plou,
Keen Trakter, keng  Éig, keen Héngerjuck, Päerd a Kou."

"Du gëss ganz einfach puer Hektar vun Farmville (2) un,
Ech man mäin Stempel drop, dann kréint keen Hunn dervun!
Wann een enges Daags een Problem wëll bauen,
Soen Ech, Du wäers dach menger Fra kënnen trauen."

"Amplaz den Karschnatz ginn mir mam Wort op d'  Croisière."
"O Metty" sot d' Ketty, "mir ginn op d' Cannebière,
Buffet am Sieschter an Zänner, do ass epps lass."
"Jo mäin Schof, Ech sinn jo nit vum Lämmes gebass."

Mee enges Daags koum eppes an den Stall geschlach,
Wëll  awer keng Kou do war gouf och keng gestrach.
Dunn koumen d' Läit hien sichen wéint der Gaunerei.
T' hat keen Schwäin eppes gesinn vun der Sauerei !

"Dräihonnert fofzeg Mille, am Fong geholl eng ganz kleng Zomm,
Déi ass zwar enorm", sot den ASTA (3) Agronom.
"Wann hien muss zréck bezuelen, hien gouf jo erwëscht,
Ee Gléck t'gëtt keng  laang Lëscht, vun nach méi dëser Mëscht."

"Dien Mann vun deem mer schwätzen gouf direkt versat,
Vun engem Trach an dien selwechten an der Stad.
Hien ass elo Chef fir déi aner ze léieren,
Wéi een vergläicht zwëschen Ochsen an Stéieren."

Sou sot den Agronom ouni ze tuddelen,
Wéi ass hien sécher dat déi aner nit fuddelen?
Mir sinn jo awer keng vun Hee an Stréi,
Wou een fuddelt sinn der bekanntlech nach méi.

(1) Dat ass dien längsten Titel dien den Péckvillchen jee hat.
(2) Farmville, dat Spill op Facebook wat ëmmer een mir schéckt! Halt op dermat!
(3) Administration des Services techniques de l'Agriculture ASTA


Monday, August 12, 2013

Mäin Walprogramm 2013

    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass eng Wal Versammlong vun den Schwaarzen. Photo ET

Mäin Walprogramm 2013

Wann de Péckvillchen ophält mat reimen, dann kënnt een un d' Keimen.

Virun den "Neiwalen" wollt Ech eemol hei d' Rollen vum Kandidat an Wieler kloer stellen: t' brauch keen mir soen ze kommen, "Ech sinn Kandidat, an hei ass mäin Programm, stëmm fir mech ". Et ass grad ëmgekéiert. Ech soen Dir, Kandidat, wat Ech, den Wieler gären hätt, an wann' s De dat nit kanns oder wëlls, kriss Du meng Stëmm nit.

Ech, den Wieler sinn dien, dien Dech engagéiert fir an mäin Service als mäin Deputéierten ze trieden. Wann Ech Dech wielen, bass Du gebieden dat ze maachen wat Ech gären hätt. Keen Cadeau, just gutt Aarbecht. Duerfir soen Ech Der hei wat Deng Aarbecht ass.

Vergiess jo nie dat Ech dien sinn dien Dir déi Aarbecht gëtt. A wann' s De iren solls Minister an der neier Regierung ginn, verstéi dat Minister vum Latein kënnt, an wëll Dénger oder Serviteur soen. Du bass nit mäin Patron. Ech sinn Däin Patron. Du bass just mäin Vertrieder. Ech ginn Der een Déngscht Grad, eng (gutt) Pei an d' Autoritéit fir Deng Aarbecht ze maachen. Fir dass eist Verhältnis kloer ass, duzen Ech Dech och. Domat sinn mer dann sécher dass De verstees dass De nit op engem Piedestal stees, mee dat mir gläich sinn, absolut gläich. Ech soen Der all Respekt, wann Däin Zweck ass dem Land ze déngen, an manner esou wann' s De just no Pouvoir glëschts. Vergiess dat nit wann d' Iwwerhieflechkeet  no Denger Wal mat Dir duerch soll goen. An verstéi och dass Ech, de Wieler, Dir oppassen an dass Du mir Rechenschaft schëlleg bass.

Wann' s Du gären meng Stëmm häss, muss Du wëssen dass Ech fir unzefänken keng Persoun, Starlettchen oder Célébritéit wielen. Nee, Ech stëmmen fir Iddien. Hei sinn meng Iddien, dat mécht Dir et méi einfach mech mat deenen z' iwwerzeegen.

1. Ech ginn Der zwee Joer fir eng nei Constitutioun ze schafen  

O, keen Gewurschtels ëm déi al Constitutioun. Och nit dat Getechtelmechtels ëm dien neien Projet dien iergendwou zënter Joeren  mautscht, an dien bis elo ee schlammen Kompromëss zwëschen blannen Apparatchiken ass. Nee, organiséier Diskussiouns Versammlungen op den Gemengen duerch d' Land an lauschter op d' Leit déi eppes zum Text wëllen bäidroen. Dann maachen mer een Referendum wou all Kapitelen eenzel sollen acceptéiert ginn. Fir d' Mooss, déi al Constitutioun huet zwielef Kapitelen. Wann een Kapitel duerchfält, gëtt deem Rechnung gedroen an et gëtt een zweeten Referendum iwwert déi amendéiert Kapitelen. Dann huet d' souveränt Vollek tatsächlech gesot wéi mir wëllen zesummen liewen. No dem Aarmut and den Skandaler vun den zwee leschten Joeren, ass dat d' grouss Botz mat deeër een muss ufänken. Eng kredibel Constitutioun déi och respektéiert gëtt, zemol se och muss soen wéi Ech géint Dech kann Klo féieren wann' s De se mat Féiss trëppels, wéi dat elo d' Gewunnecht ass.


2. Eng zweet Prioritéit ass Transparenz hierzestellen

Ech muss jo op Dech oppassen, wann' s De gewielt gëss. Mir wëssen jo dass den Pouvoir korrupt mécht, wann keen nokuckt. Fir déi néideg Transparenz ze kréien, hei ass meng Lëscht vun Saachen déi ze maachen sinn, an Du solls Dech nit derlaanscht drécken fir dat an Musek ze setzen d.h. déi folgend Gesetzer an Reglementer endlech op den Dësch ze leeën:

  • Mir waarden schonn 12 Joer op déi Lëtzebuergesch Versioun vun engem "Freedom of Information Act", also de Projet de Loi Bodry iwwert d' Recht Zougank ze hunn un der Regierung an der Administratioun hir Informatioun. Ech muss jo kënnen kucken wat' s De schaffs. An looss Noten huelen vun den Gespréicher déits De féiers, dann kanns De herno nit léien, oder Du gëss erwëscht.
  • Dann hätt Ech gären een Code de Déontologie, dien eppes daacht. Dann weess Du an Ech wéi' s Du Dech solls opféieren. Vergiess nit mat deem Unfug opzehalen wou Deng puer privilegiéiert Staatsbeamten sech an den privaten Verwaltungsréit verwinnen loossen. Dat ass offiziell Korruptioun.
  • Dat nächst ass endlech een Gesetz géint d' Korruptioun. Nit fir eppes ze soen, mee den Pouvoir mécht korrupt. Du muss also wëssen wéini dass De riskéiers an de Bing ze goen. Iwweregens hätt Ech gär dat et duer geet wann 1/3 vun der Chamber eng Enquêten Kommissioun stëmmt. Mir hunn jo gesinn dat soss alles ënnert den Teppech gestëmmt gëtt.
  • Et feelt och een Gesetz iwwert den Lobbying. Do sinn mer esou krank, dat d' Lobbyisten alt an verschiddenen Gremien an den Komiteeën sëtzen. Een Lobbyist muss een enregistréierten Beruff sinn, oder nëmmen konstituéiert Organisatiounen, wéi Gewerkschaften, Associatiounen, asw.
  • Ech weess et ass heiansdo schwéier fir dat Richtegt ze maachen. Eisen Nach-Premier sot emol, hien wiisst genau wat hien misst maachen fir d' Problemer ze léisen, mee wéi géif hien dann awer zréck gewielt? Dat ass Leadership! Ech mengen mer mussen deenen Leit d' Liewen méi liicht maachen an nëmmen zwee Mandater noeneen erlaben. Dann kann een wéinstens déi zweeten Kéier den Courage hunn eppes ze maachen. An d' Land léiert an engems dass keen indispensabel ass.
  • Datselwecht gëllt fir d' Kumuléieren vun Mandater. Wou solls De do Deng Aarbecht maachen?
  • Dann bleift och nach eis Justiz. Mir kënnen keen zouverléissegen Banken Zenter sinn mat enger Justiz déi nit fonctionnéiert wéi se soll. Joeren an Joeren Gedeessems fir een Jugement ze kréien ass schlëmm. Et ass eng Violatioun vun den Mënscherechter an ass virun allem schlechten Business fir Lëtzebuerg. D' Victimen (auslännescher virun allem) vun der BCCI, vum Madoff an Kaupthing kéinten ee Lidd sangen, mam Enrico Macias virop. Bal 30 Joer Bommeleeër Affaire ass jo nawell een gutt Beispill fir sech virzestellen  wat d' Ausland iwwert eis Justiz denkt: elo sinn alt erëm 8 Wochen Vakanz, an d' Gericht, d' Affekoten and déi Ugekloten sinn op der Plage oder am Schwarzwald.
  • Zu gudder Läscht bleift den Problem vun der Representativitéit vun eisem Parlament. Do sinn bal nëmmen Affekoten an Staatsbeamten, all mat hirer aler Carrière als Garantie. Déi representéieren sech virun allem selwer. Déi aner Lëtzebuerger kënnen wéinstens fir déi stëmmen. Mee d' Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen, schaffen, an Steieren bezuelen hunn näischt ze radetten. "Taxation without representation" géingen d' Amerikaner soen .... Ech loossen mech do vun Dir iwwerraschen, genau wéi bei Froen wéi der Séparatioun vun Staat an Kierch, oder wéi weit mer den Kapp hin halen zu Bréissel.  
Dat ass déi grouss Botz. Doniewent bleift déi dagdeeglech Aarbecht, virop bal 20.000 Chômeuren. Dat quëtscht den Duerchschnëtts Lëtzebuerger, dien säin Geld mat haarder Aarbecht verdéngt, zwëschen zwee ëmmer méi grouss Lächer, déi mat sengen Suen mussen gestoppt ginn: op der enger Säit fir déi ouni Aarbecht ze ënnerstëtzen, op deeër aner Säit fir déi futsch Banken ze retten. Dat packen mer nit éiweg. Do hues De elo Spillraum genuch fir ze weisen wat' s De kanns, an ze maachen wat een muss maachen, zemol wann' s De Däint zweet Mandat hues: Du kanns jo dann souwisou nit méi erëm gewielt ginn!


Bonne Chance fir den 20ten Oktober. Mat mir verdierfs D' et awer wann' s De am Walkampf mat Dreck geheis, Ligen erziels an virun allem nit méchs wéi Ech, den Wieler, Der elo grad erkläert hunn.



Tuesday, August 6, 2013

D’ Dikkricher Stad Musikanten


Ass dat do den Péckvillchen? Ma jëmmen a gewëss! Photo ET

D’ Dikkricher Stad Musikanten

Zu Dikkerich, wou een keen an d‘ Kierch kréich, ass Krich,
Well déi, déi fir déi sinn déi dergéint sinn wieren sech.
Nach nie zënter der Seechen vun der Rouder Gees,
Gouf et wéint engem Déier souvill Schinnegebeess.

Déi Dikkricher hunn den Hunn mam Iesel ersat,
Den Dikkricher Iesel ass jo d’ Symbol vun der Stad.
Dem Octavie modert dat um Mo mat deem Hunn,
Hat bezuelt elo näischt, dann hunn se dat dervun!

Den Péckvillchen gouf  ‘rëm em gudden Rot gefrot.
“ Dien hei hätt am léifsten keen Hunn” huet hien du gesot.
“Mir kennen dach all den Iesel vun Nazareth,
Dem Schupp saïn Iesel, dem Kleeschen am Wéiwësch Kett”.

“Am léifsten hätten mer keen Hunn wéi mir een haten,
Wat ass dat ee Kräiz mat deeër Zort Kandidaten!”
Den Iesel um Tuerm streckt alle Véier vun sech.
“No den Walen hëlt dach keen méi dien hei ewech”

Den Top Dikkricher an d’ Octavie sinn wéi Hond a Katz,
Well hien ass jo roud an hat awer donkel schwaarz.
Kuckt do, een Iesel, een Hond, eng Katz een Hunn,
T’ héiert sech wéi d’ Bremer Stadtmusikanten un.




Monday, August 5, 2013

De Juncker gëtt “ad hominem”


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat sinn Ligenibissen. Photo ET

De Juncker gëtt “ad hominem”

De Juncker, dien nach On-Demissionéierten,
Wëllt virun  man, op allen Fall probéiert en.
En huet dat frecht Wiff vive zréck an seng Wéi gedämpt,
An sech mat nach méi Méi géint eng Motioun gestemmt.

Den Walkampf huet emol nach nit richteg ugefaang,
Ass den Juncker mat senger Erotik amgaang:
Hien schwëtzt iwwer seng erotesch Verhältnisser,
Mam Pouvoir, Pabeier an Bankgeheimnisser.

Dien décken dueblen Dossier dien hien dorëmmer schleeft,
Ass den Kamasutra, och wann keen Mënsch dat gleeft.
Doraus mécht hien lo seng Campagne Electorale,
Dir wäert gesinn, déi meescht falen duerch am Oral.

Hannerlëschteg sot hien dass Gay sinn sexy ass,
Mee opgepasst, dien Schoss geet gär no hannen lass!
“Hei schwëtzt ären Juncker ........ déi aner sinn all Gay”,
Aus dem Bësch rifft et zréck: “Juncker, Juncker, géi, géi!”