Wednesday, December 30, 2015

Dem Péckvillchen seng Neijoschried


Ass dat do den Péckvillchen? 

Ma dat wär jo awer gelaacht! Photo ET






















Dem Péckvillchen seng Neijoschried


Well den McKinsey jo keen Lëtzebuergesch kann,
Huet den Péckvillchen seng Ried mussen selwer man.
Eng gutt Geleeënheet fir vill Geld ze spueren
An domat mam Maggy an d’ Vakanz ze fueren. 


An hei ass déi Ried, mam Juncker senger Gänsefieder geschriwwen:


Léif Lëtzebuerger, léif Portugisen, léif Fransousen,
Léif Belsch an och Preisen, an nit ze vergiessen:
اللاجئين الحب ,
Léif auslännesch Persounen wann dir eis Welt Sprooch verstitt.

Also als Staatsminister vum Lëtzebuerger Staat,
Sinn Ech frou well mir hunn jo näischt futti gemat.
D’ Leit soen jo ëmmer “Wien näischt mécht, dien näischt brécht”
An dat ass an eisem DNA ugepecht.

T’ éischt soen mer riicht eraus an näischt derniewent,
Wéi frou mer sinn an engem frouen Land ze liewen.
Well déi frou auslännesch Persounen dat selwer soen,
Kann Ech mam Juncker do voll derhannert stoen.

Obschonn, an do kann een anerer Meenung sinn,
Gëtt et jo kaum eppes wou mer eis nit verstinn.
An dat ass jo sou formidabel ze gesinn,
An ze héieren, frot Dir no allen Säi-äiten hin.

Dir an Ech wëllen jo an kengem Land liewen,
Wou een un alles sou schwéier muss hiewen.
Et muss eemol gesot ginn, dann ass et gesot,
Am léifsten hunn mer d’ Dauwen schéin fäerdeg gebrod.

Ënnert eis gesot, an mir liewen nach all dovun,
Well mer d’ Steierparadies ëmgekrempelt hunn,
Ass et eis egal wat se déi Säit der Musel man,
Eis Flüchtlingen hunn Suen déi Säit dem Ozean.  

T' kann een sech selbstverständlech och mol do bekloen,
Mee eis Spuerkeess léisst do keng Milliarden stoen.
A wann eng Brems gebraucht gëtt kennt den Felax Briz,
Dien bremst dann fest als Minister vun der Justiz.

Léif Lëtzebuerger and déi, déi et wëllen ginn,
An wann s’ et sinn, och bleiwen wëllen wat se sinn.
An duerfir wënschen Ech Iech vill Neit Joer am Gléck,
An vill Freed bei der Lektür vum Villchen Péck!







Wednesday, December 16, 2015

Wann d’ Maggy zréck bei d’ Maus Ketty geet


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Nol!
Photo ET/Mudam

Wann d’ Maggy zréck bei d’ Maus Ketty geet 

Schonn eng gutt Zäit soen d‘ Munnerefer Läit,
Dass eist Maggy geschwënn seng Kromm an d’ Heck gehait.
Hat wär jo bestëmmt nit vum Delles gebass,
An hat wär jo dat nit néideg, all dien Beschass!

Käpp mat Neel ze man, dat wär d’ Regierung amgaang,
D’ Maggy huet saïn Job beim Schleck saïn Vëlo gehaang.
Mee virdrun huet et nach séier een Scheck geschéckt,
Fir dass den Mudam eis weider d’ näächst Joer begléckt.

Mir aner Kulturschaffend sinn doudonglécklech,
HBO, Katar, Péckvillchen trëfft dat schrecklech!
Mir setzen do zu Weiler um Fierkel ze knabberen,
“Wir wollen unsre Maggy Nagel wiederhab’n!”

Monday, December 14, 2015

Japan huet den Juncker mam Santer verwiesselt!


Rising sun. On my way to the Crane Dance.
Photo: ET





















Japan huet den Juncker mam Santer verwiesselt!

Den Jacques Santer deem saïn Stär jo blatzeg do steet,
Krut den japaneschen Uerden vun der Sonn déi opgeet!
Keen Mënsch versteet wuerfir hien déi Médaille do kritt,
Déi war fir den Juncker, well déi hat dien nach nit.

Fir all den Knaschtbeschmotzer den Mond ze stoppen,
Goung den Péckvillchen no Informatiounen shoppen:
Abbe sot den Abe, den Santer San huet Mériten, dien giff
Sake glëschten, beim Apéro an Digestif!




Friday, December 11, 2015

Breaking News : Den Péckvillchen gëtt Chef de Cabinet


Neien Wand an der Regierung.
Photo ET/Service Information et Presse




















Breaking News : Den Péckvillchen gëtt Chef de Cabinet

Den Péckvillchen war jo ganz laang an enger Schoul,
Do huet en schreiwen geléiert mam Schal an mat der Moul.
Elo huet d’ Regierong op eemol Kretschen gebraucht,
An natierlech ass den Péckvillchen als Kandidat opgetaucht.

Dir konnt Iech jo schonn selwer vergewësseren,
Wéi d’ Communiquéen changéiert hunn zum Besseren
Ouni Iwwerhieflechkeet, mat enger Touche Humor,
Dien neien Wand huet eben een Péckvillchen am Motor.

Am Mali sinn lo zwéin Zaldoten hutt Der gesinn,
D’ Regierong wollt domat den Internet laachen dinn.
Dien Expeditiounskorps kascht eis zwou Milliounen,
Dat heescht t’ sinn zwéin Genereel mat Cargolux Pensiounen.


An hei den Communiqué am Wand: Honi soit qui Mali pense

Renforcement militaire au Mali: envoi d’un militaire supplémentaire au sein de la mission de formation militaire de l’UE EUTM Mali doublant la présence militaire luxembourgeoise sur place. Ce militaire sera sur place dès janvier / février 2016 et occupera un poste de conseiller auprès des forces armées maliennes


Tuesday, December 8, 2015

“Mat Gambia kann jiddereen Tramsschaffner ginn!”


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Kaartepëtzert. 
Photo ET/LuxTram























“Mat Gambia kann jiddereen Tramsschaffner ginn!”

Dat huet den TRAMSportminister déclaréiert,
An huet eis all bei den Auchan invitéiert.
Well do huet hien eng schéin Attrapp vum TRAM gebaut,
D’ Geld duerfir gouf vum Kilometergeld geklaut.

Wat keeft een haut schonn fir dräihonnertdausend Euro?
D’ Attrapp ass jo och nëmmen fir ze spillen do.
An duerfir steet den Tram ouni Schinn sTRAMm am Zelt,
Fir d’ Sécherheetsguerten hat den Bausch nit genuch Geld.

“Kommt mer spillen, Ech wär Schaffner”, huet den Bausch gesot.
“An Ech dann och”, sot d’ Lydie, “wéint der Fraequot!”
Dunn sot den Etienne, “an Ech sinn Guichet Unique”,
An d’ Closener sot hat wär am léifsten Flic.

Den Bettel tweet: “ulTRAModern #blo Kabinnen”,
De Jang gëtt em alt eng heemlech an d’ Schinnen.
D’ TRAMicale vu Steesel sengt den Feierwon,
An d’ Frontalieren loossen hiren Auto stoen.

Mam Chantier brauch een Nerven wéi TRAMsschinnen,
Eis Commerçanten strahlen wéi zéng Corinnen.
Wien meckeren wëllt, mécht dat beim Guichet Unique,
Oder bei der Justiz, mee dat ass eng aner Clique.

Nom Jangeli, Charly, hei ass dann den Bauschli!
Geseent vum Poopst: “E pericoloso sporgersi.”
An den Donald TRAM kennt souguer op d’ Jungfernfahrt,
Dann gëtt ee gudden GewürzTRAMiner geschmaacht.

An wann iwwer Joer an Dag den TRAM eidel ass,
Sot dann nit Gambia war vum Lämmes gebass!
Oder déi sinn eng Band vun Debütanten,
Nee, den TRAM gëtt dann Wunnengen fir d’ Asylanten.



Wednesday, December 2, 2015

Den Xav, de Jang an déi siwen Zwergen am G9


Ass dat do den Péckvillchen? 
Nee, dat ass den G9 +1. Photo ET





















Den Xav, de Jang an déi siwen Zwergen am G9

Déi béiss Stéifmamm, den Jean-Claude, huet dem Jang gesot:
“Wien ass den flottsten, hunn Ech den Spiegel gefrot.
An dann geet d’ Äntwert mer awer sou op d’ Schlappen:
Ëmmer den Xav, dien wäert mer dat schonn berappen”.

“Elo kënnt en mam G9 vun den klengen Staten,
Dat wär besser wéi dat wat mer bis lo haten.
Amplaz dien klengsten vun den Groussen ze sinn,
Géifen mer dann dien gréissten vun den Klengen ginn!”

“An dat alles ouni dem Jang eps ze soen,
Als Ausseminister stellt een sech do Froen!”
“T’ ass schonn gutt” sot den Jang, “dat do kennt op den Dësch,
Dien huelen Ech elo mat op d’ Kräizerbuch an den Bësch!”

D’ Stéifmamm huet dunn nach séier een Apel vergëft,
An kuckt féckereg am Spiegel no dëser Iwwerschrëft:
"Den Jang an den Xav wëllen sech gutt verdroen,
Se wëllen just mat den klengen Hënn pissen goen."