Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass een schaardegen
Anhinga. Photo Hop Schwyz
|
Mat liichtem Schrëtt koum aus
dem Berner Oberland,
D‘ Rotkäppchen, een Jodel op
der Leps, een Kuerf an der Hand,
Mat Emmentaler Kéis an Schwäizer
Schockela,
Fir den Bréisseler Juncker an
fir d’Angela.
Fir den Empfank stoung den
Juncker do am Schofspelz,
“Simonetta, Du weess nit wéi ‘s
Du mir gefäls!”
“O Bop, Du richs no Tubak!” “Dat
ass mäin Stumpen.”
“An och no Pflümli!” “Dat war
Grappa am Humpen.”
“O Bop, Du bass jo schaardeg,
wou sinn dann Deng Zänn?”
“Ech friessen Dech awer, ouni Zänn
mat den Hänn!”
An do koum eisen GröKaZ (1) op
den Balleren,
Un d’ Simonetta gladderen an
knabberen.
Do koumen den Renert mam Péckvillchen
dohier,
“O fréck” sot den Renert, “Péckvillchen
géi Du vir.”
“ Den Isegrem kann näischt méi
knaen, t’ muss Flësseges sinn,
Mir mussen dem Pätter eng Këscht
Feldschloesschen ginn.”
(1)
Grösster
Kommissar aller Zeiten
No comments:
Post a Comment