Sunday, May 30, 2021

Vademecum fir eng Gender gerecht Genealogie


                           












Péckvillchen Nummero Eent an Péckvillchen Nummero Zwee


Vademecum fir eng Gender gerecht Genealogie

 

Dir Persounen hutt et jo bestëmmt schonn héieren,

Dir musst een ganz neien Vocabulaire elo léieren.

Keng Angscht den Péckvillchen léist Iech nitt am Stach,

Ee Gléck! Säin Wateeméikum stoppt fir Iech dat Lach.

 

Et ass jo och schlëmm, et ginn ëmmer nach Persounen,

Déi Wierder wéi Papp an Mamm express extra betounen.

Dat ass jo nach méi schlëmm wéi mat Diesel ze fueren!

Sou een Ierger kennen mer eis vun elo un spueren.

 

Vun elo un soen mer ganz einfach “mäin Elterendeel,“

Äis Regierung seet op dem Formulaire, dat wär een Befeel.

Een Elterendeel ass dann eben den Nummero Eent,

Deen aneren den Zwee, mee déi zwee sinn sech jo eens.

 

Heiansdo gëtt et vläicht Streit: “O jo, Du muss ëmmer vir,”

“Et ass un mir den Eent ze sinn, schreif Der dat op d’ Stier!”

An den Grousselterendeel Eent seet: “Zu menger Zäit,”

Goufen d’ Saachen nitt esou duerchernaner geheit.”

 

Den Urgrousseleterendeel Zwee sot: “Wat hutt Der gesot?”

An wéi dat dann esou geet an engem gescheeten Stot,

Huet den Stéifelterendeel Eent gesot: “Ech kann den Zwee ginn,

“Och wann Ech den Ersatz fir den Ex-Nummero Eent hei sinn.”

 

Den Grousseleterendeel Eent schwätzt mam Puppelchen:

“An wou ass dem klengen Puppelchen säin Elterendeelchen?”

“Bomi, den Elterendeelchen donnant Naissancelchen?” huet den Puppelchen gefrot.

“Wat d’ Kënnercher awer séier léieren” huet den Grousseleterendeel dunn gesot.

 

D’ Kanner sangen: “Wéi mäin Elterendeel Eent nach hue-uet gesponnen”

D’ Kathedral séngt: “O Elterendeel, léiwen Elterendeel do ue-uewen.”

An do drop: “Léiwen Elterendeel Zwee, Ech weess et net ze soen”.

“Mä dann haalt emol all den Bak” huet den alen Grousseleterendeel dunn gegrommelt.

 

Zu Hollywood an der Filmmacherei läit d’ Konscht um Stierwen,

Well “Mawwerfacker” war jo do eppes wéi een Kulturierwen.

Déi schaffen elo drun fir Elterendeelfacker ze verkafen.

Soss wäert sech hir Konscht geschwënn am Netflix verlafen.