Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee,
dat ass dach eng Kanengchen! Photo Kamasutra
|
Den Werteunterricht gëtt een Erotiks Cours
D’ Trennung vun der Kierch am
Staat goung ouni Trenn Scheif,
Well bekanntlech d’ Kierch an
de Staat, déi trei sech léif,
Net konnten esou einfach
ausenaner goen,
An eis als Stéifkanner am Reen
loossen stoen.
Mir kruten natierlech nach
laang nit alles gesot,
Duerfir huet den Péckvillchen
seng Agenten gefrot:
“ Kuckt emol gutt wat do alles
derhannert stécht,
Wat dien een esou seet, an awer
anescht mécht.”
D’ steet an der Bibliothéik,
mam Bëschof virdrun,
Kuckt, et ass dat rout Buch nieft
sengem rietsen Bak,
Et ass nach laang nit dat
frommsten an senger Tak.
“Kulturgeschichte der Erotik” liest een do,
Am Werteunterricht gëtt dat
eng Examensfro.
Den Péckvillchen huet alt am
Viraus studéiert,
Well hien dien Examen jo nit gär
ratéiert.
Dem Bëschof saïn Buch ass vum
Reay Tannahill,
Schéin illustréiert, well dann
léiert een vill.
Vun taotischem Sex, an Inzest
an Egypten,
An vun Polygamie bei den Sténg
Zäit Mënschen.
Vun griicheschen Dildoën, türkeschen
Eunuchen,
An d’ Homosexualitéit bei den
Azteken.
Een Klassiker, an Wuert an Bild
ganz schéin erkläert,
Esou dass endlech keen d’ Ierfsënn
méi fäert.
Den Péckvillchen mengt et wär
den Poopst selwer gewiescht,
Dien dem Äerzbëschof dat Buch
gouf den leschten Hierscht.
Déi kleng Lëtzebuerger sollen kapéieren,
Nit méi wéi d’ Kanéngercher ze
verkéieren.
Déi kleng Lëtzebuerger ginn
elo manner gehemmt,
Well d’ Katecheten sinn nit méi
erotesch verklemmt.
D’ Kanner schwëtzen elo vun
Hamen an Mamen,
An vun der Erotik, an Éiwegkeet,
Amen.
No comments:
Post a Comment