Thursday, February 13, 2014

D’ Stay Behind kommen aus hiren Lächer


















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat sinn Staats Echelen déi 
d' Mauer bewonneren. Photo: Sécherheets Kamera.

D’ Stay Behind kommen aus hiren Lächer

Am Juncker sengem Gulag huet et sech erëm gesprach,
D’ Terreur ass lo eriwwer, kommt aus ärem Lach.
Se schläichen laanscht d’ Mauer, t’ sinn blatzeg Staatsbeamten,
Zéng Joer keng Sonn, t’ sinn meescht keng Onbekannten.

Do war zwar een, dien souz awer an kengem Schaf,
De Bildgen mécht sech keen Bild, wat ass do gelaf?
Den Här Direkter gouf versat, an dunn versat,
Bis dass en verluer goung, sou schaffen mer beim Staat.

Béis Zongen behaapten, hien wär Paschtouer gewiescht,
Déi géingen vill verdéngen, schaffen awer näischt.
Den Changement de Carrière geet bei uni.lu,
Zwëscht Kierch an Staat gëtt dat awer Mullimuh.

Aner Zongen soen hien war zu Palma verstoppt.
Hien gouf an zwou Verwaltungen zur Sau gemobt,
Mee hätt awer zwou Peien an zwéin Déngschtween krut,
An hätt nach vun véier Joer Vakanz zegutt.

Et feelen him och véier Joer Schäck Röpa,
Duerfir klot hien elo virum Conseil d’ État.
D’ Octavie an den Wiseler sinn awer frou,
Déi kréien seng zwou Plazen an d’ Déngschtween derzou.

Eisen Mann krut eng nei Plaz beim Colonel Ries,
Nom Congé de Maternité, geet emol Rieds.
Do kafen se dann keng Bommen fir d’ Force Publique.
Endlech hunn d’ Bommeleeër een Guichet Unique!



Tuesday, February 11, 2014

Den Spoun neien Spëtzekandidat ass keen Spunt !









































Ass dat do een Spatz oder den Spéckvillchen? Keen Spoun ! Och 
keen Osprey! Dat ass een Spiecht. Photo ET

Den Spoun neien Spëtzekandidat ass keen Spunt !

Spiglein, Du däitscht Blat, wien ass Spëtzekandidat?
D’ Leit son den Ex-Chef vum Spëtzel Déngscht, dien wär dat.
An d’ Spatzen spekuléieren vun den Diecher,
An d’ Spottvullen spannen am ieweschten Späicher.

Wéi et schéngt soll d’ Madame vun Spandau Sponsor sinn,
An dass souguer d’ Spuenier am Spaléier stinn.
D’ Griichen zu Sparta feieren den Spektakel,
An zu Spa kritt en ee Spekulos, an eng Fakel.

Een Spezial Jonggesellen Owend zu Paräis,
T’ gouf Spargel, gespickt mat Speck um Spiiss mat Anäis,
Spéider dunn eng Spiral Spaghetti zu La Spezia,
D’ Spëtzekandidaten sprinten wéi bei der Spora.

Een Spëtzbouf am Spiegel sot, dien spullt sech den Kolli,
Hien géing spritzen and dämpen wéi den Stromboli.
Spiounen stëppelen, t’ geet Rieds iwwer d’ Spatzeg Nenn,
Bis owes spéit sinn se am gaang ze spëttelen.

An esou ginn Spott an Spréch gesponnen am Spendel,
Den Spëtzekandidat ass pickeg wéi eng Spéngel.
Hien drénkt näischt, spréngt an den Euro-Kuddelmuddel,
Vläicht eng kleng Spackelter, mee soss nëmmen Spruddel.