Monday, March 22, 2010

Lëtzebuerg krut den Stoffi vum GAFI.


Hutt Dir déi schonn héieren vum GAFI (1),

Déi man eis Esseg an den Kaffi!

Lëtzebuerg wär eng schéin Schwéngerei,

Soen déi, well et wär eng Wäscherei.


Frot Dir no allen Säi-äi-ten hin,

Jänni a Männi kennt déi Wäschmaschinn.

De belschen Zänndokter bréngt schwaarzt Geld,

D' Selwecht mécht all Näischnotz op der Welt.


D' Lëtzebuerger sinn Expert 'en ginn,

Als Mecano vun der Wäschmaschinn.

Jersey, Guernsey oder d'BVI,

kommen als Geschir bei den Secret dobäi.


Dee Koup Suen ass eng Knupp an der Luucht,

Milliarden sinn op deeër Knupp gespuert.

Frot Dir no allen Säi-äi-ten hin,

Mir wëllen keng Schmëlzerten méi sinn.


D' Noperen déi soen "eis Suen ginn friem."

Dat wär den Lëtzebuerger sou bequem.

Wann mir eis Scheewercher nit behalen,

Sou séier léisst keen seng Steieren falen.


Fir d' Éischt gëtt um Secret bancaire gerappt,

Dann kënnt de GAFI dien op d' Fangeren klappt.

Dien koum mat Recommandatiounen,

Néng a véierzeg deck Kanounen!


O GAFI hal dach deng Lektiounen!

Mir furen virun mat den Milliounen.

Enges Daags sot Dir nach Merci duerfir!

Also fir haut, kiert virun Ärer Dir.


De GAFI sot dat do ass kriminell,

Fuert esou weider dann kommt Der an t' Hell.

Do hëllefen d' Amerikaner,

D' Fransousen an nach ee puer aner.


Déi hunn eng ganz nei Waff erfonnt,

Well haut keen méi deem aneren epps gonnt.

Dat gëtt Justizparadies genannt,

Dier hutt Iech an eng Sack Gaass verrannt.


Iech ass nit ze hëllefen, mat näischt,

De Juncker spillt béis, de Frieden kräischt.

D' Preisen kafen séier een CD,

D' Fransousen sinn och alt do derbäi.


Wann der Däiwel d' Kou huet seet ee Sproch,

Da gitt him roueg d' Källefchen och.

A geet d' Finanzplaatz mol an de Broch,

Geet et de Banken wéi Villeroy Loch.

(1) http://www.fatf-gafi.org/dataoecd/40/7/44655591.pdf