Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass een Hologram dien dernieft gaang ass. Photo ET
|
Een Hologram an der ëmgetippter Béierkëscht
Et mengt een der KPMG hiert
neit Gebai,
Wär gebaut ginn vun der Boufferdéng’
s Brauerei!
Suggestiv, flott, nom Modell
vun der Béierkëscht,
Wien KPMG seet, dien gläich no
Béier glëscht.
Esou een Gebai gëtt natierlech
ageweit,
An duerfir gëtt sech och schéin
an d’ Käschten geheit.
Jenny an Menny sin geruf an
och komm,
Just den Bettel huet gefeelt,
dat goung awer domm!
Mee KPMG ass een groussen Hexenmeeschter,
Op eemol am Sall war alles däischter,
An Hokus Pokus, ass dat den
Michael Jackson?
Nee, t’ ass den Bettel an den
lackenen Schong.
Als Hologram flackert hien an
der Däischtert,
An mat Recht freet hien sech wéi
een klenge Näischtert!
Mee den Péckvillchen gesäit direkt
den Ënnerscheed,
Wann et em t’ Zouknäppen vum
Paltong geet.
Ah jo, lauschtert Dir léif
Leit aus Haut a Schank,
Dien Trick hei huelt Dir roueg
mat op d’ Bank:
Dir knäppt den Paltong vun
lenks no riets,
Beim Hologram ass et ëmgedréint
wéi’ s De fiers.
Do kommen awer elo rechtlech
Froen op.
Soen mer den Bettel als
Hologram hätt keng gutt an der Kopp.
Ass den richtegen Bettel dann responsabel?
Kann hien mat sech selwer streiden
wéi Kain an Abel?
Als Äerzbëschof géing Ech mer
Suergen man.
Well d’ Konventioun mam Staat
geet vläicht an d’ Aen!
Huet Deen dann lo mam virtuellen
Bettel ënnerschriwwen?
Oder mengt Dir meng Angscht wär
iwwerdriwwen?
Eppes Guddes léif Leit wär awer,
stellt Iech vir,
Bei deem Sauwieder geet jo
keen virun d’ Dir!
Wéi wär et wann een fir eng Zäit
d’ Land ausschalten géif?
An et a Florida zréck geschalt géif:
Palmen an Rouden Léif.
No comments:
Post a Comment