Sunday, August 23, 2015

La Présidence danse


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma gewass! Dat ass een Breakdancer. Photo ET / gov.lu























La Présidence danse

Kampf dem Iwwergewiicht

Lo hu mer schonn bal zwéin Méint Présidence gehat,
Mee bis elo huet nach keen sech futti gemat!
“Le Congrès danse beaucoup mais ne marche pas.”
Sot den Charles-Joseph de Ligne um Wiener Blabla.

Eis Dammen an Hären danzen duerch den Summer,
Jiddereen produzéiert seng beschten Nummer.
Den Vogel an d’ Lydie walzen um glaten Äis,
Den Gramegna an den Griich sirtakien em d’ Keess.

Den Transportminister wëllt op all Kiermes danzen,
D’ Ëmgehungsstrooss weiht en an no den Vakanzen.
Soss bleift den alen Bolero, an Juchhee an d’ Hee,
Bauchdanz zu Marrakesch, Kizomba an d’ Polonaise.

Den Jang awer sot: “D’ Présidence ass fir ze laachen,
Dien hei kann nit sinn ouni eppes ze maachen!”
Hip-hop spréngt en an den Suedel an fort e geet,
En danseuse den Ventoux erop, keng Klengegkeet!


De Jang um Sommet.
Dem Lance Armstrong saïn Équipéier John Kerry ass weit hannendrun. 

Mee bei deem sinn 1911 m genau 6269 feet 8 9/32 inches. Dat schléit an d’ riets Been.











No comments:

Post a Comment