Sunday, August 2, 2015

Den Rouden Léiw gouf am Simbabwe ermuert !


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass den Roude Léiw mat engem Consultant! 
Photo ET / Parc National Our Dall.























Den Rouden Léiw gouf am Simbabwe ermuert !

Den Roude Léiw war am Simbabwe an d’ Vakanz,
Hien war do d’ Coqueluche mat sengem dueblen Schwanz.
Do koum een belschen Zänndokter dohier gefuer,
Seng Wierder ginn dem Léiw duerch d’ Häerz ewéi een Buer!

Dien Ekel sot: “Ech man meng Konten bei Iech zou,
Déi ginn elo op Arel, dann sinn déi Weiber frou!”
“O jëmmen an nee” krut den Léiw nach just gebrëllt,
Dunn huet déif Trauer Savane an Dschungel erfëllt.

De Fiisschen krut als éischten d’ Nouvelle vum Tarzan:
Wimboe, wimboe, do war näischt méi ze man,
Wimboe, den Kinnik huet sech lues dohin geluecht,
An wimboe, wimboe, den Zänndokter huet en ëmbruecht!”

De Fiisschen, ausser sech, leeft séier bei den Camille:
“Den Kinnik ass dout, vive den Kinnik, réckelt d’ Still!
Mäin Mononk den Rouden Léif hat jo keng Kanner,
Ech ginn mech hier, honnert Prozent, an näischt manner.”

“Fir d’ éischt kritt den Simbabwe mech ze héieren,
Hir Justiz soll ophalen bei eis ze léieren!
An dann kënnt awer och direkt eng Petitioun,
Op den Fändel kënnt den Roude Léiw mat der Kroun.”

Mee wéi ersetzt een dem Zänndokter seng Konten?
Eis Geldschafferten schaffen un allen Fronten.
An déi éischt Schof vum Qatar goufen geschuer,
“Freck, dat sinn jo Wëllef”, ass et dem Fiisschen entfuer.

Keng Angscht sot d’ BIL, dat sinn keng Wëllef, dat sinn Schof,
Dat sinn Veganer, deenen vertraut een am Schlof.
An esou koum et dann dass erëm enges Daags,
Den Wollef am Ländchen agefouert ginn ass.

Eisen Zänndokter krut Asyl am Simbabwe,
Hien mécht Léiwenzänn fir den schaardegen Mugabe,
An eisen Fuss vun Malpaartes kritt och gehollef,
Den Cam verkeeft Juegdpermieën fir op den Wollef !



No comments:

Post a Comment