Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee do sinn der déi streiden iwwert d’ Kilometergeld.
Photo ET / 113
|
Fir dass den Kilometer een
Kilometer bleift !
Mëtten am Kerschnatz sot den Inneminister:
“D’ Regierong steet voll
hannert dem Kilometer! (1)
Soss stoppt den Pompjee jo um
Wee fir bei d’ Feier,
Den leschten Kilometer géif
eis dann eng deier.”
McKinsey sot jo: “maacht den
Kilometer méi laang”.
“O jo”, sot den Jang TdF, “dann
klaken Ech d’ Pan!
Dann kommen Ech jo ni bis op
den Port Grimaud,
Dat wär d’ Enn vun der
Koalitioun Rout, Gréng, Blo!”
Fir dass den Wësch nit brennt zwëscht
den Parteien,
Fiert een wéi virdrun: fräiwëlleg
ouni Peien,
Mee mat véierzeg Centimë den
Kilometer.
Dann ass et eriwwer mam Aeterpötäter.
Mee am Zukunftspak gëtt beim
Reesen gespuert,
Huelt den Tram wann Der an den
Regierungsrot fuert,
An huelt Der den Déngscht Auto
mol fir an d’ Vakanz,
Kritt Der just drësseg Centime
iwwert déi Distanz.
(1) Rumeuren op den Social Media haten behaapt den Kilometer géif méi laang ginn. De
Minister sot dann wär d’ Land jo ze kleng.
No comments:
Post a Comment