Wednesday, September 2, 2015

Corrida zu Lëtzebuerg


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Reiher dien vun der Päischtcroisière gestéiert gouf. 
Photo: Bauer an Team


















































Corrida zu Lëtzebuerg

Den Stéier vun Osborne war op der Fouer am Stall,
En hat vill Jerez gedronk an ass opgefall.
Hien sot: “Garçon, Ech hätt gären een Haemmelsbrot,
Dien op der Zong vergeet, mat Fritten an Zalot.”

“Dat ass dach Kiermeskascht” huet den Garçon gesot,
“Een Tagliata de boeuf wär een besseren Rod.”
“Du frech Kou, Du frecks” huet dunn den Stéier gebrëllt,
“Eng Frechheet wat dien mer do zerwéieren wëllt!”

Am Restaurant “Am Stall” ass gläich d’ Stëmmung gefall,
“Déi kleng Trei Sei” sinn verschwonn, t’ war keng Méck méi am Stall.
“Nu jee” sot den Bauer, “eng gutt Nouvelle hätt Ech schonn,
Dir hutt d’ Päischtcroisière op Barcelona gewonn!”

“An wann ‘s De nit geess” ass den Stéier opgesprong,
“Dann zéien Ech mer den Bauer mam Team op d’ Long!”
Dunn huet direkt Schmitt Security agegraff,
En mat den Haren geholl, mee en ass fortgelaf.

Zu Mäertzeg ënnerwee fir heem op Osper,
Huet op eemol eng Dame gequiitscht wéi an der Oper,
Eisen Stéier koum sech wéi zu Pamplona vir,
A rennt hannert hirem Mann an och hannert hir.

Den Hemingway ass jo bei Stéieren ni wäit ewech,
Hei kënnt dien mam Auto, den Stéier schréipst saïn Blech.
Ee Gléck, do koum grad dem Routkäppchen saïn Jeeër,
Dien hëlt den wëllen Stéier an den Viséier.

T’ gouf schonn do eng Kou geklaut, lo schéisst een ee Bock.
D’ Juegd op den Fuuss ass zou, mee op fir all Hausdéier.
Dien neien Fuuss ass eben elo een Stéier.











No comments:

Post a Comment