Saturday, August 15, 2015

Den politesch korrekten Hämmelsmarsch heescht elo Schuebermous


Ass dat do den Péckvillchen? Ma jëmmen! Dat sinn Inten 
am Gänsemarsch. Déi trainéieren fir den Hämmelsmarsch. 
Photo: ET / Gaart an Heem





















Den politesch korrekten Hämmelsmarsch heescht elo Schuebermous 

Den Péckvillchen ass een Expert am Hämmelsmarsch,
Hien päift en duerch d‘ Loft dass et schaalt am Summerlach.
Awer beim Sangen vum Text, do schuddert een sech!
Politesch inkorrekt, et ass bal onméiglech:

Een schwaarzen Mann heescht et do, dien frësst Tubak,
D’ Fraen gehéieren an d’ Kichen hannert d’ Tak,
T’ geet keen Wuert op den Quetschenfluet organesch ass,
Wien esou eppes sengt ass dach vum Lämmes gebass!

Den Péckvillchen hëlleft iwwert déi Schmot ewech,
Ma nee, sot duerfir nit Merci, mir bieden Iech!
Hei ass dien neien Text, politesch méi korrekt,
Just dat schlëmmt Wuert “Hämmel” mécht een nach verréckt.

Den Text vum Péckvillchen:

'T ass Earth Day Dag, an eng organesch Gei jéngt an der Gaass,
D‘ Veganer schloen den Takt op engem Mousfaass,
An d’ Hämmel ginn derbäi mat Bios Zeechen un,
D' 
nohalteg Gréng, Rout, Blo, sinn hannendrun,
Sinn hannendrun;

An d ‘Kanner loossen hiren Tofu stoen
Fir deenen Halal Hämmel nozegoen
A spillen genderneutral sou lëschteg d ‘Gaassen an,
Fir all deckt Geméis an der Stad Gluten free ze man,
Gluten free ze man.



Zu Uewerdonven: Hämmelsmarsch ouni Hämmel




An hei ass aus Wikipedia den historeschen Ufank vun deeër Saach mam Originaltext, dien deemools nach salonfäeg war.

Urspronk vum Ëmzuch

D'Traditioun fir virun enger Kiermes Hämmel duerch d'Gaassen ze dreiwen ass am Kader vun der Schueberfouer opkomm. Do gouf et beim Präisschéissen Hämmel ze gewannen an d'Foraine wollten deemno Reklamm fir d'Schéissbude maachen andeems se de Stater Leit hir schéi Präishämmel weise gaange sinn. Dat ass sou gutt ukomm, datt duerno uechtert d'ganz Land d'Kiermes mat engem Hämmelsmarsch agelaut goufen, obschonn et keen Hammel ze gewanne gouf.

D'Musekstéck Hämmelsmarsch

D'Museksstéck Hämmelsmarsch ass eng Volleksweis, dat heescht eng Melodie, deem säin Auteur eis net bekannt ass a vum Vollek iwwer Generatioune iwwerdroe gouf. Aus dëser Volleskweis gouf am 19. Joerhonnert e Lidd wéi de Michel Lentz en Text dozou geschriwwen huet. D'Lidd gouf heefeg ënner dem Numm "Schuebermëss[1] publizéiert (cf. z. B. Anonym 1959: 225). Den Nik Welter ernimmt et 1914 am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum als D'Schuebermess.


D'Lidd

Den Text vum Michel Lentz
1. Stroph
'T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
'T jäitzt eng Clarnett an 't brommt eng schaddreg Baass,
An d'Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;
An d'Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d'Musek as, déi spillt sou lëschteg d'Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.
2. Stroph
D'Leit si gebotzt an si hun hir schéinste Kleeder un,
D'Kamäiner dämpen, d'Kächen, déi sinn drun,
d'Pan an der Fuesend, déi ass nët esou geplot,
Well et ass haut nët genoch mat engem Hämmelsbrot,
A mat Zalot.
An aus der Friemd sinn d'Lëtzebuurger do,
Op d'Kiirmes kommen si vu wäit an no,
'T as aus der Heemecht keen, a wir en iwer d'Mier,
Op de Schuebersonndeg, 't ass gewëss, dann denkt ën hier,
Dann denkt ën hier.
3. Stroph
Hun d'Hämmel dann d'Musikanten d'Neipuert ausgeleet,
Mam Fouermeeschter voll Gléckséilegkeet,
Da sëtzen d'Leit um Dësch mat hire Kirmesgescht,
d'Tell're klënken, jiddereen, deen deet sei meescht, sei bescht,
Sei meescht, sei bescht.
D'Gemitlechkeet, déi schenkt en d'Glieser aan,
An d'Lëschtegkeet, déi blénkt aus allen Aan,
De Quetschekoch, dee schmaacht wéi de beschte Bond,
D'Fra vum Haus as frou, well alle Mënsch e gutt huet fond,
E gutt huet fond.
4. Stroph

An d'Schuebermëss, déi ass dann an hirem volle Glanz;
D'Trompett an d'Gei déi ruffe bei den Danz;
Grouss Schëlter op de Lietsche gi wëll Déieren un,
Wouvun as s'am ofsten nët en Hoor dobannen hun,
Dobannen hun.
Hei weisen si e Riis, dee Sable frësst,
An do e schwaarze Mann, deen Tubak ësst;
All Wonner vun der Welt, déi ka mer hei gesin,
Nëmmen nët e Mensch, deen iech fir näischt géif eppes gin,
Géif eppes gin.




No comments:

Post a Comment